Search

You may also like

dislike
US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren
Kultur Neiegkeeten

US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren

E Freideg hat China dem Donald Trump seng Beschëllegungen zréckgewisen,

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?
Kultur Neiegkeeten

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?

Um 23 Auer gëschter Owend hunn d‘Wahllokaler op der grénger

Marilyn Manson, R Kelly, Jared Leto – Wann däin Liiblinsgsartist problematesch ass!
Kultur Neiegkeeten

Marilyn Manson, R Kelly, Jared Leto – Wann däin Liiblinsgsartist problematesch ass!

„Don’t break Don’t break my heart And I won’t break

#VakanzDoheem um Solarboot – De Stauséi aus neie Perspektiven

Nach bis den 1. Oktober dréint d’Solarboot seng Ronnen iwwert de Stauséi. Dobäi gesäit een de gréisste Lëtzebuerger Drénkwaasserspäicher net nëmmen aus engem anere Bléckwénkel, et léiert een och esou munches zur Flora a Fauna an der Géigend, zur Geschicht vum Stauséi a wat besonnesch kuckenswäert ass.

Wärend de Faartwand fir eng angenehm Ofkillung suergt, këmmere sech de Guide an de Kapitän – bei eiser Visitt waren dat d’Germaine an den Nicolas – dorëm, datt dës léierräich 2 Stonne Kleng a Grouss Appetit op méi maachen. Den Tour erstreckt sech iwwert 12 km, woubäi een ënnert anerem bis bei déi kleng Staumauer zu Béiwen fiert oder och den Naturschutzzentrum Burfelt besicht.

D’Solarzellen um Daach vum klenge Schëff reagéieren op Dagesliicht, wouduerch och mat Wolleken um Himmel en Tour um Waasser méiglech ass. Dobäi komme 16 Batterien, déi d’Energie späicheren. „Fir den Noutfall si Paddelen u Bord“, huet et vum Kapitän geheescht. Esou geet et mat 8 km/h ganz gemälleg vun Ënsber aus duerch e groussen Deel Stauséi a souguer a seng kleng Säitenäerm eran.

Solarboot

Ënnerwee um Solarboot © Martine de Lagardère/moien.lu

E kënschtleche Séi, eng fantastesch Regioun an esou vill ze entdecken

De Stauséi selwer huet e Volume vu 60 Millioune Kubikmeter an eng Uewerfläch vun 2,8 Quadratkilometer. Déi grouss Staumauer, déi iwwregens eng Héicht vu 47 Meter huet, ka mat sengen 2 Turbinnen bis zu 15 Kilowatt Stroum produzéieren.

An esou kënnt een dann och zu de Funktiounen vum e bësse grouss gerodene Pull: En déngt net nëmmen dem Amusement am Waasser, ass schéin unzekucken an domat och touristesch gesinn e pittoreske Magnéit matten an der Natur. Nieft der Stroumproduktioun handelt et sech heibäi nach ëm eise gréissten nationalen Drénkwaasserreservoir an ëm eng Moossnam zum Iwwerschwemmungsschutz.

Wousst Dir schonn, datt ee mam Bau vun der grousser Staumauer vun 1955 bis 1957 beschäftegt war, d’Fläch awer eréischt 2 Joer méi spéit gefëllt ginn ass? Ma, 1991 konnt een d’Waasser nees ofloossen, well Aarbechten ustoungen. Bis d’Bidden voll ass, dauert et ganzer 6 Méint.

Et gëtt awer nach esou vill méi ze zielen. Vun den Déieren um, ronderëm an am Stauséi, iwwert Planzen, Dierfer, Seechen, bis hin zum geneeë Fonctionnement vum Solarboot oder och Informatiounen zu Wanderweeër, Sightseeing an der Géigend an Erhuelung beim Waasser, bitt sech d’Solarboot net nëmme fir Touristen, mee och fir de Lëtzebuerger als super Erliefnis un. Dobäi kennt de Guide de Stauséi esou am Detail, datt och op méi originell Froen eng passend Äntwert fonnt gëtt.

Solarboot

Wouhir huet den “Hellekessel” eigentlech säin Numm? Ma, dat gitt Dir um Solarboot gewuer © Martine de Lagardère/moien.lu

Och eng Méiglechkeet: Den Amphibien-Tour

Wien d’Ëmgéigend ronderëm de Stauséi gären zum Deel op eege Fauscht entdecke wëll, deem rode mir den Amphibien-Tour un. Heibäi gëtt en Deel vun der Excursioun um Stauséi mat enger Wanderung vun ëm 8 Kilometer verbonnen. Wéi gewinnt geet et zu Ënsber lass, bis op Béiwen bei déi kleng Staumauer a laanscht den Naturschutzzentrum Burfelt, ier et dann ab Bärel iwwert den Hellekessel an d’Foussgängerbréck zu Lëlz zeréck geet.

Solarboot

Ënnerwee um Solarboot © Martine de Lagardère/moien.lu

D’Reservatioun ass obligatoresch

Wou soss bis zu 23 Persoune Plaz fannen, kënnen aktuell duerch Covid-19 just 10 Persounen um Solarboot matfueren. Säit Mëtt Juni ginn pro Dag 3 Zäiten ugebueden, un deenen ee matfuere kann. Wéini nach Plaze fräi sinn, gesäit een op naturpark-sure.lu. Aktuell gëllt wärend der ganzer Faart Maskeflicht.

Fir d’Reservatioun soll ee sech per Telefon (89 93 31-1), respektiv per E-Mail (info@naturpark-sure.lu) beim Naturpark Öewersauer umellen. Mir wënsche vill Spaass!

Vergiesst net uewen an d’Billergalerie eranzekucken – do gëtt ee richteg glëschtereg op en Tour mam Solarboot! © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics #VakanzDoheem, Bärel, Burfelt, Drénkwaasser, Lëlz, Naturpark Öewersauer, Naturschutzzentrum, Solarboot, Solarzellen, Staumauer, Stauséi, Stroumproduktioun, Waassersport
Next post Previous post