Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview
International Neiegkeeten

Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview

Krimie ginn et wéi Sand um Mier. Dowéinst muss een

dislike
Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet
International Neiegkeeten

Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet

Wie si mir a virun allem wie sinn déi wou

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25
International Neiegkeeten

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Et ass gro an et reent, wéi ech an d’Rue

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder ginn, d‘Zomm vum Schuedenersatz inklusiv Zënsen (289 Milliounen US-Dollar) déi Monsanto am August operluecht gi waren, well d‘Entreprise d‘Geféierlechkeet vum RoundUp verschwigen hat, no ënnen ze revidéieren.

D‘Riichterin Suzanne Bolanos huet sech der Kausa Bayer/Monsanto ugeholl, an ordonnéiert, datt de Schuedenersatz, deen dem Dewayne Johnson zougesprach ginn ass, vun 250 op 39 Millioune soll reduzéiert ginn. Dem Gäertner, dee Kriibs am Endstadium huet, war unerkannt ginn, datt Glyphosat fir seng Krankheet verantwortlech ass. Um Uerteel selwer, huet d‘Riichterin net gefréckelt.

Fir d‘Affer vu 46 Joer, deem am selwechte Kontext 39 Milliounen zougeschwat goufen, als Kompensatioun fir de moraleschen a wirtschaftleche Verloscht am Zesummenhang mat der Krankheet, huet elo bis de 7. Dezember fir dëst Geld unzehuelen. Wier dat net de Fall, muss et zu engem neie Prozess kommen, an deem de Schuedenersatz ze ermëttele wier.

Esou „blann“ ass d‘Justizia dann awer net

An d‘Suzanne Bolanos ass och nach der Meenung, datt ugesiichts der Kompensatioun vun 39 Milliounen, déi dem Dewayne Johnson als Kompensatioun fir de moraleschen a wirtschaftleche Verloscht zougesprach goufen, de „bestrofende Schuedenersatz“ net méi héich ausfalen dierf.

Den agrochemesche Konzern, dee vum däitsche Konzern Bayer opkaf ginn ass, war vum Affer ugeklot ginn, nodeems dësen un Kriibs erkrankt war, well hien de RoundUp ëmfangräich, a senger Professioneller Versioun (Ranger Pro), genotzt huet. Dat am Kader vu senger Aarbecht als Gäertner an de Schoule vun enger kalifornescher Klengstad, vun 2012 bis 2014.

Eng Jury hat den 10. August d‘Conclusioun gezunn, datt Monsanto „béisaarteg“ agéiert huet, an datt d‘Herbiziden „RoundUp“ a „Ranger Pro“, erhieflech zur Erkrankung vum Gäertner bäigedroen hunn. Monsanto hat rezent eng Demande ënnerbreet, fir e neie Prozess ze erhalen. D‘Argument vu Monsanto/Bayer ass onverännert: „Glyphosat ass net Kriibserreegend“.

Mat dëser Entscheedung, esou kritesch Stëmmen, huet d‘Justiz op neits d‘Partei fir d‘Konzerner ergraff, a beweist, datt et zweeërlee Recht gëtt. Dem Scott Partridge, Vizepresident vu Monsanto, geet d‘Entscheedung vun der Riichterin awer net wäit genuch. Et hätt ee sech schliisslech näischt zu Scholde komme gelooss, wat jo och duerch (mat eegenem Geld bezuelten) Etüde beluecht wier.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Bayer, Herbizid, Justiz, Kriibserregend, Monsanto, Ranger Pro, RoundUp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel