Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch
Well de Vulkan Agung zu Bali ëmmer méi Damp an
Well de Vulkan Agung zu Bali ëmmer méi Damp an
Sponsored Story – De Projet ECOBOX – Méi laang genéissen,
Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun
Dir hutt et schonn héieren, well keng Noriichtenagence, keng Zeitung an och kee Radio oder Tëlee sech et konnt entgoe loossen. Zanter dem Freideg maache Geschichten den Tour vun der Welt, an deene behaapt gëtt, datt dee geniaalste President an der Geschicht vun den USA Grönland kafe wëll.
An hei stellt sech als éischt d‘Fro: Soll een driwwer laachen? Ass et mat Kapprësele scho gedoen? Geséchert ass zumindest datt et fir dës Rumeure keng „offiziell Grondlag“ gëtt. Mee et geet ëm den Donald Trump, an da mussen d‘Medie beriichten (och mir) egal wéi verréckt an onglafwierdeg déi verbreeten Informatioun ass. A wann eng Rumeur bis gestreet ass, kritt ee se net méi agefaangen.
Fake-News sinn nëmmen da wierklech gutt, wann ee häerzlech de Geck domatter maache kann
Dat féiert dann och zu „Reaktiounen“, déi dann awer mam selwechte Seriö dierfe beliicht ginn. Do huet e fréieren dänesche Ministerpresident getwittert „Dat muss en 1. Abrëllsgeck sinn“, an d‘Bette Midler freet sech op de Milliardär iwwerhaapt weess wou Grönland geleeën ass… Mee wat sech hei „Absurd“ unhéiert, sollt een net mëssverstoen. Den US-President wat Grönland u Ressourcen huet.
An dorëms geet et am Kär. Elo ass zwar gewosst, datt de Klatzkapp de Klimawandel verleegent, net awer datt hien – oder zumindest seng Wirtschaftsberoder – vergiess hätte wéi eng Ressourcen sech ënnert dem Äisdeckel vu Grönland verbiergen. An hei dierf een déi geostrategesch Lag vum Land net aus dem Bléck verléieren. Grönland géif sech gutt fir d‘Stationéiere vun Atomwaffen eegnen.
Erënnere mir dann och drun, datt scho virun 73 Joer e gewëssenen Harry Truman, datt war den 33. President vun der Vereenegte Staaten, den Dänen 100 Milliounen US-Dollar fir déi arktesch Insel ugebueden hat. Eng vernënfteg Propose, ëmmerhin hat Kopenhagen den USA e puer Joer virdrun d‘Virgin Islands an der Karibik fir 25 Milliounen US-Dollar ofgetrueden. Firwat net Grönland?
Iwwerhaapt sinn d‘Amerikaner ee „Kaffreedegt Vollek“. Si hunn am 19. Joerhonnert vill Gebitter opkaf fir hiren Territoire ze consolidéieren. De Fransousen hunn se de Staat Louisiana fir deemools 15 Milliounen US-Dollar, de Russen Alaska fir 7 Milliounen an de Spuenier Florida fir ganzer 5 Milliounen ofgeknäppt. Datt de Milliardär an senge Virgänger net nostoe wëll, ass verständlech.
Als schéinsten a verbal verséiertsten US-President, bedreift den Donald Trump Politik wéi een se nach net gesinn huet, an et sollt een hie vläicht net ëmmer wiertlech, mee ëmmer eescht huelen. Déi dänesch Regierung huet dann och gemengt, datt Grönland net zum Verkaf steet, ouni sech op de Mediespektakel anzeloossen. Fir e lëschtegt Comptoirsgespréich huet d‘Nouvelle awer gedaacht…