Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist
https://moien.lu/radiocarbon-dating-canada/ Neiegkeeten

dating apk free download

Et war an der Nuecht vun e Freideg op Samschdeg,

dating in medway kent
https://moien.lu/radiocarbon-dating-canada/ Neiegkeeten

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu

Säit der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir d’Schüler

money
Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?
https://moien.lu/radiocarbon-dating-canada/ Neiegkeeten

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht

USA: de Shutdown hält sech haartnäckeg

Den Trump dreet domatter déi mexikanesch grenz ze schléissen

USA: de Shutdown hält sech haartnäckeg

E Freideg huet den US-President domatter gedreet, d‘Grenz tëscht den USA a Mexiko ze schléissen, sollten sech d‘Demokraten net um Rimm rappen, an him déi noutwenneg Finanzmëttel fir de Bau vu senger „Mauer“ bewëllegen. Esou sinn d‘Fronten nach emol verhäert ginn, an de Shutdown, dee vill Administratioune blockéiert, dierft sech bis an dat neit Joer eranzéien.

„Mir wäerte gezwonge sinn eis Grenz zu Mexiko ganz zouzemaachen, wann d‘Demokraten eis d‘Geld fir d‘Mauer fäerdegzestellen net ginn“, esou de Milliardär an engem Tweet um siwenten Dag vum Shutdown. Fir den Donald Trump wier esou eng „Schléissung“ eng rentabel Operatioun, well d‘USA „Geld verléieren andeem si mat Mexiko am Kader vun der NAFTA Handel dreiwen“.

Shutdown

Dat Fräihandelsofkommes mat Mexiko a Kanada (NAFTA) gëtt elo schonn eppes méi laang vum US-President a Fro gestallt. En neit Ofkommes ass wuel ausgehandelt, an am November vun den dräi Länner ënnerschriwwe ginn, mee dee muss elo och nach de Parlamenter ratifizéiert ginn. Esou wéi sech de Milliardär allerdéngs uleet, kéint Mexiko a Kanada d‘Loscht vergoen.

Et erkläert dann och firwat de mexikanesche President, Manuel Lopez Obrador, et e Freideg virgezunn huet, net op dës nei Menace vum US-President anzegoen. „Mir wëllen net onvirsiichteg sinn. Mir sinn der Meenung datt mir eis net un dësem Debat bedeelege mussen“, esou déi kuerz awer däitlech Ausso. Et muss jo keen Ueleg an d‘Feier géissen, dat mécht Washington och esou.

Shutdown

A wann den US-President bis um tweeten ass, kritt een dësen net esou liicht gebremst. No den Demokraten an dem Fräihandelsofkommes, huet sech den Donald Trump iwwert den Honduras, Guatemala a Salvador hiergemaach. Schonn am Oktober hat de Locataire aus dem Wäissen Haus ugekënnegt, dëse Länner manner Entwécklungshëllef ze ginn.

Déi sollen elo ganz gestrach ginn, well vill Mënschen aus dëse Länner sech op de Wee a Richtung USA gemaach hunn, wou si sech besser Zukunftsperspektiven erhoffen. D‘Leit flüchten aus Länner wou d‘Aarmut keng Grenze kennt, an den Alldag vun der Kriminalitéit bestëmmt gëtt. Eng Aarmut a Kriminalitéit, un där net zu lescht d‘US-Wirtschaftspolitik eng Matschold huet.

Shutdown

E Budget an der Sakgaass

De President huet aus dem „Bau vun enger Mauer op iwwer 3.000 Grenz-Kilometer mat Mexiko“ eng vu senge gréisste Prioritéite gemaach. Hien ass iwwerzeegt, datt et dat eenzegt valabelt Mëttel ass, fir der illegaler Awanderung e Reedel virzeleeën. Dofir hätt hie gären 5 Milliarden US-Dollar, oder hien ënnerschreift d‘Finanzéierungsgesetzer vu 25% vun den Administratiounen net.

Bei den Demokrate gesäit een net an, firwat een dem Donald Trump säi Wahnsinnsprojet sollt mat Geld ënnerstëtzen. Si hunn allerdéngs agewëllegt, bis zu enger Milliard fir Sécherheetsmoossnamen op a ronderëm d‘Grenz an de Budget anzedroen. Domatter ass eng politesch Pattsituatioun entstanen, an et gëtt den Ament keen Expert oder Observateur, deen eng kuerzfristeg Léisung gesäit.

Um trumpsche Sender „Fox-News“ huet den zukünftege Kabinett-Chef vum US-President behaapt: „D‘Demokraten hunn d‘Diskussiounen einfach ofgeschloss. (…) De President, nodeems hien drop verzicht huet Chrëschtdag a senger Residenz a Florida ze verbréngen, huet elo och seng Projete vir de Reveillon an Neijoerschdag annuléiert“. Et gëtt deemno am Krees vun der Famill gefeiert…

Op där aner Säit, d‘Demokraten. Déi hunn sech zanter Chrëschtdag net méi zu Wuert gemellt, nodeems si dat Wäisst Haus beschëllegt hunn, stänneg Demande virzeleeën, déi Verhandlungen onméiglech maachen. Domatter läit de Ball am Lager vum Senat, deen sech den 2. Januar 2019 nach emol dem Budgetsgesetz mussen zouwennen. An och hei gesäit et net gutt aus.

Dat ass dem Fait geschëlt, datt d‘Republikaner wuel d‘Majoritéit hunn (51 Sëtz vun 100), mee et 60 Stëmme brauch, fir den Text unzehuelen. Ab dem 3. Januar ännert sech dat Verhältnes, an d‘Republikaner kréien zwee Mandater bäi. Dat kann d‘Situatioun net retten, an d‘Tatsaach datt d‘Republikaner an der Representantekummer an d‘Minoritéit geroden, mécht et net besser.

Fir 2018 ass et den drëtte Shutdown mat deem sech d‘Trump-Administratioun – 3 Deeg am Januar an ee puer Stonnen an Februar – ausenanersetzen. Dee leschte Shutdown virun der Ära Trump hat et am Oktober 2013 ginn, deen huet 16 Deeg gedauert. De Rekord vun 21 Deeg „Shutdown“ féiert zréck an d‘Joren 1995-1996. Et stellt sech d‘Fro op de politesche Kontext eng Léisung parat hält.

Schwiereg Zäiten

Et ass awer wichteg drop hinzeweisen, datt dëse Shutdown nëmme partiell ass. D‘Republikaner an d‘Demokrate mussen sech de Clash erwaart hunn, well si haten am Hiecht de Budget fir déi ënnerschiddlech Administratiounen zu 75% ugeholl. Dat besonnesch fir esou wichteg Ministère, wéi dee vun der Verdeedegung. Trotzdeem si vum Shutdown 800.000 Beamte betraff.

Déi meescht vun hinnen erhalen op den 31. Dezember eng voll Pai, well déi sech op den Zäitraum virum Shutdown bezitt. Mee fir déi wou dat net gëllt – wéi um Beispill vun de ronn 40.000 Mann vun der „Coast Guard“ – kann et sech hinzéien, bis si hire Loun erhalen. Wochen op seng Pai ze waarden ass fir vill vun de Beamten awer keng Optioun, och si mussen hir Rechnunge bezuelen.

Fir dëse Beamten entgéint ze kommen, huet de Personal-Büro vun der federaler Regierung ee puer Beispiller vu Bréiwer (am Internet) verëffentlecht, déi genotzt solle ginn, fir mat de Creancieren e Report vun de Payementer auszehandelen. Déi sougenannte „Vertragsaarbechter“ – notamment déi Leit déi an de Kantinnen oder fir d‘Botzen zoustänneg sinn – mussen onbezuelte Congé huelen.

Den Donald Trump ironiséiert, datt d‘Demokrate méi ze verléieren hätten, well de Shutdown grad déi Leit trëfft, déi fir si gestëmmt hunn. Et wier also net seng Schold, wann d‘Leit keng Pai kréien. Dat gesinn déi betraffen anescht. Esou de Kevin: „Ech huelen et de Republikaner iwwel, déi sech dësem egozentresche President net entgéint stellen, well si Angscht virun der eegener Basis hunn“.

mam Elodie Cuzin an dem Elodie Mazein/AFP

Foto: Nieft de Beamten an Aarbechter, sinn et virun allem d‘Touristen, déi de Shutdown ganz reell materliewen. Ëffentlech Gebaier an Attraktioune sinn zou. © Andrew Caballero-Reynolds/AFP

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Mauer, mexikanesch Grenz, Republikaner, Shutdown, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel