Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira

No liichte Startschwieregkeeten an de Porsche Carrera Cup Däitschland um

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!
International Neiegkeeten

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!

De Bëschbrand op der Insel Gran Canaria ass weiderhin net

Den OGBL-Ausbléck op 2020
International Neiegkeeten

Den OGBL-Ausbléck op 2020

D‘Patronne vun der gréisster a schéinster Gewerkschaft vum Land, hat

Vu Vakanz a Groussbritannien ass ofzeroden

Vu Vakanz a Groussbritannien ass ofzeroden

An Europa ginn, lues awer sécher d‘Grenzen nees op, esou guer „Vakanz maachen“ soll nees, esou de Wonsch vun der EU-Kommissioun méiglech ginn, wann et déi sanitär Konditiounen zouloosse fir d‘Sécherheet vun de Leit ze assuréieren. Mee et sinn net eleng d‘Grenzen, déi engem eng Rees muedebëtzeg maache kënnen. D‘Britte beispillsweis féieren eng verflichtend Quarantaine an…

Wann d‘Lëtzebuerger ab dem 15. Juni nees Frankräich bereesen dierfen, nodeems jo d‘Grenzen zu Däitschland schonn op sinn an et och mat der Belsch Hoffnung op eng zäitno „Verbesserung“ gëtt, esou brauch et ganz vill Motivatioun fir sech eng Vakanz a Groussbritannien wëlle virzehuelen. Déi zu London hunn eng Quarantaine vu 14 Deeg beschloss, fir bal alles wat aus dem Ausland areest.

VakanzD‘Inneministesch Priti Patel, déi rezent annoncéiert huet, datt et mat der Fräizügegkeet a Kader vun der Migratioun eriwwer ass, an sech nëmmen nach Leit op der Insel kënnen néierloossen, déi den entspriechende Konditiounen entspriechen (Punktesystem), huet an dësem Kontext och drastesch Strofen ugekënnegt, fir déi wou mengen dat mat der Quarantaine net missen eescht ze huelen.

Eng kloer Annonce

D‘Argument vun der britescher Inneministesch: „Elo wou mir den Héichpunkt vun der Pandemie iwwerschratt hunn an de Bierger nees méi Fräiheete kënnen zougestane ginn, musse mir Mesuren ergräifen, déi eng zweet Well vun dëser déidlecher Krankheet ze verhënneren. Mir mussen eist Land elo virun importéierten Neiinfektioune schützen“. E Verstouss géint d‘Quarantaine geet do deier.

Wien also aus dem Ausland areest an a Quarantaine geschéckt gëtt, sech awer net géif drun halen, kritt bei engem éischte Verstouss ee Protokoll vun 1.000 Pond. Mee och hei gëtt et natierlech wéi ëmmer Ausnamen, déi meeschtens e wirtschaftlechen Hannergrond hunn. Esou si vun dëser neier Moossnam eng helle Wull u Leit ausgeholl. Fir alleguerten awer heescht et eng App installéieren.

VakanzBeschäftegter aus dem Logistiksecteur, Saisonsaarbechter an der Landwirtschaft, Independanten aus dem Gesondheetssecteur, mee och d‘Bierger aus Irland, der „Isle of Man“ an de Kanalinsele mussen also net a Quarantaine, mee och fir si gëllt d‘Flicht eng Tracing-App op den Handy ze lueden. Fir Touristen oder soss Voyageure mussen zousätzlech bei der Arees och vill Daten hannerlooss ginn.

Bleift opmierksam…

Dës Kontaktdate sollten ausféierlech a richteg sinn, well dat géif ganz gewëssenhaft kontrolléiert. Zudeem, esou Priti Patel, sinn den Ament nëmmen absolut noutwenneg Reesen erlaabt. Et geet am Kär dorëms alles an de Wee ze leeden, eng zweet Well ze verhënneren, firwat och britesch Bierger betraff sinn, déi aus dem Ausland zréck kommen. Dat mécht an der Konsequenz jo och Sënn.

Wärend d‘Britte fir dës Moossnam anscheinend vill Versteesdemech opbréngen, ass et fir den Tourismussecteur eng Katastroph. Am meeschte Radau mécht de Verband vun de britesche Fluchgesellschaften „Airlines UK“, dee scho viru Woche virun esou Decisioune gewarnt huet, besonnesch wou d‘Mesure selwer onbefrist gülteg ass, wat hirer „Situatioun“ net entgéint kënnt.

VakanzElo dierf een drun erënneren, datt d‘Britten net dat beschte Beispill a punkto Krisegestioun ofginn hunn. Eréischt nodeems et de Premier selwer erwëscht hat, sinn drastesch Mesuren agefouert an duerchgesat ginn. Trotzdeem sinn a Groussbritannien wäit iwwer 36.000 Mënschen (et dierften der vill méi sinn) un de Folge vun enger Infektioun mam Coronavirus Covid19 verstuerwen…

mat indymedia/lon

Illustratioun: Fir Besuch vum Buckingham Palace an dësem Summer, brauch et an dem 8. Juni vill Gedold an eng Tracing-App. Et ass vläicht besser sech eng Vakanz a Groussbritannien den Ament ze verknäifen. © Debbie Fan / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Groussbritannien, Priti Patel, Quarantaine, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel