Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?
International Neiegkeeten

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?

Wann den nationalkonservative Premier vun Israel am Wahlkampf ass, kann

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!
International Neiegkeeten

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Nodeems um vergaangene Sonndeg de Sarg vum Groussherzog Jean an

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser

Et geet viru mat den Aktiounsdeeg, déi ronderëm d’Thema Natur

USA: De Klimawandel bedreet d‘Wirtschaft

USA: De Klimawandel bedreet d‘Wirtschaft

De Klimawandel huet schonn en Impakt op d‘US- an d‘Weltwirtschaft. Seng Konsequenze kënnen sech nëmme verschlëmmeren, wa keng drastesch Moossnamen ergraff ginn, fir den Ausstouss vun Zäregasen ze reduzéieren. Esou geet et aus engem Regierungs-Rapport ervir, deen e Freideg verëffentlecht ginn ass.

„Vun elo bis zur Halbzeit vum Joerhonnert, kéinten d‘Perten an den USA, déi mam Klimawandel verbonne sinn, honnerte Milliarden erreechen“, heescht et am leschten „National Climate Assessment“, eng Bewäertung déi vum US-Kongress Mandatéiert ginn ass, a vun iwwer 300 Wëssenschaftler redigéiert gouf.

„Ouni substantiell Efforten, fir de Klimawandel op globalem Niveau ofzeschwächen, an Upassungen op regionalem Niveau, wäerten amerikanesch Infrastrukturen an de wirtschaftleche Wuesstem nach an dësem Joerhonnert, ëmmer méi vum Klimawandel betraff sinn“, behaapten d‘Auteure vum Rapport.

„D‘Konsequenze vum Klimawandel iwwert eis Grenzen eraus, schléit sech op eisen Handel an d‘Wirtschaft. Hei notamment d‘Präisser vum Import an Export, wéi och all déi Entreprisen, déi Investitiounen a Approvisionnement-Ketten am Ausland ënnerhalen“, steet als Warnung an dësem iwwer 1.000 Säite staarken Dokument.

Et muss en dann awer och drun erënneren, datt den Donald Trump, deen de Klimawandel als „Witz“ bezeechent huet, hat kierzlech de Rapport vum leschte Joer a Fro gestallt. Eng Etüd där hir Conclusioun war, datt de Klimawandel Reell ass a vu Mënschenhand verursaacht gëtt. Dat Wäisst Haus hat der Verëffentlechung vum Rapport dann awer zougestëmmt.

Temperature klamme Weltwäit, an de Problem ass säit Joerzéngte bekannt. Wëssenschaftler gi mëttlerweil dovunner aus, datt et eigentlech e kompletten Emissiounsstopp misst ginn, just fir déi aktuell Entwécklung „opzehalen“. Am Rapport „National Climate Assessment“ sinn elo d‘Folge fir d‘Wirtschaft genannt ginn…

mat AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Klimawandel, National Climate Assessment, US-Kongress, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel