Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer
International Neiegkeeten Stories

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer

Wéi et aus dem Communiqué vun der CGFP ervirgeet, ass

Jubiläum fir e Genozid
International Neiegkeeten Stories

Jubiläum fir e Genozid

Et ass roueg an der Haaptstad vum Ruanda. Een Dag

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!
International Neiegkeeten Stories

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!

Dës läscht souz ech zesumme mat Kollegen op enger Terrasse.

USA-Iran: De Konflikt fënnt längst statt (Erklärung & Analys)

Washington an Teheran stinn net „virun“ engem Krich, deen ass längst eng Realitéit

USA-Iran: De Konflikt fënnt längst statt (Erklärung & Analys)

Bei der Eskalatioun tëscht den USA an dem Iran, zeechent sech en Handfeste Konflikt of. Dat och wann et nach net zur direkter Konfrontatioun komm ass. Déi lescht Nuecht hunn d‘USA op en Neits Stellunge vun der Hezbollahmiliz ugegraff. D‘Ajatollahen an d‘Hezbollah – déi beim Uschlag op de Generol vun den al-Quds Brigaden en ranghéije Kommandant verluer hunn – schwiere Revanche…

IranIranWat dat bedeit a wouhinner et méiglecherweis féiere kann, datt versiche mir iech hei ze erklären. Fir unzefänken ee kuerze Resumé vun de jéngste Virfäll, dann déi lescht Aussoe vu Washington an Teheran, fir mat enger Analys an engem Ausbléck op dat wat komme kann, ofzeschléissen.

Iwwersiicht

Bei engem Ugrëff op eng US-Militärbasis am Irak, war en amerikaneschen Zivilist ëmkomm an e sëllechen Zaldoten si blesséiert ginn. D‘US-Arméi huet doropshi Vergeltungsschléi géint déi vum Iran ënnerstëtze schiitesch Hezbollahmiliz ausgefouert, wou et eng Dosen Affer a vill Verletzter ginn huet. Am Uschloss dorunner sinn „Demonstranten“ an déi gréng Zon vu Bagdad agedrongen, wou wat bei der US-Ambassade zu Ausenanersetzunge komm ass. Als Äntwert dorops, huet den US-President geziilt den iranesche Generol a Volleksheld, Quassem Soleimani, ëmbrénge gelooss.

An der Nuecht op ee Samschdeg hunn d‘USA nees Loftschléi am Norde vu Bagdad duerchgefouert. Hei war nees e ranghéije Member vun der Hezbollahmiliz d‘Zil. Gewosst ass, datt et vill Affer ginn huet, e Bilan läit zur Stonn nach net vir. D‘US-Regierung wëll déi nächst Woch den Deputéierten an engem vertraulechen Treffen iwwert den Uschlag op de Quassem Soleimani informéieren, esou den nationale Sécherheetsberoder an engem Communiqué. De Robert O‘Brien huet dobäi och Teheran ofgerode Vergeltungsmoossnamen anzeleeden. Dat hu se esou am Iran zur Kenntnis geholl.

D‘Iraner hirersäits hunn dem UN-Sécherheetsrot e Bréif geschriwwen, andeem si sech d‘Recht op Selbstverteidegung virbehalen. Teheran erkläert, datt de Mord um Generol Quassem Soleimani en „offensichtlecht Beispill fir Staatsterrorismus“ an eng eklatant Verletzung vun de Grondsätz vum internationale Recht duerstellen. Esou zumindest déi schrëftlech Stellungnam vum iraneschen UN-Ambassadeur Maschid Tacht Ravanchi.

De jéngsten Ugrëff op d‘Hezbollahmiliz

Laut dem irakesche Staatsfernseh huet d‘US-Air Force um fréie Mueren, eng 80 Kilometer nërdlech vu Bagdad e Convoi vun den Hasched al-Schaabi Milizen ugegraff. E Spriecher vun der US-Arméi huet dozou Stellung ergraff a gemengt, et wier him näischt iwwert nei Asätz am Irak bekannt. Déi irakesch Police hirersäits bestätegt d‘Attack a schwätzt vun Doudegen a Blesséierten. Prezis Zuelen an ob „d‘Zil“ vun den Amerikaner „getraff“ gouf, hunn déi irakesch Autoritéiten net genannt.

Dës Attack vun den Amerikaner huet nëmmen e puer Stonne virum geplangten Trauermarsch zu éiere vum Quassem Soleimani an dem Abu Mahdi al-Muhandis (Vizechef vun der Hasched al-Schaabi Miliz) stattfonnt. Haut gëtt et am Irak e Staatsbegriefnes fir den al-Muhandis. Dee soll mat enger Prëssessioun zu Bagdad ufänken a mam eigentleche Begriefnes an der helleger Stad Nadjaf ofgeschloss ginn. Den Ugrëff vun dëser Nuecht dierft net derzou bäidroen, datt dëst „Begriefnes“ ouni „Reiwereien“ verleeft. Washington huet d‘Stëmmung massiv erhëtzt a weess dat och.

Aus dësem Grond hunn d‘Amerikaner annoncéiert, datt nieft de 750 Fallschiermsprénger, déi e Mëttwoch vun engem Stëtzpunkt a Nord Carolina an de Kuwait verluecht goufen, nach emol tëscht 3.000 a 3.500 Zaldoten an d‘Regioun verluecht ginn. Zanter Mee 2019 huet de Pentagon 14.000 Zaldoten an d‘Regioun verluecht. Eigentlech wollt den Donald Trump „seng Jongen“ nees zréck an d‘Heemecht beuerderen, d‘Bedreeung duerch den Iran wier omnipresent, firwat entspriechend Ofwiermoossname missten an d‘Wee geleet ginn. E Konflikt op irakeschem Buedem ass méiglech.

De Milliardär an d‘Ajatollahen

Den Donald Trump, deen sech zur Stonn a sengem Golfclub zu Mar-a-Lago (Florida) ophält huet nach emol betount, datt hie weder e Krich mam Iran, nach e Regimewiessel zu Teheran ustrieft. Et hätt ee gemaach wat néideg war, fir e Krich ze verhënneren. Den Iran misst elo seng Aggressiounen am Noen Oste bäileeën. D‘Ermordung vum Generol Quassem Soleimani wier richteg gewiescht, well dësen den „Terrorist N°1“ war. Dee wier am Begrëff gewiescht Uschléi géint US-Diplomaten an Zaldoten unzeuerdnen an hätt missen neutraliséiert ginn. Seng Terrorherrschaft wier elo eriwwer.

Iran

Teheran wennt eng eppes differenzéiert Rhetorik un, mengt et awer net manner bedreelech wéi den US-President. Esou huet den ieweschten nationale Sécherheetsrot vum Iran den Amerikaner schonn emol verséchert, datt een dëse Mord net géif ongestrooft loossen. „De kriminellen Ugrëff op de Quassem Soleimani ass dee gréisste Feeler deen d‘Amerikaner an der Regioun begaangen hunn a si wäerten de Konsequenze vun dëser Feelaschätzung net auswäiche kënnen. Et wäert zur Vergeltung kommen, dat op der richteger Plaz an zum richtegen Zäitpunkt“, esou de Gremium.

Och de reliéise Leader vun der islamescher Republik, den Ajatollah Ali Khamenei huet den USA Vergeltung ugedreet. Teheran, huet zu éiere vum nationale Volleksheld dräi Deeg Staatstrauer ugeuerdent. Am ganze Land ass et gëschter zu „spontanen“ Demonstratioune géint Amerika a seng Alliéiert komm. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet d‘Acteuren zur Zeréckhaltung opgeruff a gemengt, datt sech d‘Welt kee weidere Golfkrich leeschte kann. Méi awer kann d‘UNO net maachen an den UN-Sécherheetsrot ka beschtefalls eng Resolutioun virleeën, wann iwwerhaapt.

De Krich tëscht USA an Iran

Am August hat déi „International Crisis Group“ drop higewisen, datt d‘Politik vum „maximalen Drock“ säitens den USA an déi dorausser resultéierend Strategie vum „maximale Widderstand“ säitens dem Iran, zu enger Situatioun féiere kéint, déi wéi 1914 um direkte Wee zum Weltkrich gefouert huet. Laut dëser pro-amerikanescher Denkfabrick wier de Mord um Quassem Soleimani, méiglecherweis de Franz-Ferdinand-Moment vum „amerikanesch-iranesche Konflikt“. Dat ass eng verständlech Siicht, trëfft awer net wierklech den eigentleche Punkt.

D‘USA sinn zanter dem unilaterale Réckzuch aus dem Atomofkommes op Konfrontatiounskurs an de „Sträit“ deen dorausser entstanen ass, gëtt längst mat militäresche Mëttel bedriwwen. Woubäi se allebéid schénge beduecht ze sinn, et net zu enger oppener Konfrontatioun kommen ze loossen. An esou gëtt dëse „Krich“ mat ënnerschiddleche Mëttel op ënnerschiddlechen Zäitachse gefouert. De Krich fënnt statt am Jemen, dem Libanon a logescherweis och a Syrien an am Irak. De Golfkrich ass faktesch längst eng Realitéit, déi leedeglech vun der Politik net als Solches bezeechent gëtt.

Elo hu weder d‘Iraner nach d‘Amerikaner Loscht op en „oppene Konflikt“, deen onweigerlech derzou féiere géif, datt d‘USA den Iran missten ugräifen. Den Ajatollah Ali Khamenei huet stänneg virun dëser Situatioun gewarnt, wuel och am Wëssen, datt si dësen net gewanne kënnen. Dat wäert Teheran elo awer net dovunner ofhalen, déi pro-iranesch Milizen an der Golfregioun „anzesetzen“, fir Drock op d‘USA auszeüben. Déi sougenannt „Volleksmobiliséierungseenheeten“ (PMF) am Irak sinn dann och net ze ënnerschätzen. Nom Krich géint den IS sinn dës Milize kampferfaren…

Mam Usproch op de Pëtrol huet alles ugefaangen

Datt Konflikter net iwwer Nuecht entstinn, verlaangt eppes Erklärung, firwat eppes méi wäit muss ausgeholl ginn. Nom 2. Weltkrich sinn an der iranescher Provënz Khusistan staatlech Pëtrolsquellen erschloss ginn, déi d‘Iraner zesumme mat de Briten ausgebeut hunn. D‘Brite waren net ganz esou „éierlech“ firwat de Profit bal ausschliisslech a Groussbritannien gelant ass. Deem huet Teheran 1951 mat der Verstaatlechung vun der Pëtrolsindustrie ee Reedel virgeluecht. Verantwortlech fir dës Decisioun war den iranesche Ministerpresident Mohammed Mossadegh.

Iran

London war geschockt, während d‘Iraner d‘Verstaatlechung vun der Pëtrolsindustrie als Erfëllung vum striewen no nationaler Souveränitéit unerkannt hunn. D‘Amerikaner konnten deem net einfach nokucken an si hunn den CIA beoptraagt sech ëm eng „Reguléierung vum Dissens“ ze këmmeren. Dat huet de Geheimdéngscht erfollegräich hikritt, an esou ass de Mohammed Mossadegh am August 1953 vun der Arméi gestierzt ginn a Washington huet de Schah Mohammed Reza agesat, dee wéi gefuerdert eng repressiv Politik géint déi liberal Oppositioun an d‘Mullahen ëmgesat huet.

Während déi liberal „Kräften“ séier zerschloe waren, huet sech déi „schiitesch Geeschtlechkeet“ lues a lues duerchgesat an ugefaangen sech géint d‘Säkulariséierung an d‘Verwestlechung zur Wier ze setzen. (Wäiss Revolutioun 1963 = de Moderniséierung- an Industrialiséierungsprogramm vum Schah-Regime). Den Ajatollah Ruhollah Khomeini war verhaft ginn an huet aus dem franséischen Exil déi iranesch Revolutioun virbereet. 1979 war hien zréck an huet um 1. Abrëll déi islamesch Republik Iran ausgeruff. An der Folleg hunn déi radikal-reliéis Kräften d‘Land beherrscht.

D‘Roll vum Irak op der Säit vun den USA

D‘Amerikaner goufe regelrecht verjot, wat si eppes „veriergert“ hat an den Iran mat senge reliéise Leader zum Äerzfeind gemaach huet. 1979 hunn D‘USA ugefaangen de Saddam Hussein un d‘Muecht bruecht, wat zum „éischte“ Konflikt mam Iran gefouert huet. D‘USA hunn dem Saddam Hussein Muecht a Räichtum versprach, wann hien den Ajatollahen den Dicks géif béien. Am September 1980 huet dësen néng Divisioune géint den Iran an den Asaz geschéckt. E Krich deen net ze gewanne war an 1988 op en Enn gaangen ass. Zu dësem Zäitpunkt war den Irak faillite.

Washington hat zwar och déi eegen Ziler net erreecht, mee d‘USA hu masseg Profit aus dem iranesch-irakesche Krich geschloen. Den Irak deen nach 1979 Reserven an Héicht vu 35 Milliarden US-Dollar hat, stoung op emol mat iwwer 80 Milliarden US-Dollar Schold do. Nach ëmmer vun den Amerikaner an anere westleche Staaten ënnerstëtzt, huet de Saddam Hussein am Kontext vun der „Anfal-Operatioun“ 180.000 Kurden ofgeschluecht. Den Héichpunkt vum „interne“ Konflikt huet sech mam Gëftgas-Ugrëff op Helepce zougedroen, wat „d‘Kaarten“ nei gemëscht huet.

Den Irak war op der Sich no Geld a well een dat net dem Iran ofhuele konnt, seng Scholden awer sollt zréckbezuelen, huet de Saddam Hussein de Kuwait ugegraff, wat him vun den USA net erlaabt gi war, an esou vun engem Ament op deen aneren zum „Feind“ avancéiert ass. 1991 koum et dann zum zweete Golfkrich. Zanterhier sinn d‘Amerikaner „selwer“ op der Plaz a wëllen an der Regioun eng Demokratie no amerikaneschem Muster aféieren. Dat beweist allerdéngs wéi wéineg Ahnung si vun der Kultur an der Denkweis vun de Leit an der Regioun hunn, egal ob Schiiten oder Sunnitten.

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Hezbollah, Irak, Iran, Krich, Quassem Soleimani, Schiiten, Terror, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel