Search

You may also like

Bréissel wëll d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit stäerken
Kultur Neiegkeeten

Bréissel wëll d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit stäerken

Der EU-Kommissioun ass elo och opgefall, datt d‘Diskriminéierung vu sexuelle

Nom G7-Sommet vu Biarritz…
Kultur Neiegkeeten

Nom G7-Sommet vu Biarritz…

Et war kee Sommet wéi vill anerer, a wann et

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch
Kultur Neiegkeeten

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

D’Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll

#VakanzDoheem – De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

Wien tropesch Hëtzt gären huet, fillt sech am Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher immens wuel. An der wonnerschéiner Anlag, déi der Wäifirma Caves Bernard-Massard gehéiert, ginn iwwer 30 Päiperleksaarten an natierlecher Ëmgéigend presentéiert .

De Gaart ass déi ideal Plaz fir Naturfrënn a faarwefrou Schéinheeten. Op där tropescher Plaz – schliisslech sinn hei konstant 28 Grad Celsius a 70 Prozent Loftfiichtegkeet – kann ee gemittlech op 600m² exotesch Päiperleken, Villercher, Deckelsmouken, Chameleonen an elauter verschiddene Planze bewonneren. Et ass en Eck fir ze dreemen, Bänke fir eng kleng Paus sinn do. Souguer e Beievollek huet eng hannert Glas geséchert Plaz. Interessant!

Duerch déi aktuell Covid-19-Situatioun ass en Tour leider op eng Stonn begrenzt. Ma, méi laang hu mir souwisou net gebraucht. Online-Reservatioun ass Flicht, esou kënnen d’Gruppe besser agedeelt ginn a kee leeft Gefor heem geschéckt ze ginn. D’Maske sinn och obligatoresch, mä dorunner si mir dach schonn s gewinnt, genee ewéi un desinfizéiere vun den Hänn.

Am Beschten ass natierlech, wann d’Kanner net duerch d’Géigend lafen, mä bei hiren Eltere bleiwen. Distanz anhale war och kee Problem, d’Gruppe sinn allkéiers limitéiert. Géigesäitege Respekt gëtt grouss geschriwwen!

No deem hëtzegen Erliefnis ass et nach méiglech sech originell Souveniren am Shop ze kafen, natierlech sinn se och ideal als Kaddo. An net alles ass mat Päiperleken, et ass fir Kleng a Grouss. Wat méin Häerz erfreet huet, ass déi grouss Unzuel vu Bicher, déi mëttlerweil am Shop ze fanne sinn.

D’Mataarbechter si ganz frëndlech a fannen op all Fro déi richteg Äntwert. Mir huet dës Visitt immens gutt gefall! Ausserdeem ginn et nach Produiten aus „dem SeefenAtelier“. Handgemaach, a méi ewéi e Bléck derwäert – dir wësst jo, iergendwann deemnächst ass Chrëschtdag! Wat villäicht nach ze soen ass: et hëlleft lokal Geschäfter ze ënnerstëtzen.

Wann Iech dësen Ausfluch net sollt duergoen – maacht nach en Tour laanscht d’Musel, kuckt d’Schleis a bewonnert d’Schëff. Et ass wierklech e schéinen Eck. An dat soen ech net, well ech an der Géigend wunnen!

Uewen fannt Dir eng kleng Billergalerie © Jessica Mersch

Related topics #VakanzDoheem, Ausfluch, Chameleon, de SeefenAtelier, Gréiwemaacher, Musel, Päiperleksgaart, Planzen, Tropesch temperaturen, Visitt
Next post Previous post