Search

You may also like

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag
International Neiegkeeten

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

Nom kuriose Feierdag, wou een sengem Auto een Numm sollt

Paleo – mat saisonalen a regionale Liewensmëttel duerch den Alldag
International Neiegkeeten

Paleo – mat saisonalen a regionale Liewensmëttel duerch den Alldag

Virun net all ze laanger Zäit huet d’Nathalie Meier-Hottua säi

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert
International Neiegkeeten

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert

Esch-Uelzecht – Um haitege Freideg war d‘Stëmmung am „Service Canalisation“

Brandgeféierlech an net ziilféierend

Washington geheit d‘Chinesen eraus, a Peking schéckt d‘Amerikaner heem… wat ee Gedeessems!

Brandgeféierlech an net ziilféierend

Nodeems den amerikanesche „Law & Order“ President, sech bei de Chinesen e Beispill geholl huet, wéi ee mat engem Protest an enger Groussstad ëmzegoen huet, huet hien als „Merci“ verfüügt, datt dat chinesescht Konsulat zu Houston (Texas) muss direkt zougemaach ginn. D‘Chinese fannen dat eppes iwwerdriwwen a hu vu Washington d‘Schléissung vum US-Konsulat zu Chengdu gefuerdert.

An enger Grondsazried zu den amerikanesch-chinesesche Bezéiungen huet den US-Ausseminister Mike Pompeo hënt China nees eppes méi zolidd ugegraff, dat awer natierlech nëmme verbal an och primär fir dem „Chef“ nees eppes Kredit am Presidentschaftswahlkampf zouzeschousteren. Säi Virworf, datt China d‘Uiguren – eng moslemesch Minoritéit – a Konzentratiounslager internéiert ass wuel net verkéiert, mee et geet drëms en Argument ze hunn, net fir Mënscherecht anzetrieden.

Et mécht sech natierlech gutt um internationale Parquet hannert déi prodemokratesch Beweegung vun Hong Kong ze stellen an och mam Fanger op déi schon eppes dramatesch Lag vun den Uiguren hinzeweisen, mee da sollt et engem och Eescht gemengt sinn. Leider sinn der Trump-Regierung d‘Awunner vun Hong Kong an d‘Uigure souwisou éischter egal, mee en nëtzlecht „Mëttel zum Zweck“. Si daache just derzou, déi Alliéiert am Kampf géint Peking hannert sech ze versammelen.

E Pharisäer wéi en am Buch steet

„Vläicht ass et un der Zäit“, esou de Big Mike un d‘Adress vu senge Partner, „eng nei Grupp vu gläichgesënnte Länner opzestellen. Mir kënnen dës Erausfuerderung net eleng bewältegen“. Datt hien dann d‘UNO, d‘NATO, d‘G7- an d‘G20-Länner, mat hirer wirtschaftlecher a militärescher Muecht mengt, ass gewot. Schliisslech huet dem Donald Trump seng „America-First“ Politik, all dës Institutiounen, wéi och esou zimmlech all multilateral Bündnisser, zolidd beschiedegt.

ChinaAn déi sollen elo erugezu ginn – ënnert de genannte Virwänn – fir dem Donald Trump en zweet Mandat als US-President ze sécheren. Et ass dann och egal op dës „Partner“ matmaachen oder net, et geet drëms „gutt Argumenter ze fannen“ fir d‘US-Bierger op d‘Kandidatur vum Milliardär anzestëmmen, an ze weisen, datt nëmmen een de Pouvoir huet, China a d‘Knéien ze zwéngen. An awer sinn dës nei Provokatiounen a Spannungen eng reell Gefor, fir de Fridde wéi fir den Handel.

Um Dënschdeg huet Washington beschloss, datt Peking seng Dependance zu Houston bis haut muss zoumaachen. Firwat d‘Amerikaner hiert Konsulat an der südwestchinesescher Metropol Chengdu elo och dierfen zoumaachen. Et kann een dann elo och behaapten, datt hei d‘Auer op virun 1979 zeréckgestallt gëtt, Joer an deem d‘USA a China endlech diplomatesch Bezéiungen opgeholl haten.

mat indymedia/nyc/hou/tpe

Illustratioun: © Xinhua

Related topics Äiszait, China, Hong Kong, Mënscherechter, Uiguren, USA
Next post Previous post