Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Präis fir e Liewen: 2 Milliounen US-Dollar!
https://moien.lu/uk-singles-dating-sites-free/ dating aggression psicologico

persona 4 golden dating everyone

Kleng Kanner déi u spinaler Muskelatrophie leide kann elo an

charmed dead man dating watch online
https://moien.lu/uk-singles-dating-sites-free/ dating aggression psicologico

Nëmmen e Proff kennt sech gutt genuch mat eise Lycéeën aus, fir an eisem Lycée-Quiz gutt ofzeschneiden

Et ginn ëmmer méi Lycéeën an eisem Land! Do ass

Eltereschoul – Op Ënnerstëtzung kann een zielen
https://moien.lu/uk-singles-dating-sites-free/ dating aggression psicologico

Eltereschoul – Op Ënnerstëtzung kann een zielen

Eltere ginn a sinn ass net einfach. Aus dësem Grond

Op Uweisung vum US-Justizministère gëtt nees higeriicht

Den US-President ass e Frënd vun der Doudesstrof, hien huet ee Wee fonnt déi nees duerchzesetzen

Op Uweisung vum US-Justizministère gëtt nees higeriicht

Vill US-Bundesstaaten haten se wuel nach, just ëmgesat hu si d‘Doudesstrof net méi. Aner Staaten hu se schlicht ofgeschaaft. Dem US-President gefält dat net an hien huet ee Wee fonnt, wéi een dëst dach ganz probat Rechtsmëttel nees op Bundesniveau asetze kann. Elo huet den US-Justizministère Hiriichtungen ugeuerdent.

D‘Amerikaner an d‘Doudesstrof: als Ofschreckung daacht se näischt, wéi se duerchgefouert gëtt ass héchst ëmstridden an awer géifen déi meescht se gäre Live op der Tëlee materliewen. Elo huet den US-Justizminister William Barr eng entspriechend Uerder ausginn, an d‘Administratioun vun de Prisongen ugewisen, fënnef zum Dout veruerteelt Häftlingen hinzeriichten. E gewote Schratt…

US-JustizministèreNo 15 Joer also wëll Washington nees d‘Hiriichtungen op Bundesniveau duerchféieren, an et freet ee sech, ob dat elo Deel vum trumpsche Wahlkampf ass. Wahrscheinlech hält den US-President „Krich an Doudesstrof“ fir déi amerikanesch Versioun vu „Brout a Spiller“ aus dem ale Roum… Wéi och ëmmer, de genannten Häftlinge soll am Dezember an am Januar d‘Liicht ausgeknipst ginn.

A fir datt och déi Amerikaner, déi eigentlech dergéint wieren awer ënner gewëssen Ëmstänn fir dës „Moossnam“ Versteesdemech hunn, sech der Entscheedung net entgéintstellen, si geziilt Häftlingen ausgewielt ginn, mat deene kee ka Matleed hunn. Esou geet et hei ëm Persounen déi wéinst Mord u Kanner an/oder Jugendleche veruerteelt goufen. Et soll duerno zu weideren Hiriichtunge kommen.

„Kill them all!“

De Milliardär ass e ferventen Unhänger vun der Doudesstrof an et passt him net, datt déi net esou ugewannt gëtt, wéi dat emol „Traditioun“ hat. Hien hat esou den antisemitesch motivéierten Ugrëff op eng Synagog zu Pittsburgh am Hiecht d‘Lescht Joer benotzt, fir d‘Ëmsetzung vun der „finaler Léisung“ verstäerkt anzesetzen. D‘Doudesstrof sollt nees méi oft vun de Riichter verhaange ginn.

Mam William Barr huet den Donald Trump e „Brudder am Geescht“ fonnt an dësen huet dann elo och entspriechend Mesuren ergraff. Dat ass kee groussen Opwand, well an deene Fäll wou en Täter vun engem Bundesgeriicht veruerteelt ginn ass, entscheet d‘Bundesregierung iwwert d‘Exekutioun.

US-JustizministèreDéi lescht Hiriichtung duerch d‘Bundesbehörden hat et 2003 ginn. Et sinn zënterhier awer weider vun de Bundesgeriichter Krimineller zum Doud veruerteelt ginn, d‘Uerteel selwer awer ass net méi vollstreckt ginn. Den Ament sëtzen esou eng 60 zum Dout veruerteelt Häftlingen an den Zelle vun de Bundesbehörden. Geet et dem US-President no, sollen déi méiglechst Zäitno hir Strof erhalen…

2018 sinn an den USA vun de Bundesstaaten 25 Mënschen higeriicht ginn. Iwwert déi lescht Joren awer hunn ëmmer méi US-Bundesstaaten d‘Doudesstrof ofgeschaaft. Op der Internetsäit vum „Death Penalty Information Center“ (DPIC) kann een noliese wéi vill Hiriichtunge fir dëst Joer „geplangt“ sinn a wou se exekutéiert solle ginn. Saudiarabien, Nordkorea a China gefält dat…

mat indymedia/was/nyc

Foto: Déi zum Dout veruerteelt Häftlinge solle mat der „Gëftsprëtz“ higeriicht ginn. Eng Method déi an der lescht zimlech ëmstridden ass, firwat beispillsweis Kalifornien am Mäerz, d‘Hiriichtunge per Dekret ausgesat huet. De Donald Trump hat dat fierchterlech veriergert an d‘Entscheedung als „onverantwortlech“ kritiséiert. (Ewa Urban/Pixabay)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Doudesstrof, DPIC, US-Justizministère, William Barr
Nächsten Artikel Virrechten Artikel