Search

You may also like

Holland huet säin zweete Shutdown
Kultur Neiegkeeten Stories

Holland huet säin zweete Shutdown

Zanter Mëtternuecht sinn eis hollännesch Frënn am krasseste Lockdown deen

Wa sech Realitéite veränneren an Ales net méi kohärent ass…
Kultur Neiegkeeten Stories

Wa sech Realitéite veränneren an Ales net méi kohärent ass…

Beim Wunnengsbauministère wieren der Ministesch Sam Tanson hir Beamten aktuell

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt
Kultur Neiegkeeten Stories

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt

Um Dënschdeg huet den Ausseminister um Krautmaart, den Deputéierten en

Klengt Duerf ganz grouss: En Tour duerch Randschelt

Geleeën an enger idyllescher Kaul an der Gemeng Wahl gëllt Randschelt als klengsten Uertschaft vu Lëtzebuerg. A Saache Geschicht, Schéinheet an Erliefnis kann d’Dierfchen awer mat de Grousse mathalen a luet zu all Joreszäit op e Besuch an.

Nieft dem onbewunnte Bauerenhaff, an der fréierer Schoul, déi mat Léift a Kreativitéit an de Café MiRo verwandelt ginn ass, lackelt Randschelt virun allem duerch säi Meditatiounspad, seng al Kierch mat engem vun de schéinste Freskenensembelen aus dem 15. a 16 Joerhonnert, sou wéi der Thillenvogtei, engem ländleche Musée, deen d’Liewen an d’Landwirtschaft vu fréier nei opliewe léisst.

Ganz am Sënn vun #VakanzDoheem loosse sech zu Randschelt e puer schéin, a virun allem roueg Stonne verbréngen.

Randschelt© Shari Pleimelding/moien.lu

Och elo eng Visitt derwäert

Eigentlech géif ee scho voller Virfreed de Randschelter Chrëschtmaart erwaarden. En zielt zu engem vun de schéinsten Lëtzebuerger Evenementer wärend der wanterlech-festlecher Zäit, zitt masseweis Visiteuren un a léisst déi kleng Uertschaft am faarwefroue Gewibbels a gesellegem Zesummesinn erstralen. Nujee, dëst Joer fält dat leider flaach. Ma, och de Café MiRo an d’Thillevogtei bleiwe bis de 15. Dezember 2020 zou.

Dat soll awer nach laang kee Grond sinn, sech en Ausfluch op Randschelt entgoen ze loossen. An hei kommen d’Grënn wisou:

Wärend een hautdesdaags – ganz dem Spréchwuert no – gären emol hannert d’Fassade kuckt, ass et zu Randschelt ubruecht op d’Fassade ze kucken, déi an dësem Fall keng Baussemauer, mee eng fantastesch Fresk an der Kierch, déi am 10. Joerhonnert zu Éieren vum Hellege Willibrord gebaut ginn ass. Wat ufanks eng kleng Kapell ass, konnt no an no vergréissert ginn, an d’Spuren dovunner kann een nach haut erkennen.

Am Joer 1952 sinn déi aussergewéinlech Molereien aus dem 15. a 16. Joerhonnert entdeckt, fräigeluecht a mat vill Léift restauréiert ginn.

Randschelt© Shari Pleimelding/moien.lu

Dës Weider gëtt et eng Seechen, déi sech op d’Quell bezitt. Si soll nämlech entstane sinn, well den Hellege Willibrord mat sengem „Wonnerstab“ de Buedem beréiert huet. Do wou si entspréngt, ass e stengenen Dafsteen opgeriicht ginn, deen eng Replique vum eigentlechen Dafsteen aus dem 15. Joerhonnert an der Kierch ass.

Ma, och fir Persounen, déi net besonnesch gleeweg an u Relioun interesséiert sinn, huet déi kleng Uertschaft eppes ze bidden. De sougenannte Meditatiounspad erstreckt sech iwwert ronn 1,5 Kilometer an offréiert net nëmmen en Tour duerch a laanscht Randschelt, mee dréit zur Entschleunegung an der eegener Reflexioun bäi – den Numm kënnt schliisslech net vun ongeféier.

Sollt d’Kierch op hunn, kann een normalerweis en Informatiounsflyer mat de verschidde Statiounen an Erklärunge fannen. Ass dat net de Fall, rode mir vum Parking bei der Quell aus der Strooss e klengt Stéck a Richtung Gréiwels nozegoen, bis Dir schliisslech bei der Sonnenauer um Eck ukommt.

Randschelt© Shari Pleimelding/moien.lu

Vun do aus geet et weider a Richtung Bësch, wou verschidde Statiounen Är Opmierksamkeet fuerdere wäerten. Simpel Aufgaben a Gesten schenken Rou, déifgrënneg Zitater loossen eis nodenken an déi dozou passend Symboler rënnen de klengen Trëppelwee perfekt of.

De Meditatiounspad ass gëeegent fir Famille mat klengen a grousse Kanner, fir eeler Leit a fir jiddwereen, deen einfach emol Zäit fir sech braucht.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie mat e puer Andréck © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics #VakanzDoheem, Café MiRo, Fresk, klengsten Uertschaft, Lëtzebuerg, Meditatiounspad, Musée, Quell, Randschelt, Thillevogtei
Next post Previous post