Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Mouvement Ecologique stäipt sech géint de Google-Datenzenter zu Biissen
International Neiegkeeten

De Mouvement Ecologique stäipt sech géint de Google-Datenzenter zu Biissen

Nodeems de Projet „Google-Datenzenter zu Biissen“ vum Gemengerot ugeholl, an

surprise
Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland
International Neiegkeeten

Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland

Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn,

money
Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?
International Neiegkeeten

Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?

D‘Experte schéngen sech eens ze sinn: 2019 kënnt et zur

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss

Schüler a Colorado schéisse wëll ronderëm sech a bréngen ee Mënsch ëm

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss

Zu Denver (Colorado) ass den 18 järege Schüler Devon Erickson vu „Kollegen“ erschoss ginn, e sëllechen anerer sollen deels schwéier verletzt gi sinn. Béid Täter konnten onmëttelbar no der Dot vun der lokaler Police verhaft ginn. Et handelt sech ëm Schüler vun der Schoul zu Highlands Ranch, e südleche Bezierk vun Denver.

De Sheriff vun Douglas County, Tony Spurlock, huet géintiwwer de Medien zum Virfall éischt Erkenntnisser virgeluecht. D‘Dot selwer wier vun zwee jugendlechen – een dovunner ass nach mannerjäreg – vollbruecht ginn, déi selwer Schüler an dësem Etablissement sinn. Wat zu dëser Dot gefouert huet, wéi eng Motivatioun derhannert stécht, dat konnt zu Stonn net gekläert ginn. Et ass just gewosst, datt béid Täter bis ewell net „opfälleg“ waren.

 

Schoul

Den 18 järegen Devon Erickson, ass a senger Schoul vu Matschüler erschoss ginn. Datt sech eppes um Waffegesetz misst änneren, dat gesäit den US-President an d‘NRA ähnlech. Si wëllen elo den Enseignanten eng Formatioun ubidden a si mat Waffen ausrëschten, fir sech entspriechend géint esou Ugrëff verdeedegen ze kënnen. (STEM handout)

Et ass ze begréissen, datt d‘Police ganz séier op der Plaz war – e Kommissariat ass a Proximitéit – wéi kuerz no 14 Auer Lokalzäit d‘Schëss gefall sinn. D‘Schoul vun Highlands Ranch gëtt vun engen 1.800 Schüler, besicht an huet eng Spillschoul, de Primaire an de Secondaire. Et wier hei den éischten Tëschefall dëser Aart gewiescht.

Erënnerung un d‘Columbine Highschool

Mat dëser Dot si batter Erënnerungen opkomm. D‘Columbine Highschool zu Littleton am Jefferson County, ass keng 10 Kilometer vun der Schoul zu Highlands Ranch ewech. Hei war et den 20. Abrëll 1999 zum „Massaker“ komm, wéi zwee Teenager 12 Schüler an een Enseignant erschoss, weider 24 Persoune blesséiert a sech uschléissend selwer higeriicht haten.

Schoul

Am Wäissen Haus, wou de President duerchgesat kritt huet datt d‘Enseignanten elo mat Waffen – ënnert der Viraussetzung vun enger prealabeler Formatioun – ausgerëscht dierfe ginn, hu se fir d‘Affer vum Uschlag gebiet. De Milliardär zum Virfall: „Tragescherweis kennen dës an déi ëmleiend Gemengen dës haasserfëllt a fuerchtbar Gewalt nëmmen ze gutt“.

mat indymedia/den/chi

Foto: D‘Enseignante ware an éischter Linn besuergt déi jéngst vun hire Schüler a Sécherheet ze bréngen. © Lorree (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Colorado, Columbine, Devon Erickson, Highlands Rnach, Schéisserei, Schoul, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel