Search

You may also like

Esch2022: Et geet och ëm den Tourismus
Neiegkeeten

Esch2022: Et geet och ëm den Tourismus

Nieft der Konscht geet et am Kontext vun Esch2022 –

An den USA gëtt sech iwwert Covid19-Hëllef gestridden
Neiegkeeten

An den USA gëtt sech iwwert Covid19-Hëllef gestridden

Well sech den US-President Donald Trump och weiderhi weigert dee

dislike
Däitschland scheitert u sech selwer
Neiegkeeten

Däitschland scheitert u sech selwer

Däitschland huet, esou wéi ech mer et erwaart hunn, eng

Transition Days: Konferenz mat der Dr. Vandana Shiva

Transition Days: Konferenz mat der Dr. Vandana Shiva

Am Januar behandelen d’Lëtzebuerger Transition Days d’Thema Schlofzëmmer. Domat verbonne sinn Educatioun, Kandheet, Erhuelung, mee och déi bannenzeg Transitioun. Nieft dem sougenannte Resilience Bootcamp wäert déi indesch Aktivistin Vandana Shiva eng Konferenz dozou halen, wéi een sech ambitionéiert fir de Planéit an d’Zukunft asetze kann, ouni dobäi sech selwer ze vergiessen.

D’Vandana Shiva ass eng indesch Wëssenschaftlerin, am Aktivismus staark vertrueden an trëtt esou fir den Ëmweltschutz, déi biologesch Diversitéit, Fraerechter an Nohaltegkeet an, woufir si och schonn ausgezeechent ginn ass.

Als Ikon vun der Anti-Globaliséierungbeweegung stellt dës Fra ënner Beweis, datt een ouni Gewalt fir seng Ziler antriede a kämpfe kann. Am Kader vun enger digitaler Konferenz um Samschdeg Mëtteg wäert d’Vandana Shiva méi genee d’Relatioun tëscht Aktivismus an dem eegene Wuelbefannen erklären.

D’Konferenz, déi an englescher Sprooch organiséiert gëtt (Iwwersetzung méiglech), fënnt e Samschdeg, den 16. Januar 2021 um 14:30 Auer statt. D’Umeldung am viraus ass obligatoresch.

Related topics Aktivismus, Dr Vandana Shiva, Konferenz, Nohaltegkeet, Resilienz, Transition Days, Umeldung, Zukunft
Next post Previous post