Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal
Neiegkeeten Stories

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal

Op Ufro vun der CSV hu gëschter bei enger Videokonferenz

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess
Neiegkeeten Stories

Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess

Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“

Mat 35. Staffele war déi däitsch Fernsehshow „Wetten, dass…?“ eng

Vakanzeland Lëtzebuerg

8 vun 10 Touriste sinn zefridden a 9 vun 10 géifen eist Land recommandéieren

Vakanzeland Lëtzebuerg

Dat sech Lëtzebuerg net eleng op seng Haaptstad an d‘Finanzplaz reduzéiere léisst, dat wëssen net nëmme Wirtschaftsjournalisten. Och kulturell, landschaftlech a sportlech huet eist kléngt Land vill ze bidden. Nieft den „ale Steng“ ass et och den natierleche Patrimoine, deen d‘Touristen unzitt…

Vakanzeland

Vakanz maachen an sech gläichzäiteg fit halen? Mat de sëlleche Fitnessparcoursen déi et am Land gëtt, sollt d‘Offer esouwuel déi friemlännesch Touriste wéi och d‘Awunner zu sportlechen Aktivitéiten animéieren.

Virun eppes méi wéi zwee Méint, hat den Tourismusminister Lex Delles (DP) eng Enquête zu den Erfarungen déi d‘Touristen zu Lëtzebuerg maache virgestallt. Realiséiert gouf d‘Etüd vun der Plattform „Luxembourg for Tourism“ déi heibäi vun der Kristallkugelfirma TNS-Ilres ënnerstëtzt ginn ass. Befrot goufen eng 1.300 Leit déi entweder op just op Besuch oder sech aus geschäftleche Grënn zu Lëtzebuerg opgehalen hunn. Zäitraum vun der Enquête: Mee 2017 – November 2018.

Vakanzeland

Och déi gastronomesch Offer am Land léisst kaum Wënsch oppen. Fir all Goût an all Liewensastellung gëtt et Restauranten zu Lëtzebuerg.

Sënn an Zweck vun dëser Enquête war et erauszefannen, wat d‘Leit motivéiert, wat si sech vum Land erwaarden a wéi si mat der Offer zefridde sinn. Unhand der Analys vun den Äntwerten, sollt d‘Attraktivitéit weiderentwéckelt ginn, esou zumindest de Plang. A wéi et de Minister gesäit, kann ee soen datt mir um „gudde Wee“ sinn. Lëtzebuerg ass e Vakanzeland: 8 vun 10 Touristen hunn hiren Openthalt genoss an 9 vun 10 géife Lëtzebuerg an hirem Entourage recommandéieren.

D‘Zuele schwätze fir sech

Am Kontext vun der Enquête gëtt et eng Rei Zuelen, déi zimlech opschlossräich sinn an dat uewe genannt ënnersträichen. Fir déi meeschten Touristen, ass et flott datt eist Land esou „accessibel“ an et vill Natur gëtt. Fräizäitgestaltung: vum Trëppeltour bis zum Trail, vun de Musée bis hin zu de ville kulturellen Evenementer an eis Gastronomie, d‘Offer ass Villfälteg an Héichwäerteg. Trotz allem kann een notéieren, datt gutt 40% vun den Ausgaben, fir d‘Iwwernuechten opgewannt ginn.

Vakanzeland

Lëtzebuerg a seng Natur mam Vëlo entdecken? Näischt méi einfach wéi dat a ganz bequem ass et och nach. 92 Etablissementer hu mëttlerweil de Label „Bed & Bike“.

Ee Punkt dee sech lount ervirzehiewen, ass de Projet „Bed & Bike“, deen 2011 vum Ministère an Zesummenaarbecht mat der „Lëtzebuerger Vëlosinitiativ“ (LVI) initiéiert gouf. E Projet deen een duerchaus als „success story“ verkafe kann. Zanter senger Entstoung, sinn 92 Etablissementer mam Label vum Ministère ausgezeechent ginn. Dës Etablissementer maache besonnesch Efforte fir de Cyclotouristen eng op d‘Mooss geschneidert Offer ze bidden, vu Parking bis Reparaturatelier…

Vakanzeland

Grad an der Summervakanz feelt et net u kulturellen Evenementer. Vill dovunner si gratis an zudeem „open air“. An se fannen net all an der Haaptstad statt, och wa mat Rock um Knuedler oder dem Blues & Jazz Rallye e puer Akzenter gesat ginn.

Donieft kann sech Lëtzebuerg op e flotte Camping-Reseau beruffen an entgéint der allgemenger Meenung, et sinn net nëmmen Hollänner déi vun dëser Offer gebrauch maachen. Och hei gëtt sech säitens dem Tourismusministère méi staark investéiert. Viru gutt enger Woch huet de Minister dem Camping „Op Kengert“ (Miedernach) den éischten offizielle Wopen iwwerreecht, deen dëse Betrib „klasséiert“. Fir dëse Label huet sech de Ministère mat der Camprilux Asbl zesummegedoen.

Foto: Eis Campinger hu vill ze bidden, méi wéi ee vläicht esou am Hannerkapp huet. De Camping ass zudeem eng genial Alternativ fir all déi wou „Vakanz doheem maachen“.

Ähnlech Sujeten Bed + Bike, Campoing, Cyclotourismus, Lex Delles, Tourismus, Vakanzeland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel