Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
https://moien.lu/dating-culture-in-greenland/ https://moien.lu/flirty-dating-service/

dating expressions in english

Wiem et nach net sollt opgefall sinn, dee kënnt elo

dating your ex boyfriend's brother
https://moien.lu/dating-culture-in-greenland/ https://moien.lu/flirty-dating-service/

Fir méi Transparenz: E Lobbyregëster fir d‘Chamber

D‘Piratepartei, déi sech zanter hirer Grënnung fir méi Transparenz an

Sécher nëmmen eng Fritte, mee eng vum Francis
https://moien.lu/dating-culture-in-greenland/ https://moien.lu/flirty-dating-service/

Sécher nëmmen eng Fritte, mee eng vum Francis

Et gi Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann, an et

Utrecht: Uschlag oder Bezéiungsdot?

Schütze vun Utrecht ass verhaft ginn – Hannergrënn bleiwen onkloer

Utrecht: Uschlag oder Bezéiungsdot?

Gëschter, géint 10.30 an 11 Auer huet e 37 järege Mann an enger Tram zu Utrecht gebrauch vu senger Waff gemaach. Béi dëser Dot sinn dräi Mënschen op der Plaz verstuerwen, weider néng Persounen si blesséiert ginn. Dräi vun de Verletzte wieren an engem kriteschen Zoustand, esou de Buergermeeschter Jan Van Zanen bei der Pressekonferenz mat der Police an dem Procureur.

No der Dot konnt sech den Täter duerch d‘Bascht maachen, firwat d‘Police d‘Awunner gebueden huet méiglechst net op d‘Strooss ze goen. Unhand de Videoopname konnten d‘Autoritéite séier eng Phantomzeechnung erstellen, déi vun den Televisiounsstatiounen ausgestraalt, mee och an de soziale Medien diffuséiert goufen. De Mann deen als Gökmen Tanis identifizéiert ginn ass, konnt am freien Owend, no enger Perquisitioun am Utrechter Zentrum vun der Police verhaft ginn.

Utrecht

Eent vun de Biller déi d‘Police vun Utrecht iwwer d‘Sozialnetzwierker verbreet hat fir dem Täter mächteg ze ginn. Kuerz no 18 Auer haten si de Gökmen Tanis an enger Wunneng am Zentrum vun Utrecht opfonnt a verhaft. © Police Utrecht

Säitens den Autoritéiten ass bestätegt ginn, datt am Zesummenhang mat dëser Schéisserei, nach zwou aner verdächteg Persoune verhaft geholl gi sinn. Detailer zu dëse Persounen si keng bekannt, grad wéi net matgedeelt gouf, ob a falls jo, wéi wäit si an dëse Virfall agebonne sinn. Wat d‘Grënn fir dës Dot sinn, ob et sech tatsächlech ëm en Attentat gehandelt huet, oder wéi anerwäerts ugedeit, eng Bezéiungsdot, bleift den Ament ongekläert. Elo muss d‘Justiz seng Aarbecht ophuelen…

Utrecht

Wéinst dem Virfall war zäitweileg d‘Terrorwarnstuf zu a ronderëm Utrecht op den héchsten Niveau gehuewe ginn. Nodeems de Schütze vun der Police verhaft ginn ass, hunn d‘Autoritéiten dësen nees op 4 erofgesat. No der Dot war d‘Policepresenz am Regierungszentrum vun Den Haag erhéicht ginn an och den Amtssëtz vum Ministerpresident war „geséchert“. Esou et am „Terrorplang“ virgesinn ass, sinn poch d‘Sécherheetsmoossnamen um Fluchhafe Schipol (Amsterdam) ugehuewe ginn.

Utrecht

An engem offizielle Statement huet den hollännesche Premierminister Mark Rutte seng Landsleit opgeruff d‘Rou ze behalen. Et géif vill Froen a grad esouvill Rumeure, esou dat d‘Motivatioun hannert dëser Schéisserei mat esou villen Affer, och weider ongekläert bleift.“Eis Gedanke sollten elo bei de Familljen a Frënn vun den Affer sinn. Ech hunn ugeuerdent datt muer Dënschdeg all d‘Gebaier hir Fändelen op Hallefmast héijen“. Aus der ganzer Welt ass kondoléiert ginn.

mat indymedia/ams

Foto: De Buergermeeschter vun Utrecht Jan Van Zanen, huet sech gëschter op der Oktoberplein vun der Police iwwert de Virgank opkläre gelooss. © Gemeente Utrecht

Ähnlech Sujeten Gökmen Tanis, Jan Van Zanen, Police, Schéisserei, Utrecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel