Search

You may also like

Während dëser Zäit…
Meenung Neiegkeeten

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20.

dislike
D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst
Meenung Neiegkeeten

D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst

Déi 23. Sëtzung vun der UN-Klimakonferenz (COP23) ass zu Bonn

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen
Meenung Neiegkeeten

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen

Mat de fortschreidende Lockerungen hu sech vill als vulnerabel agestuuft

Uschlag op d‘Verschlësselung

Uschlag op d‘Verschlësselung

Den 8. November hunn d‘Journaliste vum ëffentlech-rechtleche Sender FM4 aus Éisträich an engem Artikel drop opmierksam gemaach, datt den EU-Ministerrot un enger neier Resolutioun schafft, déi nawell vill Froen a Kritik opwerft.

Nëmme 5 Deeg no deenen uergen Terroruschléi zu Wien, wëll een elo d‘Enn-zu-Enn Verschlësselung souzesoen ofschafen an dëst esou séier wéi méiglech an och nach hannert zouen Dieren. Domadder wier et ent méi méiglech, verschlësselt mateneen ze kommunizéieren, ouni Gefor ze lafen, datt eng aner Persoun matliest.

Esou sollen d‘Hiersteller vu bekannten Appe wéi Whatsapp, Signal, Telegram & Co eng Hannerdier abauen, domat Geheimdéngschter Zougrëff op Chats kënne kréien. Dacks gouf scho probéiert dëst ëmzesetzen, mee bis ewell ouni Succès.

Begrënnt gëtt d‘Noutwennegkeet vun esou Moossname jee no populisteschem Gusto – politeschen Extremismus, Terrorismus oder Kannerpornographie. Well aus dem Populismus och emol reell Veruerdnungen a Gesetzer kënne ginn, ass et ëm esou méi wichteg, datt d‘Zivilgesellschaft esou wéi och d‘Wirtschaft, kloer Positioun bezéien a Widderstand leeschten.

Mir vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg (C3L) sinn zu déifst beonrouegt iwwert dës Noriichten a maachen eis enorm Gedanken a wat fir eng Richtung mir histeieren. Op alle Fall wäerte mir dësem politesche, Geplänkels net einfach esou nokucken. Crypto-Wars goufen et schonn dacks ass bis elo huet d‘Zivilgesellschaft déi nach all gewonnen. Mir bleiwen eise Wäerter trei a setzen eis dofir an, datt dat och esou bleift.

Dowéinst fuerdere mir d‘EU an hir Memberstaaten mat Nodrock dozou op:

  • all d‘Pläng zur Schwächung vun Informatiounssécherheetsmoossnamen, wéi d‘Enn-zu-Enn Verschlësselung opzeginn;
  • Entreprisen net an d‘Flicht ze huelen, ee „Screening“ vun de Message virun der Verschlësselung duerchzeféieren oder aner Sécherheetslücken an hir Systemer ze implementéieren;
  • bei zukünftegen Debatten, wou et sech ëm d‘Thema „Verschlësselung“ dréint, och d‘Mënscherechtsorganisatiounen, Experten am Beräich digital Rechter, an aner Acteure vun der Zivilgesellschaft anzebannen,

Ech wëll net an enger Welt liewen, wou alles wat ech soen, alles wat ech maachen, jidderee mat deem ech schwätzen, wou all Ausdrock vu Kreativitéit oder Léift oder Frëndschaft opgeholl gëtt“, Edward Snowden

Matgedeelt vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg

Related topics C3L, Chaos Computer Club Lëtzebuerg, Digitaliséierung, Grondrechter, Informatik, Verschlësselung
Next post Previous post