Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: US-Marionett kritt Opstand net gemanagt
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-sites-look-up/

No heftegen Ausenanersetzungen um Dënschdeg, ass nees eppes wéi Rou

https://moien.lu/analicia-chaves-dating-history/
dating gunpowder
International Neiegkeeten

Marvel’s The Defenders ass en Experiment, wat net ganz gelénge wëll

Netflix a Marvel wollten um klengen Ecran dat erreechen, wat

What the Fakt – Dajee, Rock den Amadeus!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Dajee, Rock den Amadeus!

Den éisträichesche Sänger a Komponist ass den éischten däitschsproochege Museker,

USA verhänke Sanktioune géint d‘Gesiicht vum Regime

Iraneschen Ausseminister Dschawad Sarif steet elo och op der US-Sanktiounslëscht

USA verhänke Sanktioune géint d‘Gesiicht vum Regime

Laut dem US-Ausseminister Mike Pompeo, ass den Dschawad Sarif d‘Gesicht vum iranesche Regime, deen d‘Propaganda- an Desinformatiounscampagnen zur Ënnerstëtzung vun der Entwécklung vun de Waffesystemer an d‘Bewaffnung vun Terrornetzwierker uféiert, firwat déi Sanktiounen absolut gerechtfäerdegt wieren.

De hëlt gesäit dës nei Sanktioun labber a léisst schonn emol duerchblécken, datt weder hien nach seng Famill iwwer Besëtz ausserhalb dem Iran verfügen. Via Twitter äntwert hien dem Amerikaner: „Merci datt dir mech als esou eng grouss Bedreeung astuuft“. Zumindest kann een dem Iraner hei eng gewësse Mooss un Humor, vläicht och esou eppes wéi Sarkasmus, zouzegestoen.

USAEt ass allerdéngs, an d‘Entwécklungen – fir net vu Bedreeung auszegoen – am persesche Golf ginn dat vir, den Ament schon esou, datt den iraneschen Ausseminister den derzäit a meeschten zitéierten Iraner op der politescher Weltbühn ass. Et ass och bekannt, datt den US-President e Regimewiessel zu Teheran erbäiféiere wëll. Zudeem géifen d‘USA den Iraner gären en neien Accord opzwéngen.

USAAn esou gëtt kontinuéierlech den Drock op d‘Ajatollahen erhéicht. Am Juni hat den Donald Trump mat senge Beroder entscheet Sanktioune géint de reliéise Leader, den Ajatollah Ali Chamenei, esou wéi och géint héichrangeg Revolutiounsgardisten, Sanktiounen anzeféieren. Well awer d‘UNO hire Sëtz zu New York huet, dierf den Ausseminister weider an d‘Land areesen. Awer nëmme fir d‘UN.

USAFirwat dee ganze Stress? Ma de Locataire vum Wäissen haus ass iwwerzeegt dovunner, datt den Dschawad Sarif een vun den onséilegen Architekte vum Atomofkommes ass. En Accord deen den Donald Trump eegenhänneg zerrappt huet. Den deemolegen US-Ausseminister John Kerry, huet drun erënnert, datt d‘Zesummenaarbecht mam Sarif beschtens war. Mee dat ass jo kee Patriot…

USA

Wéi ee ka feststellen, den iraneschen Ausseminister ass wierklech vill ënnerwee. An och déi Länner déi den Dschawad Sarif esou besicht, stinn net op der Lännerlëscht déi den Donald Trump als Partenariatsfäeg hält.

Am Trump senger Ekipp ass den Toun en aneren. Et huet een net d‘Absicht e verséinlechen Toun unzeschloen, schliisslech wieren – wann een sech un d‘Twitter Aussoen hält – de President Hassan Rohani an den Dschawad Sarif d‘Frontmänner vun enger korrupter reliéiser Mafia. Richteg, dem seng Leit kennen sech an dësem Milieu beschtens aus, dat mécht d‘Ausso selwer awer net besser.

mat indymedia/nyc

Foto: Den 23. Juli war den Dschawad Sarif beim bolivianesche President Evo Morales. Deen ass den Amerikaner och net gehéier. Verständlech, si hunn deen net un d‘Muecht bruecht… © IranianFM

Ähnlech Sujeten Dschawad Sarif, Iran, Mike Pompeo, Sanktioune, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel