Search

You may also like

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19
International Neiegkeeten

Satir a Krisenzäiten: „extra-3“ beliicht den Ëmgang mam Covid19

D‘Zäite wieren haart, an se géifen nach eng Grëtz méi

surprise
No #metoo – Deneuve, Anzari a Konsequenzen
International Neiegkeeten

No #metoo – Deneuve, Anzari a Konsequenzen

Säit dem Harvey Weinstein Skandal, hu vill Léit sech zu

Pipo Peng: Eng flott Moss
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Eng flott Moss

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

USA vs Iran: Den nuklearen Dissens

Washington an Teheran hänken sech nach ëmmer an den Hoer wéinst dem Atomofkommes

USA vs Iran: Den nuklearen Dissens

Duerch d‘Covid19-Pandemie ass de Sträit tëscht den USA an dem Iran eppes aus de Schlagzeile verschwonne, mee längst nach net bäigeluecht. Onerkläerlech Explosiounen an och soss vun Teheran net weider erkläerte Virfäll, wéi de Brand an enger Atomanlag, sinn esou wäitleefeg aus den Noriichten erausgehale ginn. Zäit e Bléck hannert de Rideau ze werfen…

Offiziell haten déi iranesch Autoritéite vun engem Feier an engem eidelen Industriegebai geschwat, mee an der tëscht ass gewosst, et war eng Explosioun déi Ufank Juli zu Natanz déi fortschrëttlechst Anlag vum Iran zerstéiert huet. Hei goufen d‘Zentrifugen zur Uranuräicherung zesummegebaut. En Accident gëtt ausgeschloss, mee wien hannert dësem Virfall stécht ass net kloer.

Dofir gëtt et masseg Spekulatiounen. Sinn et iranesch Widderständler? Stécht den israelesche Geheimdéngscht derhannert? Béides ass plausibel, mee näischt dovunner léist sech beweisen. Teheran wäert der Ëffentlechkeet net agestoen, datt et Dissidenten am Land, gëtt déi esou en Uschlag duerchféiere kënnen a Jerusalem äussert sech ni zu esou Aktiounen.

IranAn da sinn do och d‘Uschléi op eng Fabrick, e Spidol an ee Kraaftwierk, déi et an de leschten Deeg ginn huet, zu deenen et keng valabel Erklärunge säitens den Ajatollahe gëtt. Zudeem fält op, datt et nees méi Ugrëff op d‘US-Ambassade zu Bagdad gëtt an och amerikanesch Stëtzpunkten am Irak verstäerkt attackéiert ginn. An dat alles werft vill beonrouegend Froen op.

Kënnt et elo nees zu Iwwergrëff op Schëffer am persescher Golf? Ass d‘Pëtrolsproduktioun a Saudiarabien bedreet a muss mat Hackerattacken op US-Institutioune gerechent ginn? Äntwerte wäert d‘Zukunft liwweren, mee et ass awer séchergestallt, datt sech de Konflikt tëscht den USA an dem Iran net calméiert huet. An d‘Weltëffentlechkeet huet den Ament aner Suergen…

Kritik bei der IAEA, Gestreits am UN-Sécherheetsrot…

Säit den Donald Trump d‘Atomofkommes vun 2015 ad acta geluecht huet an d‘Europäer am Iran ni hir Engagementer agehalen hunn, hunn d‘Ajatollahe nees hiren Atomprogramm opgeholl an d‘IAEA kann nëmme feststellen, datt Teheran sech net méi un déi an dësem Ofkommes vereenbaart Verflichtungen hält. Firwat sollten se och en Ofkommes anhalen dat et faktesch net méi gëtt?

An ouni Ofkommes ass et grad esou normal, datt den Iran keng IAEA-Inspekter a seng Anlagen eraléisst. An nach emol et ass net den Iran deen Ofkommes gekënnegt huet. Teheran huet laang mat deenen anere Signataire un dësem Accord festgehalen, mee och déi hu sech net wierklech un hir Engagementer gehalen, datt och wëll si hätte mat Sanktioune säitens den USA rechne missen.

Washington huet dann och nees massiv Sanktioune géint den Iran verhaangen, an et gëtt alles versicht, den UN-Sécherheetsrot (UNSC) dovunner ze iwwerzeegen, de Waffenembargo dee Mëtt Oktober ausleeft, ob onbestëmmten Zäit ze verlängeren. Dat awer géif sech nëmmen dann och opgoen, wa China a Russland gewëllt wiere matzemaachen, an duerno gesäit et net aus.

IranD‘Europäer schéngen den Ament nach ëmmer beméit ze sinn, d‘Atomofkommes iergendwéi ze retten, jo esouguer China a Russland wëllen dësen Accord erhalen. Enger Weiderféierung vum Waffenembargo allerdéngs si Peking a Moskau net opgeschloss. Si sinn eppes veriergert doriwwer, datt obwuel si d‘Ofkommes gekënnegt hunn, d‘USA sech weider an d‘Ëmsetzung amëschen.

An hiren Ierger wéi hir Suerge sinn duerchaus berechtegt. Géif Teheran ganz offiziell den Accord opkënnegen a méiglecherweis och nach aus dem Atomspärvertrag austrieden, dann hätt d‘Welt ee Problem. Wat géif d‘Ajatollahen dann nach dovunner ofhalen, sech ee modernt Atomwaffenarsenal unzeleeën? Wéi et geet wëssen si längst, Uran hätten si genuch an och soss si se gutt opgestallt.

Datt Washington déi iranesch Regierung zu neie Verhandlungen zwénge wëll, dat méiglechst nach virun de Presidentschaftswahlen am November, ass e Witz, allerdéngs ee Schlechten. Den Donald Trump huet oft genuch an zimmlech däitlech gemaach, datt hien am Iran ee Regimewiessel wëll erbäiféieren. Datt d‘Ajatollahe op esou e Gespréichspartner keng Loscht hunn, ass verständlech…

mat indymedia/nyc/vie

Illustratioun: Wikiimages

Related topics Atomofkommes, IAEA, Iran, JCPOA, Sanktiounen, UN-Sécherheetsrot, USA, Waffenembargo
Next post Previous post