Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Numm vun der Meenungsfräiheet!
dating sites in nice france for honor endless matchmaking

best application dating app

De Rapper „Turnup Tun“, dee bekannt ass seng Wierder net

asian dating sites in sydney
dating sites in nice france for honor endless matchmaking

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun

Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen
dating sites in nice france for honor endless matchmaking

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen

En Donneschdeg huet d‘Trump-Regierung ugekënnegt, alle Migranten déi net legal

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer

Den Donald Trump réit de Kritiker och ze goen

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer

Hien hat et annoncéiert an ugeuerdent: den US-President wëll net registréiert Migranten aus dem Land verweisen, an déi éischt Razzien huet et scho ginn. D‘Moossnam déi offiziell eréischt ob dësem Méindeg sollt ëmgesat ginn, ass schonn um Samschdeg vu Police an Douane lancéiert ginn.

Dat d‘Police an d‘Douane (ICE) dem Donald Trump säin Uerder schonn e Samschdeg ëmgesat hunn, datt huet de Buergermeeschter vu New York, Bill de Blasio, via Twitter bekannt gemaach. Hien huet zugläich d‘Leit drop higewisen datt si Rechter hunn. De Buergermeeschter hat am Virfeld däitlech gemaach, datt New York net mat der ICE kooperéiere wäert a stäipt sech géint d‘Mesure.

illegal

Fir de Bill de Blasio ass datt ganzt eng „politesch Moossnam déi zum Zweck huet d‘Bierger an Amerika dovunner ze iwwerzeegen, datt d‘Migranten de Problem sinn“. Et dierft hien also erfreet hunn, datt d‘Razzien, déi an de Quartiere Sunset Park (Brooklyn) an Harlem näischt bruecht hunn.

Eng administrativ „Omerta“

Interessant ass de Fait, datt entgéint dem Donald Trump, d‘Autoritéiten sech „éischter zréckhalen“. Esou huet de Chef vun der Administratioun fir Awanderung an Auslänner USCIS, Ken Cuccinelli, ob Nofro gemengt, datt hien sech am Bezuch op d‘Razzien net zu operativen Detailer äussere kéint.

Woubäi de Ken Cuccinelli net versteet, firwat dës Aktioun iwwerhaapt vun de Medien opgegraff gëtt. Schliisslech géife Verhaftungen an Ausweisunge vun illegale Migranten zu hirem Alldag gehéieren. Den USCIS-Chef versicht eng concertéiert Aktioun, déi gläichzäiteg an zéng Groussstied stattfënnt, als de normalen „Alldag“ ze beschreiwen, a wonnert sech dat dann nogefrot gëtt…

illegal

Et dierft him awer bekannt sinn, datt den Donald Trump am Juni vu Milliounen Ausweisunge geschwat huet. An och wann sech déi ganz Aktioun schlussendlech op „2.000“ begrenze sollt, esou sinn dës Razzien alles, ausser eben den Alldag. Zudeem gëtt et widderspréchlech Informatiounen.

Wéi et geduecht war

Wann sech den Donald Trump elo drop behaapt, datt de Fokus vun der Aktioun géint Krimineller geriicht ass, esou ass gewosst, datt hien sech allem entleedege wëll wat illegal an d‘Land agereest ass. Et geet also net nëmmen ëm Persounen déi vun engem Geriicht zur ausrees veruerteelt goufen.

D‘Agente vun der ICE kéinten sech esou och u Famillje vergräifen, déi schonn zanter Joren am Land liewen, e Betrib an/oder Eegentum hunn an deenen hir Kanner an den USA gebuer goufen an hei och an d‘Schoul ginn. Mat ee vun de Grënn firwat sech de Protest erweidert. E Freideg hat de Milliardär nach uginn, datt sech vill Buergermeeschter un hie gewannt an d‘Razzie gefuerdert hunn.

illegal

Vun de Buergermeeschter gëtt dat net bestätegt an déi meescht gesinn d‘Aktioun mat kriteschen Aen. Déi demokratesch Buergermeeschtesch vu Chicago wëll net datt d‘Leit an Angscht liewen, an och hire republikaneschen Homolog vu Miami kann deem ganzen näischt Positives ofgewannen.

Onmanéierlech mécht sympathesch

Datt den Donald Trump am Wahlkampf ass, an dësen net mat Frëndlechkeeten oder Manéieren ze gewannen ass, féiert zu abstrusen Aussoen. Esou ass gëschter dem US-President seng kontrolléiert Misogynie nees aus de Fuge geroden, wéi hie sech direkt un d‘Demokratinne geriicht huet.

Via Twitter huet hien de „progressiven Demokratinnen“, déi hir „Wuerzelen“ a Länner hunn där hir Regierungen „korrupt an onfäeg“ sinn, geroden nees zréck an hir Heemecht ze goen. Diplomatie ass eben „Männersaach“ an kee Mënsch op der Welt beherrscht dës Konscht besser wéi den Donald Trump. An och wann et verwonnert, seng rabiat Aart a Weis kënnt bei senge Supporter gutt un.

illegal

D‘Spriecherin vum Senat, Nancy Pelosi (D) stellt fest: „Mat dëser Aktioun beweist de President, datt et säin Zil ass, Amerika nees wäiss ze maachen. (…) Amplaz Membere vum US-Kongress unzegräifen, sollt hie sech fir eng human Awanderungspolitik asetzen déi eis Wäerter reflektéieren“.

mat indymedia/nyc

Ähnlech Sujeten Donald Trump, ICE, Illegal Migratioun, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel