Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch
International Neiegkeeten

speed dating durham

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus

dating apps around the world
International Neiegkeeten

Kenns du d’Gemeng Miersch gutt genuch, fir hei op mannst 8 Froe richteg ze beäntweren?

D’Gemeng Miersch ass net nëmmen eng vun deene gréisseren am

International Neiegkeeten

Konditioune Gewënnspill LXG 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!

D’Vakanzenzäit steet kuerz virun der Dier. Soumat erënnert de Ministère vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung nees u wichteg Hiweiser, wann ee säin Hausdéier ënnert ideale Konditioune wëll mathuelen.

  • Wann Ären Hond am Hotel/der Pensioun/der Vakanzewunneng bleift, wärend Dir ënnerwee sidd, muss d’Schnuff verschidden Impfunge gemaach kritt hunn. Heizou gehéiert d’Impfung géint Tollwut an Zwingerhouscht. Bei Kaze sollt een hei un d’Piqûre géint Felin infektiéis Peritonitis (FIP) gemaach hunn. Bei den anti-parasitären Traitementer (Fléi, Zecken,…) soll ee sech u säi Veterinär wennen.
  • All Hond a Kaz muss per Mikrochip identifizéierbar sinn
  • Vergiesst net de Pass vun Ärem Hausdéier matzehuelen, an datt all benéidegt Daten zur Identitéit, den Impfungen, Traitementer géint Parasitten an – verschidde Länner verlaangen dat – d’Resultater vun de Bluttanalysen enthale musse sinn.
  • Fir Reesen an der EU geet de Mikrochip, Tollwut-Impfung an de Pass duer. A verschiddene Länner, wéi beispillsweis Groussbritannien ass donieft nach een Traitement géint Echinokokkos (1 bis 5 Deeg virun der Vakanz) virgesinn. Och dës Informatioun muss am Pass vum Déier vum Veterinär agedroe ginn.

Hausdéier

  • Wärend der Rees sollt Dir Ärem treie Begleeder genuch Waasser ubidden. Zu all Zäit muss een dem Hond/der Kaz eng Erfrëschung ubidde kënnen, sou datt et keen Hëtzschlag kritt.
  • Et ass verbueden, een Déier am Gefier (Auto, Camionnette, Camping-Car,…) ze loossen, fir d’Liewewiesen net der Hëtzt vum Stationement auszesetzen.
  • Fir Är eege Sécherheet gëtt staark ofgeroden een Déier vun der Strooss opzehuelen, vun deem een de Gesondheetszoustand net kennt. Wien een Hond oder eng Kaz am Vakanzeland „rette“ well, muss dëst Déier identifizéiere an et géint Tollwut impfen loossen. D’Impfung ass dobäi eréischt 3 Wochen nom Agrëff gëlteg. Een europäesche Pass mat allen Informatiounen ass noutwenneg. Et sollt een ëmmer drun denken, datt d’Déier trotz den Impfungen nach Krankheete kann hunn, déi op de Mënsch iwwergoe kënnen.

De Ministère vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung wënscht jiddwerengem eng flott Vakanz, egal ob mat oder ouni Hausdéier. Fir weider Renseignementer kann ee sech un de Service vun de Veterinäre wennen: Telefon (+352) 247-82539 oder E-Mail info@asv.etat.lu.

Ähnlech Sujeten Bestëmmungen, EU, Impfungen, Landwirtschaftsministère, Reesen, Vakanz mam Hausdéier, Veterinär
Nächsten Artikel Virrechten Artikel