Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt
International Neiegkeeten

https://moien.lu/is-tinder-really-a-hookup-app/

Se si veriergert, jo scho richteg rosen: déi CSV-Deputéiert, Laurent

free australian asian dating site
International Neiegkeeten

D‘ASTI net vun der neier Verfassung begeeschtert

Am Juni 2018 hu Regierung a Volleksvertrieder déi „endgülteg Fassung“

dislike
Kee Recht op Selbstbestëmmung fir de Kurdistan
International Neiegkeeten

Kee Recht op Selbstbestëmmung fir de Kurdistan

Mat enger „Blockade“ déi iwwert den irakesche Kurdistan verhaange ginn

USA: Nationalen Noutstand ?

Fir seng Mauer ze kréien, geet den Donald Trump op dat äusserst

USA: Nationalen Noutstand ?

Op e neie Shutdown wollt et den US-President dann awer net ukomme loossen, an huet gëschter mat vill Widderwëllen d‘Budgetsgesetz ënnerschriwwen. Nom Senat ass den Haushalt uschléissend och am Representantenhaus ugeholl ginn. Goss fir dem Donald Trump seng Mauer, war net dran.

Wéinst dem Donald Trump senger onëmstéisslecher Begier no enger Mauer op der mexikanescher Grenz, an deem doduerch entstane Sträit mat den Demokraten, war et zum längste Shutdown an der nach jonker amerikanescher Geschicht komm. Dat wollt een am Wäissen Haus dann net nach emol de Leit undoen, an well den US-President jo nach Optiounen huet, ass et zur Ënnerschrëft komm.

Laut der Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Sanders, gëtt den US-President esou gezwongen den nationalen Noutstand ze erklären, wat och an de Reie vun de Republikaner net wierklech mat engem gudden A gesi gëtt. Esou huet de Mitch McConnel nach virun e puer Deeg an dësem Schratt e geféierleche Prezedenzfall gesinn. Eng Moossnam mat där een net liichtfankeg ëmgoen dierft.

De Fraktiounschef vun de Republikaner huet ugedeit, datt wann et esou einfach geet, dat esouwäit kéint féieren, datt en demokratesche President vun dëser Optioun kéint gebrauch maachen, fir beispillsweis den Zougank zu Waffen no engem Schoulmassaker anzeschränken. A wien sech um Amerikaner sengem Waffeschaf vergräift, muss en Däiwel, oder mindestens e Kommunist sinn.

Keng „Klacken“

Allerdéngs huet de Mitch McConnel net dat néidegt Réckgrat fir dem Chef d‘Stir ze bidden, och wann et aus den eegene Reie genuch Ënnerstëtzung ginn hätt. D‘Fraktioun am Kongress ass da folgerichteg genéidegt, déi vum President annoncéiert Noutstandserklärung matzedroen. Elo wier et awer vermooss ze behaapten, et wier nees de Milliardär, deen nei Weeër géif beschreiden.

Aner Presidenten hu virum Donald Trump den nationalen Noutstand deklaréiert – esou de Barack Obama wéinst der Schwéngsgripp – mee kee President huet dësen Ausgeruff, fir de Bausecteur ze fërderen. Et kënnt och net zum „Ausnamezoustand“, kengem ginn d‘Grondrechter entzu… Zudeem stellt sech d‘Fro ob et „legal“ ass mat enger Noutstandserklärung de Kongress ze iwwergoen.

Noutstand

D‘Demokratin Nancy Pelosi, Presidentin vum Representantenhaus, déi sech wuel zefridde gewisen huet, datt den Haushalt, esou wéi vum Kongress ausgeschafft kann ugeholl ginn. Wat d‘Mauer zu Mexiko ugeet, do stellt si kloer, datt et näischt mat engem Noutstand op sech huet. Sollt sech den Donald awer genéidegt fillen dees auszeruffen, wier ee gezwonge juristesch Mëttel opzewennen.

Am US-Senat ass an der Tëscht de Pläng fir zousätzlech statesch Ofspärmëttel un der Grenz (Zonk) opzestellen zougestëmmt ginn. Mat 83 zu 16 Stëmmen en däitlecht Resultat. E puer Stonnen drop, huet och d‘Representantenhaus mat 300 zu 128 Stëmmen d‘Pläng ugeholl. Am Budget sinn also nach ëmmer 1.375 Milliounen US-Dollar fir de Bau vun enger „Grenzanlag“ festgehale ginn.

mat indymedia/was/nyc

Ähnlech Sujeten Budget, Donald Trump, Mitch McConelll, Nancy Pelosi, nationalen Noutstand, Shutdown, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel