Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar
Neiegkeeten

De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar

Um Mëttwoch ass d‘Kryptowärung Bitcoin iwwert de Wäert vun 11.000

dislike
Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun
Neiegkeeten

Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun

A sengem Blog geet de Carlo Thelen, Direkter vun der

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar
Neiegkeeten

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar

E.D.I. Madagascar – Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar –

Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!

Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Den 18., 19. an 20. Januar gëtt d’LuxExpo The Box nees zum Hotspot zum Thema Vakanz. Wärend dräi Deeg bréngt dës Expo ronn 200 Experten zesummen, déi op 17.000 m² dausenden Destinatiounen an Offeren unzebidden hunn, sou datt hei jiddwereen déi passend Vakanz fënnt.

Souwuel Reesbüroen, Familljenhoteler an Hotelschainen, wéi och Fluchgesellschaften an Organisateure vu Croisèren presentéieren déi aktuell Trends, klassesch Vakanzen an ausgefale Reesziler. Déi komplett Lescht un Aussteller fannt Dir HEI. Besonnesch am Mëttelpunkt steet dëst Joer awer d’Aktiv-Vakanz.

Fitcation: ee gesonde Geescht am gesonde Kierper

De Morgan Gromy, CEO vun der Luxexpo The Box erkläert, datt den neien Trend, den Fitcation genannt gëtt, Sport an Erhuelung verbënnt. Esou hunn d’Aussteller och speziell Offere mat exklusive Konzepter, wouduerch d’Visiteuren nei Aktivitéiten ausprobéieren a gläichzäiteg entspane kënnen.

De groussen Trend vum Joer 2019 ass d’Mëschung aus sportlecher Aktivitéit, kulturellen Aventuren a laangen Erhuelungsphasen, an dat alles an enger eenzeger Vakanz. Souwuel fir Famillen, wéi och fir Koppelen ass Fitcation déi ideal Méiglechkeet de Geescht an de Kierper nees positiv opzebauen. Fir all Budget a Goût léisst sech hei eppes fannen.

D’Expo als Erliefnis

Et muss ee soen, datt et bei der Vakanzefoire net just ëm d’Freed un der kommender Vakanz geet, mee och schonn op der Plaz selwer een Erliefnis soll sinn. Sou bidden déi dräi Halen ee räichhaltege Programm u Spill, Spaass a Gastronomie.

Eng Hal ass ganz am Thema „New Balance“ opgebaut a bezitt sech op aktiv Vakanzen, mat Aktivitéite wéi Kanu fueren, Stand-Up-Paddling oder Kloteren. Flott ass hei och de Kitesurf-Simulator: Surfe bei beschtem Wierder ass garantéiert! D’Hal mam Numm „Oasis“ steet fir kulturell Entdeckungen a luet op ee Spadséiergang iwwert de Maart, mat orientalesche Spezialitéiten an. Zu gudder Läscht muss een awer och un d’Entspanung denken. An der Hal „White Beach Club“ kann een schonn elo am Januar um Ligestull leien an d’Vue op d’Mier genéissen!

Afterwork Party

Um éischten Dag vun der Vakanzefoire ginn déi zukünfteg Reesend op eng flott Feier agelueden. Ab 17:30 Auer kann een ee gesellegen Owend mat super Stëmmung duerch de Saxophonist Fred Hermain an den DJ Toni &Schmisi genéissen. D’Bar ass vun 18:00 bis 19:00 Auer op a gëtt vu Fox Beer a Leopard Drinks mat leckere Klengegkeeten a Gedrénks ënnerstëtzt.

D’Aluedung zur Party kënnt Dir Iech HEI eroflueden.

Praktesch Informatiounen

U folgenden Deeg an zu de genannten Zäit ass d’Expo op

  • Freides, den 18. Januar vu 14:00 bis 21:00 Auer
  • Samschdes, den 19. Januar vun 10:00 bis 19:00 Auer
  • Sonndes, den 20. Januar vun 10:00 bis 19:00 Auer

Den Entrée kascht 5 €, Mannerjäreger komme gratis eran. Wou Dir parke kënnt gitt Dir um Site vun der Luxexpo The Box gewuer.

Mir wënsche vill Spaass!

Vakanz

De Plang vun der Foire

Ähnlech Sujeten Aktivitéit, Entspanung, Luxair, LuxExpo, Vakanzefoire
Nächsten Artikel Virrechten Artikel