Search

You may also like

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount
Kultur Neiegkeeten

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount

Nodeems e Mëttwoch de Premierminister statt enger „Erklärung zur Lag

dislike
Neien Erpressungsvirus mécht d’Ronn
Kultur Neiegkeeten

Neien Erpressungsvirus mécht d’Ronn

Déi nei Well u Cyber-Ugrëff vum Dënschdeg notzt ee „Lach“

Editorial: Nach ënner Kontroll
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Nach ënner Kontroll

Eis Spideeler sinn, esou d‘Ausso vum Direkter vun der Gesondheetsdirektioun,

#VakanzDoheem – D’Vilfalt vu Veianen

O, wat ware mir motivéiert onst d’Schlass zu Veianen kucken ze goen. Da gëtt natierlech vum eenzege Sessellift zu Lëtzebuerg profitéiert. Ganz douce fiert en op eng Héicht vu 440 Meter erop. Ma, duerch meng Héichtenangscht war et mir net méiglech vum Panoramabléck ze profitéieren. Mäi Mann seet awer, datt en derwäert ass. Et ass eng schéin Naturlandschaft, esou wäit de Bléck reecht.

No engem laangen, stengege Wee, si mir dunn beim Schlass ukomm, heiansdo ass een iwwer Reschter vun ale Mauere getrëppelt. E gutt Gläichgewiicht ass vu Virdeel. Eragaangen si mir leider net, de Schweess ass eis d’Stier erofgelaf an d’Waardeschlaang war nawell grouss.

Fir et kuerz ze faassen – mir hunn opginn. Ewéi et dobannen ausgesäit, musse mir eng aner Kéier kucken. Dir kënnt Iech och Äert eegent Bild maachen! Dat war awer net schlëmm, Veianen ass eng kleng molerescht a charmant Stad mat aussergewéinlecher Geschicht an Architektur. Um Wee fir op de Parking si mir laanscht allerlee Kuckeswäertes komm – dorënner war, ënnert anerem Trinitarierkierch. Si gouf 1298 gebaut an zielt zu de bedeitende Monumenter vum Land.

Vill Terrasse lueden op eng kleng oder grouss Erfrëschung an, se waren eis awer ze voll – allerdéngs huelen ech dat als gutt Zeeche fir d’Lëtzebuerger Gastronomie.

A wann Dir Frënn vun där aler Literatur sidd, besicht onbedéngt den Victor Hugo Musée, de bedeitenden Auteur huet a sengem Exil do gelieft. Ech, grousse Fan vu Les Miserabeles a vum Glöckner vun Notre-Dame muss dat déi nächste Kéier nohuelen. Onbedéngt! An e Bléck op Dokumenter an Zeechnunge vu sengem Openthalt hei am Land kucken. Do sinn ech sécherlech voll a mengem Element.

Et ass schonn erstaunlech ewéi dës Spadséiergäng den Interessi vum eegene Land wakereg këddelen. Ech si schonn s op eis nächst Entdeckunge gespaant.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Jessica Mersch / moien.lu

Related topics #VakanzDoheem, Gastronomie, Literatur, Panorama, Sessellift, Sightseeing, Trinitarierkierch, Veianen, Veianer Schlass, Victor Hugo Musée
Next post Previous post