Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verbesserunge fir d’Leit aus dem Gemengesecteur!
Kultur Neiegkeeten

australia free online dating sites

D’Inneministesch Taina Bofferding huet sech mam SYVICOL, der FGFC an

free dating app reviews
Kultur Neiegkeeten

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève ginn se onroueg. Enn

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht
Kultur Neiegkeeten

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht

Wéi ech da gëschter Owend héieren a gelies hunn, datt

Lëtzebuerger Kultur an Natur – Esou kann ee Vakanz Doheem maachen!

Lëtzebuerger Kultur an Natur – Esou kann ee Vakanz Doheem maachen!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles déi nei Campagne „Vakanz doheem“ presentéiert. Adresséiert gëtt sech hei un d’Residenten am Grand-Duché an der Groussregioun, déi d’Schéinheet vum Land bei engem Ausfluch erliewe wëllen an eisen natierlechen a kulturelle Räichtum entdecke wëllen.

Ganz no der touristescher Strategie „Tourismus 2022“ gëtt dës nei Campagne, déi iwwregens haut och ugefaangen huet, vun diversen Aktioune begleet, déi sensibiliséiere sollen. Fir d’Bevëlkerung vun eisem Land an der Groussregioun ze ermuddegen, méi iwwert de Grand-Duché gewuer ze ginn, wäerte bis Enn Juli am ganze Land 6 „Augmented Reality“ Portaler installéiert sinn. Esou kann de Visiteur um Ecran vu sengem Smartphone eng 360° Panorama-Vue zu den zuelräichen touristesche Plaze vu Lëtzebuerg kréien.

Um 15. Juli 2019 ass iwwregens ee Foto-Concours mam Numm „Vakanz doheem“ op de sozialen Netzwierker lancéiert ginn. Nach bis de 15. September 2019 ka jiddweree mat engem Bild op Instagram oder Facebook seng Interpretatioun zu dësem Thema ofginn. Dobäi sollt een net vergiessen, seng Foto mat Hashtag #vakanzdoheem ze ënnerschreiwen. D’Gewënner vum Concours ginn och iwwert déi sozial Netzwierker annoncéiert.

Guide for one Day

Am Kader vun der Pressekonferenz huet de Minister Lex Delles dunn nach déi 3. Editioun vu „Guide for one Day“ presentéiert. Vum 29. Juni bis de 15. September wäerten 30 ageschriwwe Guiden iwwer 80 Touren ubidden. Si schaffen dobäi fräiwëlleg an onofhängeg vun den offizielle Guidë vum Tourismuszenter.

D’Visitte ginn a 4 Sproochen ugebueden. Iwwert d’Säit www.guideforoneday.lu kënnen interesséiert Persounen sech umellen. Am Duerchschnëtt daueren d’Touren annerhallef Stonn, d’Gruppe bestinn aus ronn 10 Participanten. De Projet erméiglecht et dobäi de Participanten sech gemitterlech ze begéinen an zesummen déi verschidde Facette vum Land ze erliewen. Nach bis den 13. September 2019 kann ee sech aschreiwen.

(v.l.n.r.) Gaby Huberty-Fautsch, Guidin vun der Initiative „Guide for one Day“; Lex Delles, Tourismusminister © MECO

Ähnlech Sujeten Guide for one Day, Lëtzebuerg, Lex Delles, Tourismus, Vakanz doheem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel