Search

You may also like

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?
Kultur Neiegkeeten

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?

En neien Tomb Raider Film kënnt d’nächst Joer an de

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat
Kultur Neiegkeeten

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat

Fir de russesche Chefdiplomat Sergey Lavrov ass d‘Verëffentlechung vum Gespréich

Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons
Kultur Neiegkeeten

Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons

Um Dënschdeg waren de Groussherzog Henri an de Staatssekretär Guy

#VakanzDoheem am Schifermusée: Egal wéi schifs du bass, si sinn Schifer!

De Schifermusée zu Maartel erlaabt dem Visiteur en Zäitsprong an eng interessant Zäit vun eisem Land ze maachen. D’Areal ass nawell gewalteg, hei gëtt et méi wéi 22 Gebaier a Ruinen, déi sech op 8 Hektar ausbreeden

Villes bitt sech de Besicher un: Wann een haut nach net wierklecht an d‘Déift goe kann esou ginn aktuell eng Rei Grouwe virbereet fir se am Joer 2021 den Interesséierte Gäscht zougänglech ze maachen. Wann dës Aarbechten ofgeschloss sinn, sollten et am Ganzen 19 Minne sinn, vun deenen der e puer bis 170 Meter ënnert der Äerduewerfläch geleeë sinn.

Fir dat ze realiséieren, muss als éischt dat ganzt Waasser ofgepompelt ginn. Wéi 1986 d‘Grouwen zougemaach goufen, sinn se aus Sécherheetsgrënn geflut ginn. E groussen Deel vun den alen nach bestoende Kanalisatioune gouf erneiert.

Schifermusée

© Marc Tholl

Ee Stéck Lëtzebuerger Geschicht

1898 sinn D’Gebridder Rother vu Frankfurt duerch de Jangli – dee sengerzäit d‘Liaisoun tëscht Näerden a Roumicht gemaach huet – ob d‘Minnen zu Maartel opmierksam ginn. Den August Rother huet de Standuert vu Maartel iwwerholl, säi Brudder Karl, déi zu Pärel. D‘Minnen zu Maartel sinn all no Fraen aus der Famill Rother benannt, wärend d‘Grouwen zu Pärel all no de Männer aus der Famill Rother benannt goufen.

Aus dem gewonnene Schifer hunn d‘Bridder all Méigleches hiergestallt, vun der Fënsterbänk bis zum Billardsdësch, et gouf kaum eppes wat net ze realiséiere gewiescht wier. De Wéier an der Entrée vum Site ass 1924 ugeluecht ginn. Hien ass zur Killung agesat gi mee gouf och als Schwämm fir d‘Famill genotzt. Zanter elo fënnef Joer wunnt hei ee Koi, vun deem ugeholl gëtt, datt ee Reier hie „fale“ gelooss huet

Vum Schifer, deen ofgebaut gouf, konnten nëmmen eng 25% benotzt ginn. Dee Recht war verfierft, oder duerch Kristalliséierungen an/oder mineralesch Aschlëss net wirtschaftlech notzbar. Wat hei zum Ofbau gebraucht gouf, hunn d‘Aarbechter op der Plaz selwer hiergestallt. Vum Hummer iwwert den Meessel bis hin zum Messer, alles gouf an eegener Hand produzéiert.

Schifermusée

Och haut gëtt nach gewisen, wéi de Schifer per Hand beaarbecht gëtt © Marc Tholl

Vun 1898 bi 1918 sinn d‘Schiferplacken aus de Minne fir nach zu Fouss erop gedroe ginn. Déi konnte bis zu 100 Kilo weien. Dat hat seng Folgen: no zwee bis dräi Joer waren de Aarbechter hir Récker futti. Nom éischte Weltkrich goufen zwee Lifter gebaut, mat deenen d‘Schiferplacken aus de Grouwe geholl konnte ginn.

1928 goufen dunn déi kënschtlech Minnen ugeluecht. Am 2. Weltkrich sinn zu Maartel ënnert der Opsiicht vum Besatzer, Schaltplacken aus Schifer fir däitsch U-Booter geschlaff/gehae ginn. Nom Krich ass sech dann nees op eng méi friddlech Notzung vum Schifer konzentréiert ginn. Mee et huet lues a lues ugefaange mat der Rentabilitéit Biergof ze goen. Nei Materialien – besonnesch am Bau – hunn de Schifergrouwen d‘Liewe schwier gemaach.

1986, de fréiere Patron huet nach gelieft, ass de Betrib agestallt ginn. 1990 huet de Guy Rollinger de ganze Buttek opkaft, mee och hie konnt schlussendlech d‘Wirtschaftlechkeet vun de Grouwen net méi beliewen. 1992 ass den Terrain un d’Gemeng zeréck gaangen. Familljen, déi do geschafft hunn an d’Bierger vum Duerf hunn ugefaangen alles ze restauréieren. Si hu gutt Aarbecht geleescht an esou gouf de Standuert zum nationale Patrimoine erkläert.

Schifermusée

© Marc Tholl

Kennt de Site Iech bekannt vir?

2002 ass de Staat Proprietär vun de Schifergrouwe ginn, an de Site gouf zum Musée. Et sinn 3 Leit fest agestallt ginn, eng Enseignante huet d‘Direktioun iwwerdroe kritt an si ass dann elo och fir de pedagogesche Programm vun dësem esou wonnerschéine wéi interessante Site verantwortlech. Eng Damm ënnerstëtzt si um Niveau vun der Kommunikatioun an dem Marketing.

Déi drëtt Persoun ass ee Mann, deen um Site an Hallefzäit schafft. Seng éischt Missioun ass et hei uecht ze doen, dat bei den Aarbechten net geträntelt gëtt an alles no Programm gestalt gëtt. Um Site gëtt et dann och nach Raimlechkeeten, déi ee fir Familljen- oder Betribsfeiere loune kann.

Als interessanten Detail dierf ernimmt ginn, datt een Deel vum Film „Colognia Dignidad“ mam Emma Watson um Site vum Musée gedréint ginn ass. Zwee Méint laang hunn hei eng 200 Acteuren a Statiste gewierkt… Et ass net deen eenzege Beitrag deen de Standuert fir d‘Filmwelt geleescht huet. Am Haus vum „Patron“ goufen 2018 ee puer Zeene fir den däitsche Film „Invisible Sue“ gedréit

Schifermusée

© Marc Tholl

Ab 2021 soll dann och de klengen Zichelchen erëm iwwer den Terrain vun de Minne fueren. Dësen Tour wäert 25 Minutten daueren. Hale mer nach fest, datt d‘Lescht Joer de Premierminister Xavier Bettel de Musée besicht huet a versprach hat eppes bei d‘Käschte fir d‘Restauratioun bäizeleeën. Et goufen dann och 8 Milliounen Euro bäigesteiert.

D‘Visiteure ginn op der Plaz vu Guiden iwwert alles wat een wësse muss ëmfänglech informéiert. Dës léif „Mataarbechter“ si fir déi meescht Fräiwëlleger vun der Associatioun „Frënn vun der Lee“ mee et gëtt och emol deen een oder aneren „Guide fir een Dag“. Si all stinn natierlech alle Froe Ried an Äntwert. Bleift nach ze erwänen, datt hei och all Joers ee Chrëschtmaart organiséiert gëtt, dee grousse Succès huet. Op de Covid19 dat dëst Joer zouléisst ass leider net gewosst.

D‘Guidë vum Musée sinn all Fräiwëlleger vun de Frënn vun der Lee

  • Reportage: Lynn Bisenius
  • Textveraarbechtung: Jessica Mersch
  • Fotoen: Marc Tholl

Related topics #VakanzDoheem, Colognia Dignidad, Frënn vun der Lee, Gebridder Rother, Geschicht, Grondwaasser, Guidéiert Visitt, Guy Rollinger, Invisible Sue, Maartel, Martelingen, Schifermusée, Zichelchen
Next post Previous post