Search

You may also like

Signalbrécke fir d’N2a a Richtung Echangeur Hamm
International Neiegkeeten

Signalbrécke fir d’N2a a Richtung Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der N2a a Richtung Echangeur

De Service Hygiène suergt fir Kloerheet: Wouhi mam Offall?
International Neiegkeeten

De Service Hygiène suergt fir Kloerheet: Wouhi mam Offall?

Och weiderhin gëtt d’Kollekte vum Offall (schwaarz, brong, gréng a

Editorial: Ofgeschiermt
International Neiegkeeten

Editorial: Ofgeschiermt

Ass et Iech och scho virkomm, datt Owes d’An getréint

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn

Wa sech erweise sollt, datt d‘Aussoe vum fréieren US-Ambassadeur bei der NATO, Ivo Daalder, stëmmen, dann hunn se am Wäissen Haus zimlech extravagant Virstellunge vu militärpolitesche Bezéiungen. Den Donald Trump soll wëlles hunn, Geld fir seng Zaldoten ze verlaangen…

Heibäi geet et net ëm een eppes ze fréi an d‘Welt gesaten „Abrëllsgeck“. Deem komesche Kärel zu Washington ass alles wat der Weltgemeinschaft Häerzklappe bereet, en ersiichtleche Pleséier, an hie geet ongewinnte Weeër, fir dat erfollegräich ëm- an duerchzesetzen. Elo also sollen déi Länner, an deenen US-Zaldote stationéiert sinn, fir den Ënnerhalt a méiglecherweis och d‘Paien opkommen.

Firwat esou eng Entscheedung? Ma de 45. US-President ass ënnert anerem der Meenung, datt seng NATO-Partner sech net beweegt kréien, an senger Uerder 2% vum BIP an Oprëschtung ze stiechen net wierklech nokommen. Et ass wuel net vun der Hand ze weisen, datt d‘USA an der NATO déi gréisste Laascht droen, mee den US-Militärkomplex verdéngt sech dobäi domm an däämlech.

A wann do méi derhannert stécht?

Wien elo vireileg Uerteelt, an nëmmen déi finanziell Komponent berécksiichtegt, gräift ze kuerz. Et geet ëm vill méi wichteg Saache wéi Geld. Den Ament ass et esou, datt d‘USA Zaldoten a Japan (40.000), Däitschland (33.000) oder Südkorea (28.000) stationéiert hunn. Aus hirer Siicht e Schutz fir dat Land, aus der Siicht vu „Pazifisten“ eng Besatzungsmuecht. Béides stëmmt esou net.

Egal wou Washington seng Truppen opstellt, et geet ni ëm de Schutz vun „deem“ Land, mee et ass och keng Besatzung. D‘Stationéiere vun US-Truppen huet eenzeg an eleng (och an der NATO) zum Zweck US-Interessen ze verdeedegen. Et muss kee mengen, datt Atomrakéiten (keng 100 KM vu Lëtzebuerg ewech) an Däitschland den Zweck hunn Europa ze verdeedegen. Dat war ni de Fall.

Zréck bei de Plang d‘Stationéierung vun Zaldoten ze fakturéieren: Et sollen déi gesamt Fraisen a Rechnung gestallt ginn, dat mat engem „Opschlag“ vu 50%. Dësen „Opschlag“ ass verhandelbar. Also déi Natiounen, wou sech „gutt behuelen“ an déi vu Washington opgestallt politesch Strategie matdroen, kréie Bonuspunkten, déi sech positiv op den Endbetrag an der „Rechnung“ auswierken.

USA

Am Pentagon ass een net iwwerzeegt

Decidéiert ass natierlech nach näischt, a villes hei ass „spekulativ“, mee et ass een awer och net méi bei Rumeuren. De Gedanken u sech ass Echt an Eescht, a mir rieden och nach Ëmmer vum Donald Trump. Nodeems dësen déi laangjäreg an trei Partner vun den USA, op zimlech all erdenklech Aart a Weis widder de Kapp geschloen huet (Douanestaxen, Apologie vum Populismus…) elo dat eloten.

Seng Generäl an eng Rei Beroder awer sinn net erfreet, iwwert esou „Gedanken“ an schonn emol guer net, datt dës sech an der Welt verbreeden. Och déi sich duerchaus bewosst, datt d‘US-Zaldoten déi an Däitschland oder Polen stationéiert sinn, net zum Schutz vun Europa, mee erwisenermoossen d‘Interesse vun den USA verdeedegen. Et ass an éischter Linn ni ëm de Schutz vun anere gaangen.

Huele mir de Beispill „Rammstein“ an „Landstuhl“. Rammstein ass e militärescht Dréikräiz dat eng imminent wichteg geopolitesch spillt. Heiriwwer gi masseg militäresch Asätz gesteiert. Landstuhl ass e „Gesondheetszentrum“, also e Mega-Spidol, wou d‘Zaldoten déi bei Operatiounen am Irak, Syrien oder Afghanistan verletzt ginn, nees zesummegeneelt ginn. Dat soll och alles bezuelt ginn.

Vläicht huet et eppes Positives…

Op a wéi den US-President esou e Plang kann ëmsetzen, ass alles anescht wei ersiichtlech, an et kéint e wënschenswäerten Nieweneffekt hunn: Wann Däitschland beispillsweis net gewëllt wier (gutt et ass e schwieregt Beispill) de Fuerderunge vu Washington ze entspriechen, kéint et jo sinn, datt si hir Atomwaffe vu Büchel ofzéien. Dat wier eleng e gudde Grond d‘Moossnam ze begréissen.

Et sollt zudeem derzou bäidroe kënnen, datt Europa sech endlech um Rimm rappt, an en eegene Verdeedegungssystem op d‘Bee stellt. Dat kéint eventuell derzou féieren, datt dann um Enn awer all Land 2% vum BIP an Oprëschtung muss stiechen, mee zumindest géif dëst Geld an déi eegen industriell Infrastrukture fléissen. Dat ass leider keng friddenspolitesch baséiert Feststellung…

Interessant an dësem Fall, dee vun alle „Transatlanteschfrëndleche Medien“ esouwäit wéi méiglech ignoréiert gëtt, datt esouwuel d‘Pressestell vun der NATO, wéi och déi fir Verdeedegung zoustänneg Uspriechpartner bei der EU, sech weigeren zu dëse ganze Behaaptung Stellung ze huelen. Och de grénge Lëtzebuerger Krichsminister François ass net erreechbar, an äntwert net op eis e-Mailen

mam Sarah Kleeblatt, indymedia global

Related topics Donald Trump, Militärbasis, Pentagon, USA
Next post Previous post