Search

You may also like

Visitt vum Stauséi: Online-Reservatioun ab e Samschdeg noutwenneg
International Neiegkeeten

Visitt vum Stauséi: Online-Reservatioun ab e Samschdeg noutwenneg

Wéi geckeg belageren Mënschemasse bei guddem Wieder de Stauséi. D’Gemenge

Interesseveräin Hollerech veriergert
International Neiegkeeten

Interesseveräin Hollerech veriergert

Den Interesseveräin Hollerech Asbl (SIL-Ho) ass alarméiert a huet wéineg

Refugiéen: Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir
International Neiegkeeten

Refugiéen: Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir

Entspriechend den Entscheedunge vum europäesche JAI (Justiz an Innenugeleeënheete) am

D‘USA erliewe grad hire sanitäre Vietnam

77 järege Risikopatient warnt: „Tëscht elo a Januar wäerten 250.000 Amerikaner stierwen!“

D‘USA erliewe grad hire sanitäre Vietnam

Well den Donald Trump et net gereegelt krut, a säi Successeur nach net d‘Muecht huet Decisiounen ze huelen, leeft an den USA alles gemälleg weider. Et sinn jo och majoritär déi al an déi aarm déi et „déidlech“ trëfft, firwat d‘Zuele selwer wuel erschreckend sinn, een déi awer an de soziale Kontext setze sollt. De Joe Biden huet jiddefalls schonn emol mat rechnen ugefaangen.

De viraussiichtlech 46. President vun de Vereenegte Staaten huet seng Leit opgeruff sech dach elo endlech un d‘Recommandatiounen an d‘Schutzmoossnamen ze halen. „Ech wëll kengem Angscht ajoen, mee verstitt d‘Fakten: mir wäerten tëscht elo a Januar wahrscheinlech weider 250.000 Leit verléieren“, esou de Joe Biden am Kader vun er enger Onlineveranstaltung mat Entrepreneuren.

Et dierf een drun erënneren, datt beim Ausbroch vun der Pandemie, de 45. US-President – also eigentlech seng deemoleg Coordinatrice Deborah Brix – Enn Mäerz vu bis zu 240.000 méiglechen Affer gebraddelt hat. Eng Zuel déi däitlech iwwertraff gouf, an den Donald Trump hat sengerzäit och keng Anung unhand wéi engen Zuelen oder Statistiken, esou Aussoen iwwerhaapt begrënnen.

Och de Joe Biden huet net erkläert wourunner sech festmaache léist, datt elo bannent 8-9 Wochen 250.000 US-Bierger um Covid19 stierwe wäerten. Aktuell gëtt et an den USA, bezunn op déi vun der John-Hopkins-Universitéit zu Baltimore erhuewen Zuelen, datt säit Ufank vun der Pandemie, an den USA iwwer 270.000 Mënschen un de Folge vun hirer Covid19-Infektioun verstuerwe sinn.

Et gëtt och aner Etüden: laut dem „Institute for Health Metrics & Evaluation“ (IHME) vun der Universitéit zu Washington, géifen och beim anhale vu strengen Oplagen, nach 370.000 Persoune stierwen, wann een et labber ugeet, wieren et der wäit iwwert eng hallef Millioun. De CDC-Boss Robert Redfield geet éischter vu 450.000 Covid19-Affer bis Februar aus. Leeft gutt an den USA…

Zumindest soll Chrëschtdag gefeiert ginn

Interessant, wann ee mat den Zuele spillt, egal op ee beandrocken oder aschüchtere wëll, de Fait, datt ee se muss a Relatioun setzen. Dat fir de Leit eng Chance ze ginn, d‘Gréisstenuerdnung och bildlech verstoen ze kënnen. Bezunn op d‘Gréisst an d‘Awunnerzuel vun den USA, sinn och eng Millioun Covid19-Affer a Prozenter ausgedréckt, net wierklech der Däiwel vill Mënschen.

Wann ee een awer déi schonn doudeg +270.000 Affer mat den um „Feld vun der Éier“ gestuerwen US-Zaldoten am Vietnam (1961 bis 1975) vergläicht, gëtt ersiichtlech dat 58.000 doudeg Zaldote bannent 14 Joer ee Klacks sinn. An d‘Amerikaner sollten nach méi Kricher verléieren, iert sech de biologesche Feind als méi geféierlech erwisen huet, wéi d‘Géigner vun den USA zesummegeholl.

Déi räich a mächteg stéiert esou eppes séier wéineg, d‘Verloschter an den eegene Reie sinn, grad wéi a Krichszäiten, iwwerschaubar. An esou verwonnert et net, datt den aktuelle Locataire vum Wäissen Haus un de Festivitéiten zu Chrëschtdag festhält. Et ass bis ewell näischt gemaach ginn, firwat soll ee kuerz iert een erausgehäit gëtt, ob emol iergendwellech Moossnamen ergräifen?

Esou huet dem Donnie säi Bëtschel, pardon, seng Spriecherin, d‘Kayleigh McEnany nees eng vun den absolutt beschten Aussoen ugebueden: „Wann ee Geschäfter ausraiberen, Haiser néierbrennen an op der Strooss protestéiere kann, da kann een op eng Chrëschtfeier goen“. Dat versteet een an den USA ënnert “Diplomatie a Vollendung“. Mee gutt, anscheinend soll et ab Januar besser ginn…

mat indymedia/was/bal/nyc

Illustratioun: 210.000 positiv Tester um 3. Dezember, iwwer 100.000 Hospitalisatiounen a ronn 2.600 Doudeger. Amerika ass a bleift e Land vun de Superlativer. © Tim Mossholder / unsplash

Related topics CDC, Covid19-Pandemie, Institute for Health Metrics and Evaluatioun, John-Hopkins-Universitéit, USA
Next post Previous post