Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint
International Neiegkeeten

Den ACL kënnt de Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit entgéint

Den Automobilclub zu Lëtzebuerg ass innovativ a fortschrëttlech. Mat engem

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“
International Neiegkeeten

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“

Ass et Absicht oder nëmme schlechte Wëlle vum Educatiounsminister? Dës

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?

Zënter Dezember 2017 huet eis Stad erëm en Tram. Mee

USA: Nei Sanktioune géint Russland

D'Begeeschterung an Europa ass net grouss

USA: Nei Sanktioune géint Russland

Déi niddreg Kummer vum US-Kongress huet en Dënschdeg bal eestëmmeg nei Sanktioune géint Russland gestëmmt. Mesuren déi net nëmme Moskau irritéiere mee an Europa net gutt ukommen. Et erlaabt nämlech och den USA europäesch Entreprisen ze sanktionéieren.

De Gesetzprojet, dee nach vum Senat muss ugeholl ginn, enthält och Sanktioune géint den Iran an Nordkorea. Am Iran ginn d’Wiechter vun der Revolutioun beschëllegt den Terrorismus ze ënnerstëtzen. Bei Nordkorea sinn et d’Rakéitentester, déi Mesuren noutwenneg maachen.

Et sinn déi amerikanesch Parlamentarier déi an éischter Linn géint Russland wéinst engem méiglechen Agrëff an d’Presidentewahl wëlle Revanche huelen. Dat grad zu engem Zäitpunkt, wou den Donald Trump sengem Homolog a Russland gären d’Hand wollt reechen. D’Annexioun vun der Krim an de Konflikt an der Ukrain sinn allerdéngs och Motiver, déi hei eng Roll spillen.

Géint eng Amëschung

„Wéi d’Geheimdéngschter festgestallt hunn, huet den alen Agent vum KGB probéiert sech an eis Presidentewahl anzemëschen“, sot den Republikaner Ed Royce, „Wann een näischt ënnerhëlt, maachen d’Russe mat hirer Aggressioun weider“.

De Konsens am Kapitol war dann och keng Fro. Hei huet Russland kaum Frënn. De Vote ass dann och mat 419 géint 3 méi wéi däitlech. Scho leschte Mount hat de Senat an engem ähnleche Projet mat 98 zu 2 ofgestëmmt.

Nei ass allerdéngs deen am Text festgeschriwwene Mechanissem, deen am Wäissen Haus kee Gefale fënnt: d’Parlamentarier ginn sech hei d’Recht ,sech ze widdersetzen, falls den Trump op d’Iddi géif kommen, Sanktioune géint Russland ze suspendéieren.

D’Exekutive huet wuel alles versicht dat ze verhënneren, mee déi republikanesch Leader am Kongress si stur bliwwen. Hei gëtt den Intentioune vum Milliardär hisiichtlech enger méiglecher Approche mat Moskau net getraut.

Recht op e Veto

Wann den Text am Senat ugeholl gëtt, kéint den amerikanesche President säi Veto abréngen. Mee et géif dem Senat duer goen, den Text an enger zweeter Liesung mat enger Zweedrëttel Majoritéit awer unzehuelen. Esou eng Blamage huet sech bis elo nach kee President ugedoen, et ass bis ewell éischter esou, datt den Text „nuancéiert“ matgedroe gëtt.

„De President ënnerstëtzt sécherlech déi haart Sanktioune géint den Nordkorea, Iran a Russland, mee dat Wäisst Haus studéiert nach dëse Gesetzprojet a waart op déi endgülteg Versioun“ war dozou vun der Spriecherin, Sarah Huckabee Sanders, nom Vote matgedeelt ginn.

Sëtzung zu Bréissel

Vu Paräis bis Berlin iwwer Bréissel, suergt d’Initiativ vum Kongress fir schlecht Laun. Hei gëtt dës Mesure als Unilateral betruecht a fënnt wéineg Zoustëmmung. Bis elo sinn Sanktioune géint Russland, wéinst der Krim, ëmmer koordinéiert op béide Säite vum Atlantik getraff ginn.

„D’Eenheet vun de G7 bei de Sanktiounen ass essentiell. Et geet hei ëm de Respekt vun den Accorde vu Minsk“, huet nach um Méindeg de Spriecher vun der EU-Kommissioun, Margaritis Schinas ausgesot. D’Memberlänner vun der EU sollten no hirer Sëtzung vun dësem Mëttwoch och eng Äntwert op den amerikanesche Gesetzprojet virleeën.

Verschidde Länner si rosen, hei ënnert anerem Däitschland, well d’Gesetz dem amerikanesche President d’Méiglechkeet gëtt, europäesch Entreprisen, déi un der russescher Pipeline schaffen, ze bestrofen. Déi kéinten den Zougang zu amerikanescher Banken erschwéiert kréien an vun ëffentlechen Ausschreiwungen ausgeschloss ginn.

Betraff wieren déi Firmen déi bei Nord Stream 2 matmaachen. D’Gas-Pipeline soll de russesche Gas méi schnell no Däitschland bréngen. Hei sinn bedeelegt déi franséisch ENGIE, déi däitsch UNIPER, Wintershall, déi éisträichesch OMV an déi britesch-hollännesch Shell.

mam Ivan Couronne/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Krim, Russland, Ukraine, USA, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel