Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Israel entleedegt sech sengen illegale Migranten
Neiegkeeten

Israel entleedegt sech sengen illegale Migranten

Um Mëttwoch huet Israel e Programm an d‘Liewe geruff, deen

love
Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier
Neiegkeeten

Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier

„Bzzz“: E Geräisch, wat een dëse Weekend zu Tréier am Messepark

crying
Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?
Neiegkeeten

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…

D’Vakanzenzäit kënnt mi no, an di meescht wësse scho ganz genau, wou et higeet. Mee nach laang net jidderee kann oder wëll an d’Vakanz goen, Nëmmen 62% vun der EU-Bevëlkerung huet 2016 am An- oder Ausland eng Vakanz gemaacht. Fir 48% vun deenen, déi dat Joer keng gemaach hunn, spillt finanziell Situatioun dobäi eng Roll. Dëst sinn d’Zuelen aus enger rezenter Eurostat-Etüd.

Aner Ursaache kommen dogéint bei wäitem net esou heefeg fir. 20% vun deenen, déi net an d’Vakanz fueren, soen, si hätte gesondheetlech Problemer. 16% nennen Verflichtung op der Aarbecht a beim Studium, 13% nennen d’Famill als Grond. 20% soen, si hätten einfach keng Loscht, fir an d’Vakanz ze goen.

An den ënnerschiddleche Länner kënnen d’Begrënnungen ganz ënnerschiddlech ausfalen

A wou sinn d’finanziell Enkpäss am heefegsten ze fannen? Virun allem a Griicheland (75%), Portugal (66%) a Kroatien (62%) mécht dës Ursaach e Groussdeel vun den net Reesender aus. E Mangel un Interesse ass a Schweden (60%), Slowakei (57%) a Portugal (53%) e Grond. D’Gesondheet spillt an der Tschechescher Republik (40%) an an Däitschland (39%) eng Roll. Verflichtungen sinn dogéint a Portugal (31%), Belsch, Däitschland an Éisträich (all Kéiers 25%) am heefegsten ze fannen.

Während an der EU also Duerchschnëttlech 37,9% net an d’Vakanz fueren, esou läit Lëtzebuerg do wäit drënner. Nëmmen 19,1% ginn hei net an d’Vakanz. Den heefegste Grond ass e Mangel u Motivatioun (24,3%) an awer och familiär Verflichtungen (20,0%). Nëmmen 15% gi finanziell Grënn un.

 

Ähnlech Sujeten EU, Lëtzebuerg, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    1

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0