Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal
Neiegkeeten

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal

Säit dem 24. Mäerz 2020 bilt, neift der Luxexpo, och

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften
Neiegkeeten

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften

Den Datenzenter vu Google, deen sech d‘Regierung gewënscht, vun den

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Tëschebilan vu #VakanzDoheem: Et ass méi, wéi just e 50 € Bong!

Tëschebilan vu #VakanzDoheem: Et ass méi, wéi just e 50 € Bong!

Nodeems d’Ministeren Bettel an Delles gëschter de Baggerweier vu Rëmerschen besicht hunn, gouf am Hotel-Restaurant Ecluse zu Stadbriedemes en Tëschebilan vun der touristescher Saison 2020 vu Lëtzebuerg gezunn. D’Moossnamen an Initiative vun der Campagne #VakanzDoheem schéngen bis elo richteg gutt unzekommen. An dësem Kader sinn och eegen Erfarungen an Emotiounen säitens dem Ecluse spontan mat eragefloss.

Duerch d’Pandemie gouf den Tourismus als besonnesch vulnerabele Secteur deklaréiert. Zuelräich Touristen sinn ewechgefall, Buchunge stornéiert ginn. Datt Lëtzebuerg Mëtt Juli dann nach vum RKI zum Risikogebitt ernannt gouf, war net wierklech hëllefräich. Bei de Sondage vu Luxembourg For Tourism (LFT) koum eraus, datt et richteg vill Annulatioune säitens däitschen a belsche Bierger gouf.

Glécklecherweis sinn d’Hollänner der Lëtzebuerger Hotellerie an de Campingen trei bliwwen a konnten, zesumme mat der nationaler Bevëlkerung, déi lues awer sécher Gefalen un der Heemecht fënnt, de Ball um Rullen behalen. Ganzer 62 % vun de befroten Hoteller an 86 % vun de befrote Campingen hunn uginn, datt si däitlech méi Lëtzebuerger empfaangen hunn.

Bong

© Martine de Lagardère/moien.lu

Scho 34.000 Bongen ageléist

Amplaz sech iwwert de 50 € Bong fir eng Iwwernuechtung zu Lëtzebuerg ze freeën, koume leider vill Doleancen eran, wisou een dëse Betrag net einfach am Restaurant oder Café kann ausginn. Datt eng Iwwernuechtung prinzipiell och mat Consommatiounen a Visitten vun touristeschen Attraktioune verbonne gëtt, vergiesse vill Leit.

D’Iddi hannert dem Bong ass gutt duerchduecht ginn. Op klengem Terrain huet eist Land richteg vill ze bidden. An esou droen d’Beméiunge vum Tourismusministère säfteg Friichten: Bis ewell goufen 34.000 Bongen an 234 Strukturen ageléist. Am Schnëtt goufe säit Mëtt Juli vu 600 Bongen den Dag a vun ëm 1.000 Bongen Weekends Gebrauch gemaach. D’Majoritéit vun de Bierger, déi hire Bong genotzt hunn (ëm 45 %), hätten am Norden iwwernuecht.

Bong

Den Tourismusminister Lex Delles ass positiv gestëmmt © Martine de Lagardère/moien.lu

Lëtzebuerg als reell Vakanzendestinatioun

D’Konzept #VakanzDoheem stellt sech als grouss Chance eraus, fir déi touristesch Saison, trotz Pandemie, nach opbléien ze loossen. Duerch de Bong gi kuerzfristeg Betriber ënnerstëtzt, mëttelfristeg d’Bevëlkerung dozou bruecht déi eegen Heemecht ze entdecken a laangfristeg Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun ze gesinn.

Bei den Analysen vun LFT koum och eraus, datt generell méi am Internet iwwert Vakanz an Tourismus am Groussherzogtum recherchéiert gëtt. Eleng déi nei Internetsäit www.100thingstodo.lu gouf schonn 469.000 Mol besicht.

De Vëlosummer erlieft en immense Succès an duerch d’Initiative MoveWeCarry konnten an 2 Méint schonn 1.600 Wallissen transportéiert ginn. Och de Guide For One Day erfreet sech grousser Beléiftheet: D’Visitte goufe verduebelt, et gouf vun der digitaler Versioun profitéiert a besonnesch déi englesch Féierunge si super ukomm.

Ma, fir de Fréijoer 2021 huet den Tourismusminister Lex Delles ugekënnegt d’Lëtzebuerger Tourismus App ze presentéieren. Iwwert dës Applikatioun sollen all Beräicher – vun Iwwernuechtungsméiglechkeeten, Sightseeing-Tipps, Attraktiounen dobannen an dobaussen, a villes méi – zesummegefaasst an attraktiv duergestallt ginn. Mir si gespaant!

Et ware Freedentréinen!

Ganz häerzlech goufen d’Ministeren a Journalisten am Hotel-Restaurant Ecluse empfaangen, an esou huet de Premier Xavier Bettel d’Damm vum Haus spontan ermuddegt, vun der eegener Erfarung an de leschte Méint ze schwätzen.

Och fir dësen Hotel a Restaurant huet de Confinement eng schwéier Zäit bedeit. War d’Desiré Albert ufanks nach skeptesch géigeniwwer de 50 € Bongen, esou huet si schnell festgestallt, wat fir e Pleséier et ass eng Lëtzebuerger Clientèle opzebauen. „D’Bongen hu kartonnéiert!“, huet si erkläert.

Bong

D’Desiré Albert vum Hotel-Restaurant Ecluse ass dankbar iwwert d’Bongen © Martine de Lagardère/moien.lu

Ma, d’Bongen hätten och mental gehollef, positiv an d’Zukunft ze kucken. Et ass een immens frou, datt d’Lëtzebuerger an d’Grenzgänger d’Schéinheet vun der Heemecht erkennen, no Aktivitéiten an der Géigend froen, vun den Offeren profitéieren an esouguer erëmkomme wëllen.

An dësem Kader huet d’Desiré Albert der ganzer Ekipp fir déi onermiddlech Aarbecht vun der leschter Zäit Merci gesot. Ouni d’Solidaritéit an d’Passioun hätt een de Confinement net iwwerstanen.

Heibäi huet si an engems ervirgehuewen, wéi dankbar d’Grenzgänger iwwert d’Iwwernuechtungsbongen sinn. Fir si ass et keng Selbstverständlechkeet esou agebonnen ze ginn a si profitéiere gäre vu der Méiglechkeet, d’Nopeschland besser kennenzeléieren.

Esou goung säitens dem Hotel-Restaurant Ecluse an de Ministeren nach emol den Appell eraus säi Bong anzeléisen. Et stécht méi dohannert, wéi just 50 €!

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Lex Delles, Tourismusminister © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten #VakanzDoheem, 100thingstodo, 50 € Bong, Camping, Hotel-Restaurant Ecluse, Hotellerie, Iwwernuechtungsbong, Lex Delles, Luxembourg for Tourism, MoveWeCarry, Recherch, Sondage, Stadbriedemes, Summer 2020, Tëschebilan, Tourismus, Touristesch Saison, Vëlosummer, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel