Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kass-Haff gewënnt mat sengem alternativen a konstruktive Konzept de Präis „Hëllef fir d‘Natur 2017“
Neiegkeeten

De Kass-Haff gewënnt mat sengem alternativen a konstruktive Konzept de Präis „Hëllef fir d‘Natur 2017“

De Mëttwochowend war am Naturmusée am Gronn e festlechen. Dat

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart
Neiegkeeten

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart

Wa Staats- a Regierungscheffe vun esou groussen Natiounen, wéi d‘USA

Russland reagéiert op US-Sanktiounen
Neiegkeeten

Russland reagéiert op US-Sanktiounen

Et war ze erwaarden: no den neie Sanktioune géint Russland

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Um 17:30 Auer huet den Tourismusminister Lex Delles, zesumme mam CEO vun der Luxexpo The Box, de Morgan Gromy offiziell déi 28. Editioun vun der Vakanzefoire opgemaach. An dësem Kader ass och den neie Stand vu „Visit Luxembourg“ presentéiert ginn.

Ugefaangen huet de Morgan Gromy mat senge Gléckwënsch zum Posten vum neien Ministere fir Tourismus an fir d’Mëttelklass. Hien hofft op eng gutt Zesummenaarbecht mam Lex Delles an de kommende Joren. Ee grousse Merci ass dunn och un d’Exposanten erausgaangen, déi dëst Joer ongeféier zu 2000 present sinn. De Succès vun der Vakanzefoire geet, trotz dem digitalen Zäitalter, wou ee seng Rees och online buche kéint, konsequent erop, wat den CEO begréisst.

Natierlech ass hei d’Gestaltung ee wichtegt Mëttel fir de Publique unzezéien. Esou ass et wichteg, ëmmer nei Iddien a Konzepter ze entwéckelen, fir de Visiteuren een flott Erliefnis ze bidden. Mat ronn 20.000 Leit, déi d’Expo vum 18. bis den 20. Januar besichen, ass de Face-à-Face mam Client besonnesch wichteg, wat trotz der Méiglechkeet eng Rees iwwert Internet ze buchen, nach ëmmer ee beléiften Mëttel ass.

All Joer gëtt een neit spannend Thema entwéckelt. Dëst Joer steet d’Vakanzefoire ënnert dem Motto „Fitcation“, also eng Mëschung aus sportlechen Aktivitéiten, Entspanung a Kultur. Dobäi trëfft een an den Hale vun der Luxexpo awer net nëmmen op Stänn vun Hoteller, mee och op Exposanten, déi net direkt Vakanzen ubidden, wéi beispillsweis den ACL, d’CMCM oder de Sportsbuttek Asport.

Den Morgan Gromy ënnersträicht, datt et wichteg ass, fir esou een Evenement gutt Infrastrukturen ze bidden. D’Renovatiounen vun den Halen sinn säit engem Joer ofgeschloss an esou kënnen si elo 23 % méi Eventer zielen. Schlussendlech huet den CEO dunn d’Wuert un den neien Minister fir Tourismus an d’Mëttelklass, de Lex Delles weiderginn.

Och de Minister huet et gelueft, datt trotz dem digitalen Zäitalter nach ëmmer esou vill Visiteuren d’Foire all Joer besichen. An dësem Kader ass den neien Stand vu „Visit Luxembourg“ presentéiert ginn, den elo mat engem méi oppenen aluedende Look d’Leit unzéie soll. „Doheem ass et ëmmer nach am Schéinsten“, sou de Lex Delles. An esou weist hien, datt een net ëmmer wäit fuere muss, fir Erhuelung oder touristesch Attraktiounen ze fannen.

Och Lëtzebuerg huet vill ze bidden . 2017 war een touristesch Rekordjoer. Déi 3 Milliounen Iwwernuechtungen si geknackt ginn, an esou hofft een, datt och 2019 nees esou erfollegräich fir de Grand-Duché verlafe wäert. Et gëllt d’Stäerkten vun eisem Land auszebauen, déi mëttlerweil virun allem am Wander- a Cyclotourismus leien. Esou sollen beispillsweis d’Reseaue vun de Wanderweeër ëmstrukturéiert a verbessert ginn.

Am neie Joer soll eng enk Zesummenaarbecht mam Kultur- an Ëmweltminister geschaaft ginn, fir ënnert anerem den nohaltegen Tourismus an der ländlecher Regioun ze stäerken. Dem Lex Delles läit et um Häerzen, datt d’Qualitéit vum Personal garantéiert soll ginn. Schliisslech bleift ee feinen a kompetenten Ëmgang dem Tourist an Erënnerung. Dofir ass de Minister der Horesca dankbar, fir déi gutt Formatiounen an d’Ausbildunge vum Personal.

Säit kuerzem gëtt et een neie Klassifikationssystem am Beräich Tourismus, wou am Grand-Duché schonn 50 % vun den Hoteller agedroe sinn. Dëse System bezitt sech och op d’Campingen. Heibäi kann hie stolz matdeelen, datt de Ministère d’Käschten fir dës Klassifikatioun komplett iwwerhuele wäert. Dat Ganzt fënnt een ënnert www.classification.lu.

Och an Zukunft muss een awer nach vill schaffen an Efforten maachen. Heizou gehéiert beispillsweis, eis Patrimoinen virtuell erliefbar ze maachen an och am Beräich Virtual Reality ee Schrëtt no vir ze maachen.

Zu gudder Läscht huet den Tourismusminister allen Exposanten vill Erfolleg an eng gutt Saison gewënscht an den Organisateuren fir d’Expo gratuléiert. Natierlech ass dat Ganzt mat engem gudde Patt ofgeronnt ginn. D’Vakanzefoire ass déi ideal Plaz fir jiddwereen, deen op der Sich no enger Vakanz mat Sonn a Strand, Bierger an Natur oder och an der Groussstad ass – fir all Goût ass eppes dobäi!

Ähnlech Sujeten Lex Delles, LuxExpo, Morgan Gromy, Tourismus, Vakanzefoire, Visit Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel