Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt
International Neiegkeeten

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei)

Wëll Déieren an Nout kënnen nees empfaange ginn
International Neiegkeeten

Wëll Déieren an Nout kënnen nees empfaange ginn

Ab dem 1. Mee 2020 ass den Accueil vun Déieren

Krautmaart: de Budget ass duerch!
International Neiegkeeten

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Et gouf gëschter um Krautmaart nach déi leschten „Interventiounen“ zum

USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen

USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen

Um Donneschdegowend huet de Chef vun den amerikanesche Scouten sech wéinst der Ried vum Donald Trump missen entschëllegen. Dat nodeems de President ugangs der Woch bei engem grousse Rassemblement am Toun vergraff hat.

„Ech wëll mech op dëser Plaz bei allen an eiser Scoute-Famill entschëllegen, déi vun der politescher Rhetorik beleidegt gi sinn, déi op eisem Jamboree virgedroe ginn ass“, schreift den Michael Surbaugh, Generaldirekter vun de Scouten. „Dat war ni eis Intentioun“, affirméiert hien.

Sech selwer trei bliwwen

Wat den amerikanesche President dozou animéiert hat, beim grousse Jamboree zu Glen Jean a West Virginia déi selwecht Brandried ze hale wéi während senger Campagne, doriwwer léisst sech just spekuléieren. Jiddefalls huet hien sech virun ee puer dausend jonke Leit nees un de Medie vergraff, se beschëllegt „fake news“ ze verbreeden.

En huet och kee gutt Hoer um fréiere President Barack Obama gelooss an natierlech och d’Hillary Clinton net verschount. Déi sëlleche jonk amerikanesch Scouten, mee och hir Frënn, déi aus aller Welt ugereest ware fir um Jamboree deel ze huelen, hunn deels gestaunt oder ware schockéiert.

Op Facebook reagéiert

De „faux pas“ vum Donald Trump huet, wéi am Zäitalter vun de soziale Medien net anescht ze erwaarden, schnell d’Ronn gemaach. U kritesche Kommentaren huet et op der Facebook-Säit vum Mouvement net gefeelt. Vill Scouten an/oder hir Elteren hunn de Verantwortlechen hiren Ierger däitlech gemaach.

Am Resumé ka gesot ginn, datt den Dirigente virgeworf ginn ass, d’Iddi vum Scoutissem verroden ze hunn. En Jamboree ass nu emol keng politesch Bühn. Et wier sécherlech net verkéiert gewiescht wann een dem President dësen Detail mat op de Wee ginn hätt.

De Chef vun de Scouten huet du missen erklären, datt et awer eng Traditioun ass, datt de President am Amt ageluede gëtt. Et wier dann och an der Logik vun esou enger Invitatioun, datt deen sech un d’Scoute géif wennen.

Mee „et ass zu kengem Moment dorëms gaangen enger Persoun oder engem politesche Programm eng Tribün ze bidden“, esou den Surbaugh. „Et deet eis schrecklech leed, datt sech d’Politik an dëse Scouts-Meeting ageschlach huet“, sot den Generaldirekter ofschléissend.

mat AFP

Foto: No sengem „politeschen Exkurs“ huet den Donald Trump de Scouten nach zougewénkt. De Jamboree an der „Bechtel National Scout Reserve“ zu Glen Jean huet esou d’Opmierksamkeet vun der ganzer Welt kritt. Et war dat net déi beschte Prestatioun vun engem amerikanesche President bei esou engem fir d’Scoute wichtege Meeting. (© Saul Loeb/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel