Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net
International Money Neiegkeeten

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

Et misst ee laang sichen, fir een ze fannen, dee

What the Fakt – De Quarks & Co Moderator Ranga Yogeschwar huet Gebuertsdag!
International Money Neiegkeeten

What the Fakt – De Quarks & Co Moderator Ranga Yogeschwar huet Gebuertsdag!

Den aus Lëtzebuerg stamenden Ranga Yogeshwar feiert haut säin 59.

En autofräien Dag fir d‘Stad Lëtzebuerg
International Money Neiegkeeten

En autofräien Dag fir d‘Stad Lëtzebuerg

déi gréng (Sektioun Stad) hunn zwou Motioune virbereet, iwwert déi

money

Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front

Et gouf decidéiert net méi ze schéissen, mee d‘Schossveste ginn ubehalen

Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front

Den Donald Trump ass nees ganz aus dem Haischen. Gëschter huet hie via Twitter wësse gelooss, datt sech d‘USA a China op en Deelofkommes zur Beendegung vum Handelskrich gëeenegt hunn.

Bei de Gespréicher iwwert déi éischt Phas vun engem Ofkommes hätt et grouss Fortschrëtter ginn, huet och de stellvertriedende chineseschen Handelsminister zu Peking matgedeelt. Béid Säiten hu sech am Grondsaz gëeenegt. Konkret heescht dat, datt China sech verflicht méi amerikanesch Wueren ze kafen. Energie, Finanzdéngschtleeschtungen, landwirtschaftlech a pharmazeutesch Gidder aus den USA sollen dem Handelsdefizit entgéintwierken an d‘Douanestaxe verhënneren.

Weider heescht et, datt no dësem freedegen Event elo iwwerluecht gëtt, op een en Handelsaccord bei enger besonnescher Zeremonie ënnerschreiwe soll. Woubäi, wirtschaftlech betruecht ass et am globalen Interessi, datt sech déi zwee „Handelsrisen“ mat enaner verdroen. Dat bestätegen dann och Coursen op den amerikanesche Bourssen, déi hunn no der Annonce nei Rekordwäerter erziilt.

Bosseg an dësem Kontext, datt de Constat, datt den US-President nach kuerz virdrun, deem Ganze bal de Teppech ënnert de Féiss entzunn hätt. Säin Tweet: „D‘Geschicht vum Wall Street Journal zum China-Deal ass vëlleg falsch“, koum wuel ouni „Eenzelheeten“, huet awer fir Onsécherheet gesuergt, wëll den Tweet net emol eng Hallefstonn virun der annoncéierter Pressekonferenz vun de Chinesen erausgaangen ass. Déi waren doropshi genéidegt de Pressetermin ze verréckelen.

De Wall Street Journal hat bericht, datt Peking ugebuede gi wier, op déi fir en Sonndeg ugesaten Erhéijung vun den Taxen op Importer am Wäert vun 160 Milliarden US-Dollar ze verzichten. Eng Informatioun déi esou och un aner Medie gaangen ass. Et wier proposéiert gi sinn, bestoend Taxen ze reduzéieren. Peking wëll am Géigenzuch fir 50 Milliarde landwirtschaftlech Gidder kafen.

mat indymedia/was/nyc

Foto: Wann ee mat sech selwer esou zefridden ass, soll een dat och weisen dierfen. Beim Donald Trump, 45. President vun den USA, gesäit dann esou aus. © The Hill

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Handelskrich, Handelsofkommes, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel