Search

You may also like

surprise
Editorial: Maach den Handy aus!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Maach den Handy aus!

Dat den Educatiounsminister Claude Meisch haart driwwer nodenkt, d‘Benotze vum

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien
Kultur Neiegkeeten

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien

Et hätt ee kënne mengen, si wieren direkt aus engem

Méi sécher gëtt d‘Welt esou net
Kultur Neiegkeeten

Méi sécher gëtt d‘Welt esou net

D‘Ofkommes „Open-Skies“ ass eigentlech en Accord tëscht der NATO an

VAN DER GRAAF GENERATOR um 20. September 2020 am Trifolion

50 years of being different!

VAN DER GRAAF GENERATOR um 20. September 2020 am Trifolion

Duerch d’Coronakris ass de Concert Van der Graaf Generator vum 18. Mee 2020 um Beeforter Schlass op den 20. September 2020 am Trifolion zu Iechternach verluecht ginn. Ze gesinn an ze héiere kritt Dir de Peter Hammill, Hugh Banton a Guy Evans, déi dräi iwwerliewend Bandmemberen vun der Originalband, déi 1968 gegrënnt ginn ass.

Benannt no engem Apparat, dee staark elektresch Luedungen erzeugt, war Van der Graaf Generator (VdGG) schonn ëmmer eng wëll donkel Band. Berühmt goufen d’Museker duerch hir komplex Songs a scho bal existenzialistesch verstéierend Kompositiounen, déi tëscht 1969 an 1976 op sechs Alben verëffentlecht gi sinn.

Bei de Shows vun 2020 dierfe sech d’Fans op ënnerschiddlech Sets a Wierker aus der Bandgeschicht, wéi och nei Stécker freeën. Dobäi geet et net dorëm den exakte Sound a Stil vun den Originalen ze reproduzéieren, mee vill méi de Geescht vun dëse Wierker an eppes Neiem, Zäitgenësseschen operstoen ze loossen.

Wéi, wat a wou?

D’Band Van de Graaf Generator trëtt den 20. September 2020 am Trifolion zu Iechternach op. Ticketen ginn et ab elo ënnert www.luxembourg-ticket.lu, www.ticket-regional.lu, ënnert der Tickethotline 47 08 951 an bei alle bekannte Virverkafsplazen.

Opmaacherbild: © Tamra Gray

Related topics Concert, Iechternach, Kultopolis, Peter Hammill, Trifolion, Van der Graaf Generator
Next post Previous post