Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht
International Neiegkeeten

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht

Si haten sech op e „Sommet“ gëeenegt ouni allzevill Erwaardungen

COVID-19: Lëtzebuerg zielt 81 Infizéierter
International Neiegkeeten

COVID-19: Lëtzebuerg zielt 81 Infizéierter

Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert bei der Pressekonferenz vun haut de

London gesäit en amerikaneschen Enthusiasmus fir e Fräihandelsaccord
International Neiegkeeten

London gesäit en amerikaneschen Enthusiasmus fir e Fräihandelsaccord

Wann een dem neie briteschen Ausseminister Jeremy Hunt gutt nogelauschtert

USA: Nom Handelskrich… den Technologie-Krich

Dem Trump säin Noutstandsdekret géint chinesesch Entreprisë suergt fir Opreegung

USA: Nom Handelskrich… den Technologie-Krich

Mat de Chinesen huet et den Donald Trump net. An hien huet elo senger Regierung mëttels Dekret ëmfaassend Méiglechkeeten ageraumt, déi dozou féieren, datt auslännesch Entreprisen aus dem Telekommunikatiounssecteur vum amerikanesche Maart ausgeschloss kënne ginn. Et ass datt an éischter Linn eng Moossnam géint China an den Hiersteller Huawei.

Aus dem Wäissen Haus dann awer déi „offiziell“ Versioun. Et géif sech mat dësem Dekret net géint e spezifescht Land oder eng bestëmmten Entreprise gewannt ginn. Gutt dat ass eng Ligen, mee am diplomateschen Disput muss ee sech méi „gewielt“ ausdrécken. Zudeem werfen d‘Amerikaner de Chinese vir, Huawei zu Spionagezwecker ze benotzen. Uschëllegunge mat Konsequenzen.

Schwaarz Lëschten

Esou huet Washington Huawei an eng 70 ugegliddert Entreprisen op déi schwaarz Lëscht gesat, wat dozou féiert, datt Huawei keng Produiten an/oder Technologie vun US-Entreprise erhalen dierf, wann et dofir net explizit eng Autorisatioun vun den zoustännegen/kompetenten US-Autoritéite gëtt. Déi genannte Moossname sollen dann elo och zäitno ëmgesat ginn.

Woubäi net nëmmen d‘USA Bedenke géintiwwer Huawei hunn. Esou hu Sécherheetsexperten der däitscher Regierung nogeluecht Huawei vum G5-Telekommunikatiounsnetzausbau auszeschléissen. Berlin gesäit dat eppes differenzéiert a bezweiwelt datt esou Mesuren ziilféierend sinn. Hei ass een iwwerzeegt, datt den Ausbau vum G5-Netz op verschidden Ubidder verdeele muss.

Peking veriergert

China huet sech och zum trumpsche Virstouss geäussert. Esou de Spriecher vum Ausseministère, Lu Kang, dee virun enger weiderer Verschlechterung vun de Wirtschaftsbezéiunge gewarnt huet. Ähnlech och de Toun aus dem Handelsministère. Dee weist d‘Virwërf zréck, laut deenen Huawei per Gesetz kéint operluecht ginn, Spionage an/oder Sabotage Aktiounen ze ënnerhuelen.

Villméi géif den Noutstandsdekret d‘Rechter vun der Entreprise beschneiden. Et wier zudeem kloer an däitlech ugebuede ginn, mat den Autoritéite bei Sécherheetsfroen zesummenzeschaffen. Et wier een dann och genéidegt, elo all juristesch Mëttel auszeschëpfe fir géint déi eesäiteg vum Donald Trump gefuerdert Moossnamen unzegräifen. Vill Chance ginn Huawei net zougerechent.

mat indymedia/nyc/sfo

Illustratioun: Mohamed Hassan /Pixabay

Ähnlech Sujeten China, G5-Telekommunikatiounsnetz, Handelskrich, Huawei, Technologie-Krich, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel