Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mexiko: E Renne géint d’Zäit
Neiegkeeten Stories

matchmaking fortnite keys

Am Renne géint d‘Auer hunn d‘Secouristen hir ganz Kraaft mobiliséiert.

muslim casual dating
Neiegkeeten Stories

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op

Vergaangene Mëttwoch hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Direkter vun

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!

Um 29. Juli huet d’Réidener Schwämm matgedeelt, datt zwee jonk Kärelen Vandalismus bedriwwen hunn. Dobäi sinn ënnert anerem Dëscher futti gemaach a Ligen op déi zougedeckt Bassengen gestallt ginn. Bei der Police huet een elo eng Plainte gemaach.

D’Bedreiwer vun der Schwämm haten den zwee Bouwen d’Chance ginn, sech selwer ze stellen, soss géif déi ganz Aktioun offiziell bei der Police gemellt ginn. Fir hirer Energie lass ze ginn haten déi Jugendlech masseg Culot, fir d’Schold allerdéngs zouzeginn, hu si wuel de Schwanz bäigezunn. Wéi den Jean-Claude Kemmer, Direkter vum Syndicat Intercommunal Réidener Schwämm eis elo uginn huet ass d’Plainte deposéiert an d’Enquête am gaangen.

Vandalismus
Vandalismus

An der Nuecht vu Sonndes op Méindes ass an d’Schwämm agebrach ginn. Dobäi sinn ënnert anerem Präbbelien an Dëscher zerstéiert, sou wéi och Equipement op déi zougedeckten Poolen am Bausseberäich geréckelt ginn. Super Leeschtung – muss een dofir studéiert hunn?

Vandalismus

Eréischt viru kuerzem huet d’Réidener Schwämm mat Stolz déi zwou nei Rutsche presentéiert. An enger éischter Phas hat een virun 2 Joer de Saunaberäich renovéiert. Uschléissend huet een 2018 de Bistro komplett erneiert. Och an Zukunft gëtt fir de „Relooking“ vum Réidener Unzéiungspunkt gesuergt.

Ähnlech Sujeten Jean-Claude Kemmer, Plainte, Police, Réidener Schwämm, Vandalismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel