Search

You may also like

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?
International Neiegkeeten

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?

Dës Fro steet am Raum. Den Dag vun de Gemengewahlen

All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!
International Neiegkeeten

All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!

Den Individualverkéier reduzéieren, ass ugesicht dem wirtschaftleche Wuesstem an den

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé
International Neiegkeeten

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé

Ab dem 1. November 2018 ass den Christian Oberlé den

Elo ass et offiziell: d‘USA sinn aus der WHO ausgetrueden

Elo ass et offiziell: d‘USA sinn aus der WHO ausgetrueden

Den Donald Trump hat et laang genuch ugekënnegt, elo ass dann offiziell, d‘Amerikaner léisen hir Bezéiung mat der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) op. De Grond: D‘WHO hätt d‘Pandemie vum SARS-Cov2 duerch ënnerloosse quasi erbäigefouert. Et ass allerdéngs och eng Entscheedung, déi kritesch begleet gëtt.

Laut dem Stéphane Dijarric, Spriecher vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres, wieren déi concernéiert Instanzen entspriechend informéiert ginn. Den Austrëtt ass op de 6. Juli 2021 fixéiert ginn, an de Generalsekretär misst elo mat der WHO préiwen, ob d‘Konditioune fir esou en Austrëtt virleien. Dat Wäisst Haus hat den US-Kongress am Virfeld iwwer dëse Schratt informéiert.

De Locataire aus dem Wäissen Haus beschëllegt d‘Weltgesondheetsorganisatioun vill ze spéit iwwer d‘Gefore vum Coronavirus informéiert ze hunn an vu China kontrolléiert ze ginn, wou dës Roll dach eigentlech den USA – déi méi héich Beiträg wéi Peking bezuelen – zousteet. Den Donald Trump huet dann och d‘WHO eng Matschold um Dout vun honnertdausenden US-Bierger ginn.

WHOAn dësem Sënn, gëtt och China beschëllegt, net déi richteg Mesuren ergraff ze hunn, d‘Verbreedung vum Covid19 ze verhënneren. Fir Peking misst dat Folgen hunn esou den US-President, deen der WHO niewebäi nach virwërft sech den dréngend noutwennege Reformen ze verschléissen. Zanter Abrëll fléisst dann och kee Geld méi, wat international op eppes Onverständnis gestouss ass.

Mee och den Donald Trump steet wéinst der sanitärer Kris am eegene Land eppes ënner Drock. An et war net d‘WHO déi Geforen erofgespillt huet, datt war de Milliardär héchst perséinlech. Datt och seng „Virschléi“ wéi een dem Virus kéint begéinen, a méi generell d‘Gestioun vun der Kris, déi net wierklech virbildlech ass, fir déi iwwer 130.000 Affer kéinten eng Roll spillen, gëtt iwwerspillt.

D‘USA waren eent vun den éischte Bäitrëttslänner vun der WHO (7. Abrëll 1948). An engem Bréif un den US-Kongress (30. Juni – O‘Neill Institute) hunn eng 750 Experten aus de Beräicher global Gesondheet an internationalem Recht den US-President drop higewisen, datt den Austrëtt aus der Weltgesondheetsorganisatioun Mënscheliewe kascht, Amerikaner wéi Auslänner wiere betraff.

mat indymedia/was/gva

Illustratioun: © Luis Melendez / unsplash

Related topics Austrëtt, Donald Trump, USA, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Next post Previous post