Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Obamacare: Republikaner ginn d’Gesetz einfach net lass
Fail International Neiegkeeten

Obamacare: Republikaner ginn d’Gesetz einfach net lass

Am Kongress haten d‘Republikaner gëschter nach déi allerbeschte Laun an

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!
Fail International Neiegkeeten

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!

De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela
Fail International Neiegkeeten

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela

Knapps datt de Sozialist Nicolas Maduro nees als President vum

dislike

USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid

USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid

Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun der Agrochemie huet am Arkansas politesch Réckendeckung erhalen, fir e weider kontroverséiert Herbizid massiv dierfen anzesetzen. Besser nach: de Legislateur huet sech iwwert d‘Recommandatioune vun der eegener Administratioun ewech gesat. D‘Notzung vum Herbizid gëtt deemno net ageschränkt.

An eigentlech hätt et missen anescht kommen. D‘Agence déi d‘Handhabung vun de Pestiziden an dësem amerikanesche Südstaat reguléiert, hat sech nach Ufank November op e Verbuet vum „Dicamba“ – e Koseng vum Glyphosat – tëscht dem 16. Abrëll an dem 31. Oktober festgeluecht. Dat well gréisser „Problemer“ während dem Summer enregistréiert gi sinn.

D‘Notzung vun dësem Herbizid war tatsächlech enorm héich, nodeems Monsanto Soja-Som a Kotteng-Som op de Maart bruecht huet, déi genetesch esou verännert gi sinn, datt se den Herbizid erdroen. De Misär ass allerdéngs, datt sech den „Dicamba“ och tendenziell op de Nopeschfelder ausbreet.

Dat gëllt dann iwwregens och fir déi nei Formelen – vu Monsanto, BASF an DowDupont ausgeschafft – déi manner „Volatil“ solle sinn. D‘Folleg dovunner: massiv Reklamatioune, besonnesch eben am Arkansas. Mee dat ass engem Comité vum Kongress vum Arkansas zimlech egal, well deen huet d‘Recommandatioune verworf, mam Hiweis, se sollten sech dem Sujet nach emol ënner Berécksiichtegung op „wëssenschaftlech Beweiser“ unhuelen.

Keng Anung, awer dovunner vill

Wann ee scho keng Anung huet, an sech eenzeg op den Hiersteller verléisst fir eng Entscheedung ze huelen, da sollt ee wéinstens maache „wéi wann“. Esou huet dann dësen ominéise Comité och der Agence geroden, ze differenzéieren. Dat tëscht dem Norden an dem Süde vum Staat, mat Berécksiichtegung vun den ënnerschiddlechen Temperaturen an der Loftfiichtegkeet.

Fir Monsanto ass dës Entscheedung reegelrecht e Kaddo. „Et ass e Schratt an déi richteg Richtung“ begréisst géintiwwer der AFP de Scott Partridge, verantwortlech fir déi global Strategie vu Monsanto. Et ass dat eng „Entscheedung, déi en däitleche Message un d‘Landwirte vum Arkansas riicht“, déi elo vun héchster Säit Bescheed gesot kréien, datt si dëse Pestizid brauche.

D‘Händler vum „Dicamba“, haaptsächlech Monsanto a BASF, wëllen dann och wëssen, datt et nëmmen un der schlechter Handhabung duerch d‘Landwirt geleeën ass, datt sech dësen Herbizid och op „aner“ Felder ausbreet. Si versécheren, datt een dësem Problem ka meeschter ginn, wann een de Leit eng entspriechend Formatioun gëtt.

Vill Geld, vill Meenung

Mat der „Formatioun“ allerdéngs schéngt et net gedoen, woubäi dat an den USA ëmmer eppes ass, dat ee sollt mat Virsiicht genéissen. Wëssenschaftler a Landwirt, déi dem „dicamba“ elo net „esou no stinn“ werfen dem Produkt seng eegen Eegenschafte vir. Et wier bekannt, datt sech den Herbizid ënner besonneschen Ëmstänn „ganz gutt verbreede kann“. Dat Notamment wann et waarm a fiicht ass, wou de Produit an de Gaszoustand iwwergeet a vun der Loft weidergefouert gëtt.

D‘Debatt ëm den „Dicamba“ am Arkansas gëtt vu ganz Amerika observéiert. Datt besonnesch a Relatioun mat de Recommandatiounen déi vun der Agence virgeluecht goufen. Déi Recommandatioune ware maassgeeblech fir d‘Staaten: Missouri, Nord-Dakota a Minnesota, déi ugekënnegt oder scho Mesuren ergraff hunn, deen d‘Notzung vum Pestizid beschränkt. Zumindest während enger Partie vun der Saison

Foto: De Landwirt Perry Galloway mat sengem Plakat „Landwirt brauchen Dicamba“. Dobäi geet et hei net ëm de méiglechen Ëmweltschued, mee eenzeg ëm de Rendement, also de Profit. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Arkansas, BASF, DowDupont, Herbiziden, Monsanto, Pestiziden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel