Search

You may also like

Bright weess näischt Guddes mat sengem coole Setting unzefänken
International Neiegkeeten

Bright weess näischt Guddes mat sengem coole Setting unzefänken

Mat vill Tamtam ass Bright virun e puer Méint vun

Recht hunn a Recht kréien
International Neiegkeeten

Recht hunn a Recht kréien

Um Dënschdeg a Mëttwoch war eng Lëtzebuerger Delegatioun bei der

Marghem géint Dieschbourg – Een nukleaart Mëssverständnes?
International Neiegkeeten

Marghem géint Dieschbourg – Een nukleaart Mëssverständnes?

Nodeems d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung,

USA: Neien Infektiounshéchststand

An Amerika goufen um Mëttwoch 34.720 Neiinfektioune bannent 24 Stonne gemellt – Laut der John-Hopkins Universitéit ass dat den zweethéchste Wäert zanter dem Ufank vun der Pandemie.

USA: Neien Infektiounshéchststand

Den US-President hat am Fréijoer gemengt, datt wann d‘Wieder nees besser gëtt an d‘Temperature klammen, de Virus senger Wee goe géif. Dat gouf sengerzäit bezweifelt an vill Leit hätten et wuel léiwer gesinn, wann de Milliardär ausnamsweis emol Recht gehat hätt, mee deem ass net esou.

Bis heihinner ass nach ëmmer de 24. Abrëll – mat 36.426 registréierten Neiinfektiounen – den Dag wou déi meeschte Fäll bannent 24 Stonne gemellt goufen. Uschléissend huet sech d‘Lag eppes zum Bessere gewannt an den Donald Trump ass et sech net midd ginn, de Gouverneuren un d‘Häerz ze leeën endlech mat de Lackerungen unzefänken. Wien deem net no komm ass gouf verdäiwelt.

E gudde Mount méi spéit, géint Enn Mee, huet d‘Zuel vun den Affer, déi dem Covid19 erleeë sinn, d‘Honnertdausendermark iwwerschratt. Trotzdeem hunn déi meescht Bundesstaaten dem Appell vum President Rechnung gedroen a ugefaangen hir Moossnamen ze lackeren. Et gouf wuel vill a virun allem andrénglech drop higewisen, datt et nach vill ze fréi wier, mee et huet keen et héieren.

NeiinfektiouneVun dësem neie „Spëtzewäert“ si besonnesch d‘Südstaaten Arizona, Florida, Kalifornien an Texas elo betraff. Géigende wou d‘Wieder éischter „summerlech“ ass, wat zimmlech däitlech déi vun der Wëssenschaft geäussert Meenung, datt de Virus net saisonal bedéngt ass. De Chef-Immunolog Dr. Antony Fauci, huet déi virgeluechten Zuelen als besonnesch Besuergniserreegend ëmschriwwen.

En Iwwerbléck

Den 23. Juni huet d‘Autoritéiten am US-Bundesstaat Arizona en neien Héchststand, mat 3.779 Neiinfektiounen, gemellt. Virun engem gudde Mount waren et därer nach ronn 270 den Dag. An d‘Grafik ass u sech och aussokräfteg genuch, an eng Iwwersiicht op déi lescht 14 Deeg léisst net erkennen, datt sech d‘Situatioun verbessert hätt.

Am Bundesstaat Florida, ass den 20. Juni, mat 4.049 Neiinfektioun, en neien Héchststand erreecht ginn. De republikanesche Gouverneur Ron de Santis, dee mat vill Äifer dem Donald Trump seng Rotschléi ëmgesat huet, huet awer eng Erklärung: et sinn déi jonk Leit déi sech net ze behuele wëssen. An dat obwuel grouss Versammlungen a ville Gemengen nach ëmmer verbuede sinn.

Neiinfektioune

Kalifornien hat sengerzäit als éischte Bundesstaat (19. Mäerz) de Confinement duerchgesat an ass elo de Spëtzereider bei den Neiinfektiounen. Um 23. Juni gouf et 6.712 Neiinfektiounen. Fir de Gouverneur Gavin Newsom e Réckschlag an deen huet seng Matbierger opgeruff sech strikt un déi allgemeng gülteg Gest Barrière ze halen: Masken droen an 2 Meter Sécherheetsofstand anhalen.

Am Texas gesäit et net besser aus. Hei goufen um 23. Juni 5.142 nei Infektiounsfäll registréiert an zu Houston hunn zwee ëffentlech Spideeler hir Kapassitéitsgrenz erreecht. De Buergermeeschter Sylvester Turner huet verkënnt, datt d‘Better op den Intensivstatiounen „ausgelaascht“ sinn. Och hie versicht mat Appeller a Recommandatiounen seng Leit zur Vernonft ze animéieren.

Eng zweet Well?

Ugesiichts der Aart a Weis wéi an den USA mat der sanitärer Kris ëmgaange gëtt, hu vill Experten Zweiwel dorunner, datt et sech heibäi schon ëm déi zweet Well vun der Pandemie handelt. Villméi hätt een déi éischt ni an de Grëff kritt, an mat de Lackerunge déi eng Rei Bundesstaaten op de Rot vum US-President virgeholl hunn, wier d‘Verbreedung vum Covid19 regelrecht gefërdert ginn.

Et ass allerdéngs richteg, datt sech an de Bundesstaaten déi hei ervirgehuewe ginn, opfälleg vill jonk Mënschen infizéieren. Woubäi „jonk“ relativ ass. Laut der CDC si virrangeg Mënschen am Alter tëscht 18 an 49 Joer betraff, wärend an de Méint virdrun éischter eeler Leit ënnert dem Virus gelidden hunn. Datt et esou eng Verschibung gëtt, léist sech awer och unhand dem Beholl erklären.

NeiinfektiouneWärend déi 50+ anscheinend d‘Lag eppes méi eescht huelen, hir Deplacementer op dat néidegst begrenzen an zudeem d‘Mask als Schutz ugeholl hunn, geet d‘Jugend eppes méi liichtfankeg mat der ganzer Situatioun ëm. D‘Wieder ass gutt an eng Mask um Strand oder op der Party ass kee moudeschen Accessoire. Si sinn entspriechend risikobereet a vertrauen drop, datt alles gutt geet.

Et huet wuel och nach Stëmme ginn, déi dës Hausse bei den Neiinfektiounen op déi erhéichten Testkapassitéiten zeréckféieren. Déi goufen tatsächlech landeswäit ëm 7,6% erhéicht. D‘Experten allerdéngs si formell: dat eleng erkläert dës nei Infektiounszuelen net. Si warnen an erënneren déi „Jonk“ drun, datt och si schwéier erkranke kënnen a virun allem zur Verbreedung bäidroen.

mat indymedia/mia/tuc/lax/hou

Illustratioun: Fir Party ass et kloer nach eppes ze fréi, mee wann een sech tëscht den Aussoen déi eraussiche kann déi grad passend ass, zitt een déi vir, déi engem de gréisste Fräiraum bitt. © Nicholas Green / unsplash

Related topics Covid19, John Hopkins Universitéit, Lockdown, Südstaaten, USA
Next post Previous post