D‘Fondatioun Biermans-Lapôtre feiert säin 90.
Zu éiere vum 90. Gebuertsdag vun der Fondatioun Biermans-Lapôtre zu
Zu éiere vum 90. Gebuertsdag vun der Fondatioun Biermans-Lapôtre zu
Et war nees ee vun deene „wichtegen“ Datumer am Rennkalenner
Ab e Freideg ginn nees Mierer, Bierger, Stied a pittoresk Landschaften op de Kierchbierg bruecht. Wéi all Joer offréieren d’Aussteller speziell Konzepter an Tariffer, sou datt ee sech op eng super Rees freeë kann. Natierlech huet een och dës Kéier net vergiess e puer Highlights anzebauen: Um Freideg ass et beispillsweis den After-Work, bei deem mat Cocktaile, Workshops, Danzshows a méi an d’VAKANZ 2020 eragefeiert gëtt.
Dobäi kënnt d’Skimboard-Event, woubäi ee seng Schwammbox an een Duch net vergiesse sollt. An dësem Kader stinn natierlech allen interesséierte Persoune Vestiairen zur Verfügung. An och déi kleng Visiteure bleiwen net op der Streck: D’Schatzsich, Spiller an eng Crèche erméiglechen et, datt d’Foire zu engem Ereegnis fir déi ganz Famill gëtt.
„Fir bal 30 Joer huet d’VAKANZ seng Popularitéit oprecht erhalen, wëll et fir d’Visiteuren an den Handel ee kuckenswäerte Salon ass“, erkläert de Morgan Gromy, CEO vun der Luxexpo The Box. „Eng erfollegräich Vakanz fänkt op der VAKANZ un- Op enger eenzeger Plaz fënnt een dausende vun Destinatiounen a Konzepter, Berodung vun den Experten, Agencen an Associatiounen.“
Fir d’Editioun 2020 sollen ënnert den dausenden Destinatioune virun allem d’Inselen d’Opmierksamkeet op sech zéien. Iwwer 50 Inselen an Archipellen, mat hire souwuel kale, wéi och waarme Gewässer gi vun de spezialiséierten Agencë presentéiert. Nieft Japan, Sri Lanka, Rapa Nui, Indonesien a Fiji sinn et ënnert anerem d’Lofoten oder d’Wrangelinsel, déi d’Blécker unzéien.
Extra fir d’VAKANZ ass een Tour iwwert d’Insele geplangt ginn. Duerch d’Kaart am Katalog vum Salon, deen een an der Entrée kritt, gëtt ee motivéiert beim Tour iwwert d’Foire méi genau hinzekucken, d’GPS-Koordinaten opzeschreiwen an sou munch Iwwerraschungen ze erliewen.
Déi eng hu gären eng Strandvakanz, anerer genéisse léiwer déi rau Natur. Hei sinn d’Lofoten déi ideal Destinatioun!
D’VAKANZ 2020 fänkt e Freideg, de 17. Januar un an dauert bis den 19. Januar. A Presenz vum Tourismusminister Lex Delles an dem Luxexpo CEO Morgan Gromy wäert e Freideg um 17 Auer d’Evenement offiziell an der H8 ageweit ginn. Zu folgenden Zäite kann een d’Foire besichen:
D’Entrée kascht 5€ fir Erwuessener, Kanner ënner 18 Joer komme gratis eran. Weider Informatioune fannt Dir ënner expovakanz.lu.