Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

14 Juli: Alles op de Vëlo!
Fail International dating a dawes galaxy professionals dating sites uk

dating sites kraaifontein

De Mouvement Ecologique (MeCo) a seng regional Sektioun „Miersch an

Wéi gutt kenns du Réimech?
Fail International dating a dawes galaxy professionals dating sites uk

Wéi gutt kenns du Réimech?

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

dislike
Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!
Fail International dating a dawes galaxy professionals dating sites uk

Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!

De Weltgesondheetsdag gëtt all 7. Abrëll zelebréiert. Dëst Joer ass

dislikesurprise

USA: „Recht hunn“ a „Recht kréien“ sinn en ënnerschiddlecht puer Schong

USA: „Recht hunn“ a „Recht kréien“ sinn en ënnerschiddlecht puer Schong

E franséischen US-Resident huet de franséische Staat verklot, well hien säin Usproch op de Besëtz vun der Internetsäit „france.com“, déi hien zanter 1994 exploitéiert huet, wëll geltend maachen. Eng Decisioun vun der franséischer Justiz, hat rezent dofir gesuergt, datt déi dem US-Bierger entzu gëtt.

De Jean-René Frydman hat sech den Numm „france.com“ zu enger Zäit geséchert, wou den Internet eng „vertraulech Plattform“ war an och Frankräich d‘Autoritéiten doranner keng Zukunft gesinn hunn. De Gedanken dee sengerzäit hannert dësem Site gestanen huet, war de frankophonen a frankophillen Amerikaner als Informatiounsquell ze déngen.

Ab 1997 huet sech de Jean-René Frydman a Richtung Tourismus orientéiert, Geld an de Grapp geholl an e Reesbüro gegrënnt. Aus Frankräich hätt et hei, esou de Frydman, kee Widdersproch ginn. Hie gëtt dann och un, datt hien an deenen 20 Joer, wou hie säi Site berufflech genotzt huet, bis 150.000 Touristen a Frankräich bruecht huet.

2015 sinn se am Frankräich „erwächt“ an hu vum amerikanesche Geschäftsmann den Domaine „zeréckgefuerdert“ (???) an hunn juristesch Moossnamen ergraff. Am Juli 2016 entscheet dat Paräisser Zivilgeriicht am Sënn vum franséische Staat. Dës Entscheedung ass am September 2017 am Appell bestätegt ginn.

Wann de Staat seng Muecht notzt

Et si wuel e Rechtsmëttel beim Cassatiounsgeriicht ageluecht ginn, mee d‘Gesellschaft „web.com“ déi d‘Gestioun vun der IP-Adress hat, huet Mëtt Mäerz den Domaine un de franséische Staat iwwerdroen. Haut gëtt een dann och, wann ee „france.com“ agëtt, automatesch op „france.fr“ weidergeleet, den offizielle Portal vir den Tourismus a Frankräich.

Domatter ass dem Jean-René Frydman seng Geschäftsgrondlag entzu ginn, an d‘Aktivitéit vu sengem Reesbüro zerstéiertt. Hien huet da gezwongener Moossen déi däreg Affär virun e federaalt US-Geriicht geholl, an de franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian, esou wéi och d‘Firma „Verisign“, de Grupp deen d‘Adresse geréiert déi mat „.com“ endegen, verklot.

„Et war alles versicht ginn eng Léisung ze fannen“, esou den Entrepreneur, zu senge Kontakter mat de franséischen Autoritéiten. Déi haten him awer gesot datt „si den Domaine-Numm wëllen, an och näischt dofir géife bezuelen“. An dat huet Frankräich dann och knëppelhaart duerchgezunn, woubäi se der Justiz dobäi „liicht ënnert d‘Äerm“ gegraff hunn.

De Jean-René Frydman berifft sech dann awer virum US-Geriicht, op seng intellektuell Proprietéit, déi him hei vun der franséischer Regierung streideg gemaach gëtt. Hien ënnersträicht, datt hien den Domaine-Numm iwwer 20 Joer geschäftlech genotzt huet, iert d‘Paräis agegraff hätt. Hie wier hei och vun der ëffentlecher Agence „Atout France“ ënnerstëtzt ginn.

Déi franséisch Ambassade kann zu „engem lafende Verfahren“ näischt soen, an och zu Paräis verweigert e sech zum Sujet Stellung ze huelen. Den Amerikaner Frydman, dee vu vill Säiten ënnerstëtzt gëtt, seet sech bereet, bis „op de Wupp ze goen“. Hien hätt d‘Prozedur wuel och ouni de Soutien duerchgezunn, mee ass net traureg doriwwer, datt hien de Réck gestäipt kritt.

En Datum fir eng Audienz ass nach net festgeluecht ginn

mat AFP

Ähnlech Sujeten Domaine-Numm, Frankräich, Jean-René Frydman, Tourismus, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel