Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean
International Neiegkeeten

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum Haff matgedeelt huet, ass de Groussherzog

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
International Neiegkeeten

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“
International Neiegkeeten

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“

Den amerikanesche „Labour Day“ – datt ass eppes wéi eisen

USA wëllen a Palestina investéieren awer net dat eegent Geld

Friddensplang fir den Noen Osten: 50 Milliarden US-Dollar fir de Projet „Peace to Prosperity“

USA wëllen a Palestina investéieren awer net dat eegent Geld

Washington wëll mat engem Milliardeninvestissement a Palestina, den Noen Osten nees eppes méi friddlech gestalten. Deen um Samschdeg virgestallte Projet soll 1 Millioun Aarbechtsplaze schafen an iwwer 10 Joer iwwert e Portefeuille vu 50 Milliarden US-Dollar verfügen. A Palestina stéisst de Friddensplang op Kritik…

Fir zu engem nohaltege Fridden tëscht de Palestina an Israel ze kommen, setzen d‘Amerikaner op Wirtschaftsentwécklung a sinn esouguer bereet sech dat eppes kaschten ze loossen. Esou kéinten iwwert en Zäitraum vun 10 Joer, Milliarden US-Dollar an de wirtschaftlechen Opbau investéiert a bis zu enger Millioun Aarbechtsplaze geschafe ginn. Dofir brauch d‘Land eng Wirtschaftsreform.

Mat deene vun den USA virgeschloe Reformen, kéinten international Investisseuren ugelackelt an esouwuel d‘Westjordanland wéi de Gazasträifen, a bléiend Landschafte verwandelt ginn. Zil vum Projet: Verduebelung vum Bruttosozialprodukt a Kreatioun vun 1 Millioun Jobs. D‘Secteure vum Bau (Infrastrukturen), Tourismus a Landwirtschaft, sinn déi primär Investitiounsberäicher.

Et soll awer och an d‘Bildung investéiert an d‘Administratioun gestäerkt ginn. Et soll an d‘Energie investéiert, d‘Klinike moderniséiert an d‘Grenzposten ausgebaut ginn. Laut dem Wäissen Haus ass de virgeluechte Plang eng Optioun fir Palestina, d‘Zil: „eng friddlech Zukunft“ och tatsächlech ze erreechen. Et géif genuch Potential, fir d‘Wirtschaft a Palestina op gesond Féiss ze stellen.

Elo misst een nach vertrauenswierdeg sinn

Wann de vum Jared Kushner virgestallte Plang: „Peace to Prosperity“, um Pabeier ee ganz gudden Androck mécht an och Usätz enthält déi sënnvoll ausgesinn, esou bleift onkloer wouhier d‘Geld komme soll. Schliisslech huet den US-President elo net dat beschte Verhältnis mat der politescher Féierung. Enn August 2018 hat dat Wäisst Haus 200 Milliounen Entwécklungshëllef gestrach

Geet et awer dem Trump sengem Eedem no, da sollten „aner Länner“ dat Geld opbréngen. Esou kéinte virun allem déi „räich“ Golfstaaten d‘Rechnung iwwerhuelen. Fir sécherzestellen datt mam Geld anstänneg ëmgaange gëtt, sollen d‘Investitioune vun enger multinationaler Entwécklungsbank geréiert ginn. Bis dohinner dierft et e wäite Wee sinn, well déi Concernéiert sollten och gefrot ginn.

Mee Amerikaner „froen net“ si imposéieren an dat ass net Ziilféierend. Et ass net verwonnerlech, datt de Projet, deen ouni d‘Bedeelegung vun de Palestinenser ausgeschafft ginn ass, op Kritik stéisst. Esou huet d‘Hanan Aschrawi vun der PLO op Twitter, dem däitlech pro-israelesch agestallte Jared Kushner säi Projet, galant awer bestëmmt, zréckgewisen. Dat mat gudden Argumenter.

Fir datt esou ee Plang iwwerhaapt zur Diskussioun ka bruecht ginn, muss als éischt d‘Blockad vu Gaza opgehuewen an d‘Annexioun vu weidere Gebidder gestoppt ginn. Ähnlech gesäit och déi radikal islamesch Hamas, déi Washington ze verstoe ginn huet, datt ee Palestina net kafe kann. Dat gewosst, kann een den amerikanesche „Wirtschafts-Friddensplang“ getréischt op d‘Säit leeën

mat indymedia/was/tlv

Foto: Hosny Salah/Pixabay

Ähnlech Sujeten Friddensplang, Jared Kushner, Palestina, USA, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel