Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat fir Sprooche kann ee viru Geriicht benotzen?
International Neiegkeeten

Wat fir Sprooche kann ee viru Geriicht benotzen?

D’Sproochesituatioun ass e räichlech emotionellen Thema zu Lëtzebuerg. Dat stëmmt

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
International Neiegkeeten

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa

D‘Zäit vergeet, an et ass och schonn den 3. Parteidag

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin
International Neiegkeeten

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin

Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net

Vatikan: D‘Kierchemänner verstinn d‘Gender-Theorie net

Si ginn der Welt stéiss déi dës net brauch an oft weess een net ob een iwwert esouvill Dommheet laachen oder kräische soll. Wéi sech den argentinesche Poopst zu Geschlechterfroen äussert, dat dierft bekannt sinn. Bosseg elo, datt d‘Kierchemänner am Vatikan elo nach eng Schëpp noleeën.

Wann een eng „Muecht“ ass an d‘Mëttel huet déi Muecht a vollem Ëmfang auszespillen, well een net un ierdesch, also gesellschaftlech a kontraktuell Gesetzer gebonnen ass, da ginn Entscheedunge getraff, mat deenen ee ganz bewosst e groussen Deel vu Mënsche géint de Kapp stéisst. De Volet „sexuelle Mëssbrauch“ ass nach net ofgeschloss, do kënnt schonn den nächste vatikaneschen Eclat.

D‘Männer mat hire laange Räck a kuerzem Verhalt sollten eigentlech drop aus sinn, sech nees mat der Weltgemeinschaft ze versöhnen, mee wa keng Bier an der Fassung stécht bréngt een keng Luucht un d‘liichten. An esou hunn sech de kierchleche Management elo ganz offiziell géint déi sougenannten „Gender-Theorie“ ausgeschwat, laut där de Mënsch säi Geschlecht fräi wielen dierf.

Hiert Argument: „Fléissend Grenzen tëscht de Geschlechter wieren e Symptom vun engem konfuse Fräiheetskonzept a kuerzlieweger Passioun, déi fir eng postmodern Kultur typesch wier“. Esou gëtt et an engem Dokument vun der Kongregatioun fir dat kathoulescht Bildungswiesen „erkläert“. An dat ass keng Empfeelung fir kathoulesch Geeschtlecher, Enseignanten, Elteren an d‘Schüler…

De schwieregen Ëmgang mat der gëttlecher Hardware

Elo ass et jo awer och esou, datt et de Klerus dee sech drop behaapt datt alles op der Welt vu „Gott“ geschafe gouf. Dëse gudde Mann – deen och eng Fra kéint sinn – hätt also, no dëser Liesaart, dat ganzt ze veräntwerten, zumindest wann ee gleewe wëll datt hien d‘Pläng fir d‘Hardware „Mënsch“ soll entwéckelt hunn. Mee et geet ëm eppes ganz anescht: „Et kann nëmmen eng Doktrinn ginn!“.

An esou gëtt sech drop behaapt, datt „d‘Gender-Theorie eng Ideologie ass, déi den Ënnerscheed an der Natur vun engem Mann an enger Fra net unerkennt, eng Gesellschaft ouni geschlechtlech Differenze virgesäit an esou déi anthroposophesch Grondlag vun der Famill ausschléisst“. Wien dëse Saz verstanen huet, weess elo och firwat d‘Kierch esou villen Nazien zur Flucht verhollef hat.

Dofir gëtt am Pamphlet mam Titel: „Als Mann a Fra huet hien se geschafen“ d‘Fundament fir eng kierchlech organiséiert a akzeptéiert Homophobie geluecht. Hei gëtt sech zimlech däitlech géint eng – esou wéi dat d‘Kongregatioun gesäit – Tendenz gewiedert déi d‘Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra „ausläsche“ wëll, andeems dat ganzt als „historesch-kulturell Konditionéierung“ verkläert gëtt.

Si sollte Gott an der Mënschheet déngen…

Wann d‘Kierchemänner an hire vu Gott bestëmmte CEO Francis sech ëmmer nees géint d‘Gender-Theorie ausschwätzen, dat mam Argument datt et sech net mat der „traditioneller“ Virstellung vun deem deckt wat „si“ als Mann a Fra festgeluecht hunn, weess een: „et gëtt net besser“. De Klerus ass nu emol dovunner iwwerzeegt, datt net d‘Mënschen, mee si iwwert d‘Gesellschaft herrschen.

Datt do de Verband „New Ways Ministry“, dee sech fir d‘Rechter vun der LGBT-Communautéit an der kathoulescher Kierch asetzt, op d‘Barrikade geet ass verständlech. Si hunn dee „Wësch“ deen de Vatikan do virgeluecht huet, als „schiedlecht Instrument“ nach ganz politesch korrekt behandelt. Dobäi gëtt hei, d‘Diskriminéierung vun Homosexuellen an Transgender kloer institutionaliséiert.

Et ass egal wéi een et ugeet, esoulaang déi kathoulesch Kierch (déi aner sinn net besser N.v.d.R.) iwwert allen nationale Gesetzer steet an dovunner iwwerzeegt ass, datt et d‘Genitalie sinn déi d‘Geschlecht vun engem Mënsch bestëmmen, dréit si mat hiren aussoen derzou bäi, datt Idioten dat als Opfuerderung zum handele gesinn. E rezent Beispill zu London weist eis wouhinner et féiert.

mat indymedia/rom/lon/ams

Ähnlech Sujeten Gender-Theorie, Kongregatioun fir dat kathoulescht Bildungswiesen, Poopst Francis, Sexualitéit, Vatikan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel