Search

You may also like

money
D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)
International Neiegkeeten

D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)

De gréissten Undeel vu Geschäftsraim zu Lëtzebuerg ass a ganz

Éischt Aktiounswoch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet
International Neiegkeeten

Éischt Aktiounswoch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet

Méi zur sexueller an affektiver Gesondheet gewuer ginn an d’Ëffentlechkeet

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn
International Neiegkeeten

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn

Am Dezember huet den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement,

USA a Saudiarabien vereent géint d‘Ajatollahen

Nom Dronen-Ugrëff op saudesch Raffinerie soll den Iran nach méi streng sanktionéiert ginn

USA a Saudiarabien vereent géint d‘Ajatollahen

No der Attack op saudesch Pëtrolsraffinerien, huet sech d‘Kinnekräich mat Washington ofgeschwat an entscheet sech mat den internationale Partner ofzestëmmen, fir „Moossnamen“ géint den Iran an d‘Wee ze leeden. Den US-President huet ewell nei Sanktiounen erlooss, an déi Vereenten Natiounen hunn Ermëttler an d‘Kinnekräich entsandt.

 

SaudiarabienDen US-Ausseminister Mike Pompeo an de saudesche Krounprënz Mohammed bin Salmane hu bei hirer Entrevue iwwert d‘Noutwennegkeet geschwat, déi international Gemeinschaft an dëse Konflikt anzebannen. Laut dem US-Ausseministère, wier ee sech eens, datt een den iranesche Regimm fir säi bedreelecht Verhalen zur Verantwortung zéie muss. Dat versprécht näischt Gutts.

Saudiarabien

Scho virum Treffe mat saudesche Krounprënz hat de Mike Pompeo annoncéiert, datt d‘USA a Saudiarabien déi vun den Iraner – an Zesummenaarbecht mat de jemeniteschen Houthi-Rebellen – ausgefouert Ugrëff bei der UN-Generaldebatt op d‘Leescht ze bréngen. Déi fënnt bekanntlech schonn déi nächst Woch statt. An dësem Kontext huet den US-Ausseminister och getwittert.

Saudiarabien

Um haidegen Donneschdeg trëfft sech de Mike Pompeo mat der Regierung vun de Vereenten Arabeschen Emirater (UAE) zu Abu Dhabi. Washington, wou den Donald Trump keen Heel dorausser gemaach huet den iranesche Regimm stierzen ze wëllen, ass een – nodeems den Atomvertrag gekënnegt gouf – offensichtlech op der Sich no Mëttel a Weeër dëst Zil ze erreechen.

D‘UNO ermëttelt

Zu New York huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres bestätegt, datt Experten ënnerwee sinn, fir sech am Kinnekräich op der Plaz vun der Attack ëmzekucken. Si sollen (neutral) derzou bäidroen erauszefannen, wien „tatsächlech“ hannert dësen Uschléi stécht. Riad hat selwer dës an aner international Experten agelueden. D‘UN hat schonn e Samschdeg d‘Attack schaarf veruerteelt.

Interessant – well seele genuch – och déi vum saudesche Verdeedegungsministère organiséiert Pressekonferenz. Saudiarabien, esou de Wuertlaut, wëll der Welt Beweiser virleeën, datt et net Houthi-Rebelle sinn, déi dësen Ugrëff ausgefouert, mee ganz kloer déi iranesch Revolutiounsgarde waren déi des Operatioun duerchgefouert hunn. An si hunn „impressionnant“ Beweiser.

Saudiarabien18 Dronen a siwe Marschfluchkierper – also d‘Trëmmer dovunner – mat Kaarten a Grafike sinn hei virgestallt ginn. Wann een elo och nach gewëllt ass unzehuelen, datt dat alles op saudeschem Buedem opgeraf gouf, esou léisst sech unhand den Trëmmer eleng net beweisen, vu wou aus déi a Richtung Saudiarabien „geschéckt“ gi sinn. Teheran jiddefalls dementéiert sech bedeelegt ze hunn.

Elo gëtt mam Säbel gerëselt

Fir Washington besteet dogéint keen Zweiwel, datt d‘Ajatollahen hannert allem stinn an och héchst selwer mat Hand ugeluecht hunn. D‘USA awer konnte bis ewell keng „Beweiser“ virleeën an datt d‘Saudien elo „hir Beweiser“ presentéieren, dat bréngt si an Zochzwang, well wann ee Land en Alliéierten ugräift, da „muss een dësem Bäistoen“. Dat heescht et misst zu Géigeschléi kommen.

SaudiarabienAn dësem Kontext, a well een och drop ugewisen ass datt sech déi international Gemeinschaft net op emol géint ee stellt, muss een dat wat een u „Beweiser“ huet esou verkafen, datt zumindest déi am UN-Sécherheetsrot vertruede Länner, sech engem Krich – well näischt anescht bedeit et – och net verschléissen. An genee hei gëtt et fir Washington net esou einfach wéi datt soss de Fall war.

Zum engen huet déi international Communautéit net vergiess, datt déi sengerzäit ervirbruecht „Beweiser“ datt de Saddam Hussein „Massevernichtungswaffen“ hätt an och wéilt asetzen, eng zimlech krass Lige war. An d‘Saudien hunn och ee Problem: no der Ermordung vum Jamal Khashoggi, an der Ambassade zu Istanbul, hu si Schwieregkeete mat der Glafwierdegkeet.

mat indymedia/was/nyc/tlv

Foto: Mat deem wat Washington a Riad den Ament als „Beweis“ virzeleeën huet, dierft et esouwuel dem Donald Trump wéi dem Mohammed ben Salmane schwéier falen, déi nächst Woch bei der UN-Generaldebatt ze iwwerzeegen. De Fait datt Saudiarabien an den Iran „Äerzfeinde“ sinn, an deen am Jemen gefouerte „Stellvertriederkrich“ dee Millioune Mënschen enger humanitärer Kris ausgesat huet, dréit och net wierklech derzou bäi, datt sech d‘Welt kéint hannert d‘Saudie stellen. © Saudiarabia Ministry of Defence

Related topics Dronen, Houthi-Rebellen, Iran, Jemen, Revolutiounsgarden, Saudiarabien, USA
Next post Previous post