Search

You may also like

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren
International Neiegkeeten

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren

Am Kontext vum politesche Wëlle fir eng Reform vum Wahlgesetz,

Déi eppes “aner” Vakanzekolonie
International Neiegkeeten

Déi eppes “aner” Vakanzekolonie

Fir d’Autonomie vu jonke Mënschen ze fërderen a fir Ausdrockraim

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner
International Neiegkeeten

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner

Zu Puket an Thailand gouf d’Stad Lëtzebuerg mat sengen ale

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?

De Poopst huet „e Plang“ zum Thema Mëssbrauch virgeluecht, hei en Iwwerbléck

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?

21 Punkte fir véier „Themeberäicher“ sollen am Kontext vun der Mëssbrauchskonferenz, déi am Vatikan ofgehale gëtt, diskutéiert ginn. Den ieweschte Kierchemann huet och de „Laien“ en Roll zougesprach. Wat dovunner wéi ëmgesat ka ginn, läit an den Hänn vun de Bëscheef an de Kardinäl.

Preventioun an Erkennung vum Mëssbrauch

De Poopst Francis fuerdert: 1) E Verhalenskodex fir d‘Kierchemänner, d‘Mataarbechter an déi Fräiwëlleg. An dësem Kodex soll festgeluecht ginn, wéi wäit perséinlech Bezéiunge goen dierfen. 2) Kandidate fir d‘Amt vum Paschtouer solle vun Experten, enger psychologescher Beuerteelung ënnerzu ginn. 3) Et solle Programmer ausgeschafft ginn, déi Seminaristen a Kandidate fir den Uerde forméieren, fir déi „tëschemënschlech, spirituell a psychosexuell Maturitéit ze festegen.

4) Et solle Muster erschafft ginn, wéi Zeeche vu Mëssbrauch ze erkenne sinn, an en Handbuch soll Uleedung bidden, wéi eng Schrëtt ze ënnerhuele sinn, wann e Verdacht opkënnt. 5) Et soll d‘Bewosstsinn fir d‘Grënn an d‘Folge vu sexuellem Mëssbrauch geschäerft ginn. 6) E Bestietnes soll Mannerjäregen eréischt ab dem Alter vu 16 Joer erlaabt ginn.

Ëmgang an Denonciatioun vum Mëssbrauch

7) Et soll zukünfteg festgeluecht ginn, wéi mat de Virwërf géint Bëscheef ëmzegoen ass. 8) Eng verdächteg Persoun dierf eréischt „identifizéiert“ ginn, wa se endgülteg veruerteelt ass. 9) Et solle vun der Kierch onofhängeg Plaze geschafe ginn, déi mat Kierchemänner a Persounen aus der Zivilgesellschaft ze besetze sinn, a wou Mëssbrauch ka gemellt ginn.

Vatikan

10) Déi staatlech Autoritéiten an déi iwwerguerdent kierchlech Servicer, sollen no kanouneschem a biergerlechem Recht informéiert ginn. 11) Et solle verstäerkt Laien an Net-Kleriker bei den Ermëttlunge mat Bezuch op e sexuelle Mëssbrauch an/oder Muechtmëssbrauch agebonne ginn. 12) Et soll zur Zesummenaarbecht, ënnert anerem mat de Medie kommen, fir tatsächlech Fäll vu falsche Beschëllegungen a Verleumdungen ze ënnerscheeden.

Den Ëmgang mat den Täter a Begleedung vun den Affer

13) Et soll séchergestallt ginn, datt Paschtéier a Bëscheef, déi sech dem sexuelle Mëssbrauch schëlleg gemaach hunn, hiren Déngscht opginn. 14) Et soll fir eng séilesuergeresch Begleedung vun de Gemengen/Communautéite kommen, där hire Kierchemann stroffälleg ginn ass. Fir d‘Täter soll e Wee zur Bouss an Erhuelung ausgeschafft ginn. 15) D‘Rechter vun de Beschëllegte musse respektéiert ginn. 16) D‘Affer musse begleet ginn, an entspriechend gehollef kréien.

Vatikan

Esouwäit déi wichtegst vun den 21 Punkten am Poopst sengem Plang, déi kathoulesch Kierch nees op de Wee vun der Tugend a Nächsteléif ze féieren. Alles an allem, ass dem Argentinier säi Plang zimlech konservativ, an dat biergerlecht Recht gëtt beschtefalls nieft dem kanounesche Recht gedult. Zudeem sollen Affer och weiderhin net entschiedegt, mee just begleet ginn. De grousse Worf ass dem Poopst Francis säi Plang net.

D‘Zouversiicht ënnert der Tunique verstoppt

Een deen de Poopst bei sengem Versuch, der Kierch nees zu engem mënschlechem Gesiicht ze verhëllefen de Réck stäipt, ass den däitsche Kardinol Marx. „De Sommet deen elo aberuff ginn ass, soll jo déi gesamt kathoulesch Kierch zesummeféieren, an dat wäert net ouni Resultat bleiwen. Dat spieren ech elo schonn“. Op hien um 21-Punkte-Plang bedeelegt war, ass net matgedeelt ginn.

Vatikan

Et gëtt Saachen a Gesten, déi sech op vill Aarten interpretéiere loossen © Rocco Giggolosso

D‘Virschléi selwer awer, déi gi beim däitsche Klerus begréisst – zumindest offiziell – während säitens den Afferverbänn, d‘Reaktioun éischter zréckhalend ass. Zefridden ass een allerdéngs mat der Tatsaach, datt de Vatikan an der Persoun vum Kardinol Luis Antonio Tagle, d‘Schold agestanen huet, déi d‘Kierch op sech gelueden huet. Op et elo fir d‘Täter keng Stroffräiheet méi gëtt?

mat indymedia/rom/lon

Foto: © KNA

Related topics Kardinol Marx, Mëssbrauchskonferenz, Pedophilie, Poopst Francis, Vatikan
Next post Previous post