Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op
International Neiegkeeten

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op

Dat déi progressiv Relance vun de Wirtschaftsaktivitéiten eng ganz Rëtsch

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck
International Neiegkeeten

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck

Wann sech der zwee zerklappen da freet sech den Drëtten…

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
International Neiegkeeten

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

USA: Keng Presidentschaftswahlen am November?

USA: Keng Presidentschaftswahlen am November?

Eng Desastréis Covid19-Krisegestioun, Protester déi net endege wëllen an eng Baisse vum BIP vun ëm déi 33% déi d‘Land an eng Rezessioun zitt… Dem Donald Trump seng Unhänger wennen sech vun him of, esou déif war hien de Sondage bis ewell nach net. Säin zweet Mandat als President vun Amerika ass zolidd a Fro gestallt. Kee Wonner, datt hien en Interessi hätt d‘Wahlen ze verleeën.

Op Twitter huet den US-President ee „Gedanken“ zum Ausdrock bruecht, mat deem hien drop hindeit, datt et Opgrond de widdregen Ëmstänn vläicht besser wier d‘Presidentschaftswahlen ze verréckelen. An sengem Tweet huet hien de Bléck op dee vun him befierchte Wahlbedruch am Kontext vun der Covid19-Pandemie geriicht: „D‘Wahl verzögere bis d‘Leit sécher wiele kënnen?“.

PresidentschaftswahlenDat de Milliardär seng Ambitiounen op en zweet Mandat net esou séier géif opginn, dat war gewosst. Mam Gedanken ze spillen d‘Presidentschaftswahlen ze verréckelen ass sécherlech eppes, wat sech vum Donald Trump erwaarde konnt. Op där aner Säit ass awer d‘US-Verfassung, an där festgehalen ass, datt d‘Amtszäit vum US-President véier Joer dauert.

An dës Verfassung schreift dann och nach vir, datt de Kongress bestëmmt, op wéi Dag gewielt gëtt, an dat am ganze Land. Mat engem Tweet also loossen sech d‘Presidentschaftswahlen net zäitlech verréckelen. Mat dësem Message awer, stellt den Donald Trump d‘Vertraue vun de Wieler an de Wahlprozess, wéi och an d‘Demokratie, a Fro. Besonnesch wou hien däitlech vu Bedruch ausgeet.

Et deit dann och schonn drop hinn, datt sollten d‘Wahlen awer den 3. November Stattfannen – well am Kongress hunn d‘Demokraten d‘Majoritéit, an déi wäerten sech kaum op ee Report aloossen – datt den Donald Trump d‘Resultater, wann se him net gefalen, kéint ufechten. Dat versprécht dann och näischt Gutts. Hie betount dann och ëmmer nees, datt eng Bréifwahl manipuléiert géif ginn.

PresidentschaftswahlenMat enger Bréifwahl kéim et zu Gefuddels an d‘USA géifen sech zolidd blaméieren, esou den US-President, dee bis haut e Beweis dofir schëlleg ass, datt et mat enger Bréifwahl zu Bedruch komme géif. Laut de meeschten Experten awer, ass eng Bréifwahl am Grondsaz sécher. Eng Ännerung vum Wahlprozess, esou kuerz virum Stéchdag, dierft allerdéngs och eng zolidd Erausfuerderung ginn.

D‘Demokraten hunn natierlech dem Donald Trump seng Tweets entspriechend schaarf kritiséiert: „En amtéierende President verbreet Ligen an leet no, d‘Wahl ze verréckelen, fir un der Muecht ze bleiwen“, esou den Dan Kildee. De Senateur Tom Udall huet getwittert: „Mir sollten net zouloossen datt hien eis vu senger Covid19-Inkompetenz oflenkt“. Mee gëtt dann elo gewielt oder net?

Also streng geholl steet den Datum vun der Wahl fest, an näischt wat den Donald Trump op Twitter schreift, an Interviews oder Meetingen erzielt, kann eppes un dësem Fakt änneren. Jo net emol a sengem eegene Lager gëtt datt a Fro gestallt. „De Wahltermäin um 3. November ass a Stee gemeesselt“, esou de Fraktiounschef vun de Republikaner am Senat, Mitch McConnell, gëschter.

PresidentschaftswahlenOch de republikanesche Senateur Ted Cruz, stellt kloer: „Mir dierfen dës Wahl net verréckelen“. An de Virsëtzende vun der Justizkommissioun, Lindsay Graham: „Ech denken net, datt d‘Wahl verleeën eng gutt Iddi wier“. Dat kléngt wéi wa mëttlerweil och d‘Republikaner, sech géifen drop astellen, datt den nächsten US-President net aus dem republikanesche Lager géif kommen…

An d‘USA sinn no Pandemie a BLM-Protest an enger historescher Wirtschaftskris ukomm. Unhand de leschten Zuele sinn d‘USA an eng Rezessioun agetrueden. D‘Wirtschaftsleeschtung ass am 2. Quartal (op d‘Joer héichgerechent) ëm 32,9% agebrach, de Chômage hëlt zou, mee och Konsum, Investitiounen an d‘Exportwirtschaft loossen d‘Läpper hänken. An et ass eréischt den Ufank…

mat indymedia/was/nyc/lax

Illustratioun: © Tiffany Tertipes / unsplash

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Joe Biden, Republikaner, US-Wahlkampf 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel