Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann
International Neiegkeeten

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

Sproochepolitik ka keng kuerzfristeg Ugeleeënheet sinn
International Neiegkeeten

Sproochepolitik ka keng kuerzfristeg Ugeleeënheet sinn

Nodeems een Avis nom aneren zum Gesetz zur Promotioun vun

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn
International Neiegkeeten

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn

De Verband vun de Banken a Banquieren (ABBL) déi um

„Vaffanculo!“ Frankräich an Italien tausche Frëndlechkeeten aus

„Vaffanculo!“ Frankräich an Italien tausche Frëndlechkeeten aus

Säit der Muechtergräifung duerch déi populistesch Koalitioun an Italien, läit villes am Uergen tëscht Roum a Paräis. Et huet ee sech nu emol net gären, an diplomatesch Léisunge verlaangen zumindest de géigesäitege Respekt. Elo hunn d‘Fransousen hiren Ambassadeur zréckgeruff…

Am Wochelaange Sträit tëscht Frankräich an Italien, ass et gëschter zu enger „neier Qualitéit“ vum diplomateschen Disput komm. Paräis huet säin Ambassadeur „fir Gespréicher“ zréckgeruff, an denoncéiert op dat schäerfst, déi widderholl onbegrënnt Virwërf an ongeheierlech Ënnerstellungen. Laut dem franséischen Ausseministère, misst ee sech „beroden“ iert ee weider Schrëtt ënnerhëlt.

Grond fir dëse jéngsten „Eclat“ wieren eng Rei béiswëlleg Aussoen. Laut dem Communiqué vum franséischen Ausseministère: „Onstëmmegkeeten ze hunn ass déi eng Saach, mee d‘Bezéiunge fir politesch Ziler ze manipuléieren, eng aner“. Domatter ass de „Staatsbesuch“ vum Luigi di Maio, stellvertriedende Staatspresident vun Italien, bei de giele Gileten op der Maniff zu Paräis gemengt.

Zu Roum awer, schéngt ee sech „ee spaass dorausser ze maachen“ de Mouvement vun de giele Gilete ganz oppen ze ënnerstëtzen. Dat wier eng eenzeg Provokatioun, esou den Ausseministère, deen am Communiqué ënnersträicht: „Si verletzen de Respekt, deen sech demokratesch a fräi gewielte Regierunge schëlleg sinn“. (Dat ass mat der Amëschung am Venezuela net ze vergläichen)

Wien huet mam Kaméidi ugefaangen?

Datt et tëscht Roum a Paräis net zum beschte steet, huet faktesch manner mat der politescher an ideologescher Ausriichtung vun der italienescher Koalitiounsregierung ze dinn, wéi mat der Aart a Weis, wei Frankräich sech den Ëmgang mat der „Solidaritéit“ virstellt. E Sträit ënner Partner ass, besonnesch am Kontext vun den Europawahlen am Mee, net wierklech wënschenswäert…

Esou dierf ee begréissen, datt den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, schonn en Appell u Paräis geriicht huet, fir sech méiglechst zügeg un de Dësch ze setzen, an déi „Differenzen“ tëscht béiden Natiounen ze klären. „Mir wëlle mat kengem Streiden, hu keen Interessi u Polemik“, seet hien a füügt bäi: „Mir wëssen awer och wat mir wëllen: d‘Interesse vun den Italiener vertrieden“.

Zu dësen „Interessen“ gehéiert beispillsweis, datt Paräis sech endlech muss zesummeräissen, an domatter ophalen d‘Flüchtlingen op der Grenz zréckzeweisen. Dat besonnesch nodeems de franséische President den Italiener „Zynismus“ an „Verantwortungslosegkeet“ virgehalen hat, wéi Roum – aus Mangel un europäescher Solidaritéit – beschloss huet seng Häfen „zouzemaachen“.

Wéi wëlls de engem do europäesch Wäerter vermëttelen?

Den Emmanuel Macron, vun dem och emol behaapt gëtt, datt hien en iwwerzeegten Europäer ass, hat an enger Ried d‘Nationalisten (gemengt war déi ganz Band vun der rietsextremer Lega Nord) mat „Lepra“ verglach. Heibäi ass et allerdéngs irrelevant op den neoliberale President vu Frankräich Recht huet oder net, et sinn déi diplomatesch Konsequenzen, déi esou Spréch mat sech bréngen…

An Italien ass een ëm dommt Geschwätz net verleeën, an iwwerhaapt: „politesch korrekt“ dat ass esou eppes vun 90er Joren. De Luigi di Maio huet de leschte Mount Paräis de Virworf gemaach, sech wéi eng Kolonialmuecht opzeféieren, an et der franséischer Politik geschëlt wier, datt et an Afrika de Leit schlecht geet, an den Déifstall vu Ressourcen zur Masseflucht bäigedroen huet.

Interessant, well et däitlech mécht wou déi europäesch Unioun politesch ukomm ass, de Matteo Salvini huet engem Video – dee massiv op Facebook gedeelt ginn ass – de Fransousen ze verstoe ginn, datt si sech de 26. Mee vun engem „ganz schlechte President“ befreie kënnen, an si dës Geleeënheet net solle versträiche loossen, déi eegen Zukunft och nees an eegen Hänn ze huelen.

mat indymedia/par/mil/bru

Karikatur: © Chris Caldwell

Ähnlech Sujeten Emmanuekl Macron, Europawahlen 2019, Frankräich, giel Gileten, gilets jaunes, Italien, Matteo Salvini
Nächsten Artikel Virrechten Artikel