Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 1. Mee start d‘Saison am Industrie- an Eisebunnspark zu Fond-de-Gras
https://moien.lu/is-he-losing-interest-in-me-dating/ Neiegkeeten

fort pierce dating

Keng Loscht op gewerkschaftlech Rieden oder d‘bastele vun engem Meekranz?

https://moien.lu/casual-dating-hamburg/
https://moien.lu/is-he-losing-interest-in-me-dating/ Neiegkeeten

De „biologeschen“ aus dem héijen Norden: Simon bio

Mam Simon Bio huet een en net gefilterte Pils am

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad
https://moien.lu/is-he-losing-interest-in-me-dating/ Neiegkeeten

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad

Zu Bamako huet um Méindeg d’Cheffin vun der europäescher Diplomatie,

Vanitas – live fast, never digest

Vanitas – live fast, never digest

D’Kulturfabrik luet an op een meditatiivt Theaterstéck, ganz am Zeeche vun der Vergänglechkeet. Et ass een absurden Discours mam Dout, den probéiert géint d’Zäit an d’Kollateraleffekter vum Liewen un ze kämpfen.

D’Kreatioun vum Sandy Flinto a Pierrick Grobéty erzielt d’Geschicht vun engem Mann, den sech bemol senger Stierflechkeet bewosst gëtt. An enger Gesellschaft, gepräägt vum Konsum an der Schnellegkeet vum technesche a wëssenschaftleche Progrès, déi eis ee bestëmmten Tempo virgëtt, stellt sech d’Fro vum Sënn vum Liewen.

Duerch ee liewegt Bild ënnersicht d’Stéck de vergängleche Charakter vum Liewen. Dobäi ass et ee pluridisziplinärt Konschtwierk, wou eng Dänzerin, ee Schauspiller, een Tätowéierer, ee Leefer, eng lyresch Sängerin, eng Violonistin an eng medioker-musikalesch Maschinn hiren Deel zur spezieller Atmosphär bäidroen.

Als Inspiratioun huet, wéi kéint et och anescht sinn, eng Toile am Vanitas-Stil gedéngt. Dës Nature Morte verdäitlecht engem d’Zerbriechlechkeet vum Liewen, de Laf vun der Zäit, den Dout an déi mënschlech Aktivitéiten. Majo d’Theaterstéck an der Kufa gëtt zur Allegorie a Symbol vun der Molerei, déi esou a Sprooch a Bühnebild ëm gewandelt gëtt. Schonn eleng duerch dëse verréckte Kontext sollt ee sech d’Stéck onbedéngt ukucken!

A wéini kann ee sech dat ukucken?

Majo Samschdes, den 9. Mäerz 2019 a Mëttwochs, den 13. Mäerz 2019 an der Kulturfabrik zu Esch/Uelzecht. Um Freideg, de 5. Abrëll 2019 gëtt et um 10:00 Auer fir Schoulklassen zu Neimënster opgefouert, Samschdes, de 6. Abrëll 2019 um 19:00 Auer dierf jiddweree kommen.

Ähnlech Sujeten Esch/Uelzecht, Kulturfabrik, Live fast, never digest, Theater, Vanitas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel