Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pornostar Stormy Daniels soll dem Donald Trump 20 Milliounen US-Dollar bezuelen
International Neiegkeeten

Pornostar Stormy Daniels soll dem Donald Trump 20 Milliounen US-Dollar bezuelen

De perséinlechen Affekot vum US-President, Michael Cohen, behält sech d‘Recht

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet
International Neiegkeeten

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet

Et kann ee soe wat ee wëll, mee dem Donald

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
International Neiegkeeten

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden

Den Trump versprécht datt déi Alliéiert net méi vun den USA profitéiere wäerten

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden

E Méindeg huet den US-President versprach, datt déi Alliéiert net méi vun den USA profitéiere wäerten, an huet säin ex-Verdeedegungsminister Jim Mattis mëssbëllegt, dee sech géint en Ofzuch vun den amerikaneschen Zaldoten aus Syrien agesat hat, dee vum Donald Trump beschloss gouf.

„Un d‘Adress vun ee puer Senateuren déi mengen ech wier net gäre mat anere Länner alliéiert, si hunn onrecht, ech hunn dat gären“, esou den Donald Trump via Twitter. „Dat wat et net gären hunn, dat ass wann en grouss Zuel vun dëse Länner vun hirer Frëndschaft mat den USA profitéieren. Dat esouwuel bezunn op de militäresche Schutz wéi op den Handel. (…) De Generol Mattis huet dat net als Problem erkannt, ech schonn. An elo gëtt dat gereegelt“.

D‘Ukënnegung déi amerikanesch Truppen aus Syrien ofzezéien, huet op der internationaler Bühn an och an den USA fir Geknouters gesuergt. Als éischt huet den Jim Mattis d‘Handduch geworf, kuerz drop huet och den US-Emissär fir déi international Koalitioun, Brett McGurk, der Trump-Politik de Réck zougewennt a seng Missioun, déi eigentlech eréischt am Februar op en Enn gaange wier, virzäiteg opginn. Et wier net méiglech ënner esou Ëmstänn ze schaffen.

A senger Kënnegung hat de Pentagon-Chef de Milliardär „nei zentréiert“ an dësem versicht eng leschte kéier ze erklären, datt ee seng Alliéiert mat Respekt behandelt. Dat ouni explizit op den Dossier „Syrien“ anzegoen, bis op d‘Erwänung vun der internationaler Koalitioun géint d’Dschihadiste vum Islamesche Staat (IS), als Beispill fir de Sënn an Zweck vun Allianzen.

Kritik aus dem eegene Lager

E Sonndeg huet de republikanesche Senateur Bob Corker – dee reegelméisseg um US-President eppes auszesetzen huet – de Réckzuch aus Syrien kritiséiert. „Ech sinn traureg fir eist Land, ech traureg iwwert déi getéitschte Relatioune mat Länner déi eis zur Säit gestanen hunn“ esou säi Kommentar op CNN.

De Senateur Lindsay Graham – deen dem Trump nosteet – war och net zaart mat sengem Chef ëmgesprongen, hat seng Entscheedung schaarf kritiséiert. Mee hie krut sech nees berouegt, an huet sech e Méindeg nees hannert den US-President gestallt a war op eemol der Meenung, datt „sech mat der Tierkei ze associéiere fir den Islamesche Staat ze zerstéieren, an esou de Schutz vun de Kurde sécherzestellen, déi mat vill Courage gekämpft hunn, datt ass e grousse Sig“, huet hie getweet.

Him ass anscheinend net – a säin Tweet war och zimlech exklusiv den Amerikaner virbehalen – bewosst, oder vläicht wëll hie der internationaler Communautéit och nëmme Sand an d‘Ae streeën, datt dat éischt wat d‘Tierkei mécht wann d‘USA ofgezu sinn, a Syrien anzefalen an d‘Kurden, grad d‘Kämpfer vun den YPG, ausläsche wäert. Dat ass dem Tayyip Recep Erdogan säin erkläerten Zil, den Islamesche Staat bekämpfen, datt war fir Ankara ni eng Prioritéit, ganz am Géigendeel.

An dësem Kontext huet de franséische President, Emmanuel Macron, e Sonndeg bedauert, datt mat esou enger déifgräifender Entscheedung, den Donald Trump d‘USA als wéineg vertrauenswierdeg presentéiert: „En Alliéierte muss zouverlässeg sinn, sech mat senge Partner ofschwätzen. Alliéiert ze sinn, heescht Schëller u Schëller an de Kampf goen“. Dat interesséiert den Donald Trump séier wéineg, hien huet Hellegowend a Groussbuschstawen „AMERIKA GETT NEES RESPEKTÉIERT“getweet.

mat AFP

Foto: Den Donald an d‘Melania Trump hunn an der National Cathedral zu Washington un de Metten zu Chrëschtdag deelgeholl. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Alliéiert, Brett McGurk, Donald Trump, islamesche Staat, Jim Mattis, Kurden, Syrien, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel