Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“
International Neiegkeeten WTF

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“

D‘CSV hat zur Erëffnung vun der Sëtzungswoch eng Aktualitéitsstonn am

Strukture fir Refugiéeën: Zäit e klenge Punkt ze maachen
International Neiegkeeten WTF

Strukture fir Refugiéeën: Zäit e klenge Punkt ze maachen

De 25. Juli huet den CSV-Deputéierte Paul Galles vun der

D‘USA erhéijen Douanestaxen op Wueren aus China
International Neiegkeeten WTF

D‘USA erhéijen Douanestaxen op Wueren aus China

Et gëtt den Ament wuel nach verhandelt, mee déi vum

surprise

USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen

USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen

Gigantesch Manifestatiounen an den amerikanesche Groussstied a Retour vun de rosa Mutzen: de Marsch vun de Fraen, deen den Donald Trump virun engem Joer erausgefuerdert, huet sech ee Samschdeg gestäerkt zréckgemellt, gedroe vum Mouvement #Metoo an de „Mid-Term“ Walen am November.

Et gëtt elo wuel kee globale Chiffer fir déi sëlleche Manifestatiounen an de Groussstied, wourënner Washington, Philadelphia, Boston oder Denver. Vill vun hinne Bastioune vun den Demokraten, déi am November 2016 géint den Trump gewielt hunn.

Déi gréisste Manifestatioun hätt zu Los Angeles stattfonnt, wat ofzeleeden ass aus dem Tweet vum demokratesche Buergermeeschter Eric Gercetti, an deem vu 600.000 Demonstrante rieds ass. Deen eppes „méi konservative“ Sheriff vun der Grofschaft Los Angeles, huet sengersäits nëmmen 300.000 Leit bei der Maniff „gesinn“. Am leschte Joer wieren et 750.000 Mënsche gewiescht, déi sech der Manifestatioun ugeschloss hunn.

Zu New York huet d‘Police, déi iwwer zéng Haiserbléck laanscht Central Park verdeelte Manifestanten, op 200.000 geschat. Vill vun de Fraen hunn déi emblematesch rosa Mutz, vum Anti-Trump Marsch am leschte Joer, ugehat. Laut der Washington Post, haten 2017 iwwer 3 Millioune Leit uechtert d‘Land um Protest deelgeholl.

Kënschtler op viischter Front

A verschidde Stied waren d‘Staren an d‘Sonn um Rendez-vous: de Realisateur Rob Reiner huet vu Kalifornien aus e „rassisteschen“ a „sexistesche“ President denoncéiert, während d‘Actrice Whoopi Goldberg zu New York, an d‘Natalie Portman zu Los Angeles dem Mouvement # Metoo hir Ënnerstëtzung ausgeschwat hunn.

Mat engem Appell zur „Revolutioun vun der Loscht“ huet d‘Natalie Portman d‘Manifestanten an de Bann gezunn, an ënnerstrach datt „d‘lescht Joer hu mer vum Ufank vun enger Revolutioun geschwat (…) haut ass d‘Revolutioun dank Ärer ugelaf“.

Marsch

D‘Message vun de Manifestanten zu Los Angeles waren esou ënnerschiddlech wéi d‘Leit selwer. Awer gemeinsam waren sech eens, datt den Donald Trump muss d‘Muecht entzu kréien. © Chelsea Guglielmino/Getty Images/AFP

D‘Heather Arndt (44) eng Artistin déi zu Los Angeles manifestéiert huet, war opbruecht, well den Donald Trump trotz „sengem Ëmgang mat de Fraen“ konnt gewielt ginn. „Ech wëll datt hie weess, datt mir eng staark Muecht sinn an dat ännere wäerten“. Um Sundance-Filmfestival hunn d‘Manifestante, ugefouert vum Jane Fonda, der Keelt an dem Schnéi getrotzt fir ze protestéieren.

Vill (gutt) Grënn fir ze manifestéieren

Iwwert den #Meetoo eraus, konnt een op de Plakater vun de Manifestanten, déi an enger geléister Ambiance, oft mat de Kanner a Frënn, defiléiert hunn, déi ënnerschiddlech Grënn vun hirer Oppositioun dem Trump géintiwwer liesen.

D‘Verhäertung vun der Migratiounspolitik, d‘Bedreeung vum Schwangerschaftsofbroch, mee och déi flagrant Inkompetenz vum US-President ware Géigestand vum Protest. Op engem Plakat dann de Sproch: „Wann ee sech e Clown wielt, kritt een en Zirkus“.

„Wou soll een ufänken? Et gëtt esou villes wat net geet, ech ka keng Wiel treffen“, esou d‘LeighAnn Ferrara, eng Mamm vu 35 Joer, zu de Beweeggrënn, déi si zesumme mat zwou Nopeschen, motivéiert huet aus dem Norde vum Staat New York, zu der Manifestatioun ze kommen. Och déi dräi Fraen haten hir rosa Mutzen aus dem leschte Joer nees mat derbäi.

A während d‘Manifestante massiv d‘Politik vun der Trump-Administratioun kritiséiert hunn, huet den US-President sech beméit déi „positiv“ Saachen ervirzehiewen an esou en Avantage aus der Protestbeweegung erauszehuelen. Wéi gewinnt huet den Donald Trump dat via Twitter gemaach.

Esou huet hien an enger Kuerznoriicht dozou encouragéiert ze defiléieren „fir déi historesch Reussitten a wirtschaftlech Erfolleger vun de leschten 12 Méint ze zelebréieren“. E groussen Akzent huet den Donald Trump gesat mat: „Niddregste Chômagetaux bei de Fraen zanter 18 Joer“.

An eis Korrespondentin huet zu New York och tatsächlech ee fonnt, deen uginn huet fir den US-President ze manifestéieren. Den Dion Cini huet däitlech gesot, datt hien op d‘Strooss gaangen ass „fir de President ze ënnerstëtzen“ an den éischte Gebuertsdag „vun der Operstehung vun en USA dank senger Victoire“ ze feieren.

Am allgemengen awer éischter géint den Trump

Bei de Manifestatiounen hunn d‘Ausnamen awer d‘Reegel bestätegt. D‘Mënschemassen déi esou uechter d‘Stroosse gezu sinn, ware dem Locataire aus dem Wäissen Haus net frëndlech gesënnt, a sinn determinéiert sech fir d‘Mid-Term Walen am November ze mobiliséieren. Si wëllen dozou bäidroen, datt d‘Demokraten nees d‘Majoritéit am Kongress erhalen.

Marsch

An alle grousse Stied vun den USA dat selwecht Bild (hei New York), an een ze fannen dee sech fir den US-President staark gemaach huet, war déi spréchwiertlech Sich vun der Spéngel an der Heebotte. © John Lamparski/Getty Images/AFP

„De Marsch vum leschte Joer hat schonn d‘Erwaardungen iwwertraff“, esou d‘Vitessa Del Prete (51) déi zouversiichtlech op d‘Wahlen am November bléckt, well de Mouvement gutt ënnerwee wier. D‘Ex-Zaldotin huet mat hirer Duechter, am Wonder-Woman, respektiv Super-Woman-Dress, zu Washington manifestéiert.

„D‘Zil vun dësem Dag ass et honnert dausende Wieler uechter ganz Amerika ze enregistréieren“, esou d‘Marion Nowak (71), déi matten am Cortège zu New York d‘Leit opgeruff huet sech séier an d‘Wahllëschten anzedroen. De Marsch vun de Frae soll um haidege Sonndeg a weidere Stied, notamment Las Vegas, virugefouert ginn. Manifestatioune soll et och an Europa ginn, esou beispillsweis zu Berlin.

mam Véronique Dupont an dem Catherine Triomphe zu New York/AFP

Foto: De Marsch vun de Frae (hei zu Los Angeles) hat Plazeweis vill vun engem kulturellen Happening. Dobäi ass et de Manifestanten eescht, an et gëtt fir dann och nëmmen eng Optioun, den US-President aus dem Amt joen. © Chelsea Guglielmino/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten #metoo, Donald Trump, USA, Women's March
Nächsten Artikel Virrechten Artikel